Alex BODRY (LSAP)

Alex BODRY
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
* Bourgmestre, Ville de Dudelange depuis le 13/08/2004 * Premier Echevin , Ville de Dudelange du 01/01/2000 au 02/08/2004 * Conseiller communal, Ville de Dudelange du 01/01/1982 au 10/08/1989 * Avocat à la Cour
Ausgeübte Professioun
* Vice-Président du groupe politique socialiste depuis le 12/08/1999 * Président du Parti ouvrier socialiste luxembourgeois depuis le 25/10/2004
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Mat der CSV déi onennerbrach zenter 1979 de Regierungschef stellt an mam Premier Juncker,lo 30 Joer an der Regierung ass kéng kritesch Analyse an eng Bereetschaft de Fonctionnement vum Staat ze moderniséieren ze erwaarden. (...) D´LSAP huet mam Etienne Schneider en neien Spetzemann,deen déi Loscht op muer,déi d´Politik soll vermettelen och kann glaafwirdeg duerstellen.En neien Elan also och un der Spetzt vun der Regierung,e Premier,deen sech mol em d´Politik hei am Land bekemmert. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Alex BODRY
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:
Paul Jacoby

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Nationales
29.07.2013
Vum:
Léa Schmitt

Här Bodry,
eng Fro brennt mir zanter Wochen op der Zong: Wi erklärt Dir Iech de Wahlslogan vun der LSAP "Neiufank", wu d´LSAP dach zanter 2 Legislaturperioden un der Regierung bedeelegt as? Waat genee wëllt dir dann elo nei ufänken? Wëllt dir bemol eng komplett aaner Politik maachen wi an deene läschten 10 Joër?
Iwwert eng opklärend Äntwer wier ech Iech immens dankbar!
Lea Schmitt
Äntwert vum Alex BODRY
bis elo kengRecommandatiounen
29.08.2013
Alex BODRY
Bonjour,
Hei méng Aentwert:
d´LSAP steet zu dénen Decisiounen,déi a zesummen mam Koalitiounspartner,heiansdo als Kompromiss ,geholl si gin.Hei ass net alles schlecht. e Neiufank brauch des Land secher wat d´Fro ugeet vun der politescher Ethik an der Bereetschaft politesch Verantwortung ze iwerhuelen. Mat der CSV déi onennerbrach zenter 1979 de Regierungschef stellt an mam Premier Juncker,lo 30 Joer an der Regierung ass kéng kritesch Analyse an eng Bereetschaft de Fonctionnement vum Staat ze moderniséieren ze erwaarden. Wat net gudd leeft get ennert den Teppech gekiert.Business as usual ass um Programm.
Um Gesellschaftsplang mussen Reformen kommen,d´Bierger sollen selwer direkt méi partizipéieren.Maer hun erkannt dass dat mat enger dominanter CSV net ze maachen ass.
D´LSAP huet mam Etienne Schneider en neien Spetzemann,deen déi Loscht op muer,déi d´Politik soll vermettelen och kann glaafwirdeg duerstellen.En neien Elan also och un der Spetzt vun der Regierung,e Premier,deen sech mol em d´Politik hei am Land bekemmert.
Dat waer och mol eppes Neits.
Schéin Gréiss,
Alex Bodry
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
19.09.2013
Vum:
Jean-Paul Faber

Här Bodry,

Mir as haut Aeren dépliant fiir d´Naiwahlen 2013 an d´Haus geflun an liesen direkt op der Titelsait: Zitat Etienne Schneider "...und alle Bürgerinen und Bürger in den Entscheidungsprozess einbinden. Alle sollen mithelfen, ihre Fähigkeiten einbringen und Luxemburg mitgestalten"

Daat héiert sech den eischten Moment ganz interessant un an as secher een richtegen Usaatz. Allerdings vermëssen ech méi prezies Ausféierungen wéi d´LSAP sech daat genau viirstellt.
Diir hud deen Sujet och an Aerer leschten Äntwert héi erwähnt, ouni awer méi déif drop anzegoen.

Ech sin mer secher dass vill Lait dobaussen hiiren Deel zu wichtegen Decisiounen wëllen baidroen, speziell wann mer iwert Ausgaben vum Land schwätzen. Leider as daat bis elo niet oder nëmmen bedingt iwwert den Wee vun engem Referdum oder änlechem meiglech.
Een secher emmer nach aktueld Thema as den Bus-Tram-Bunn Projet deen enorm vill Geld kascht an wou sech d´Lait awer vill Froen stellen inwiefern deen Projet Sënn mecht bzw. an der aktueller Situatioun finanzell drobar as.

Ech bieden Ierch héimadder deen Usaatz bessi auszeféieren.

Merci fiir Ären Asaatz an participatioun un dëser Initiativ.

Mat frëndlechen Gréiss,

Jean-Paul Faber

PS: Hätt des Fro gaeren un den Här Schneider geriicht - vue que das hien deen Interview an Aerem Dépliant oofgin huet; leider as den Här Schneider op dësem Wee niet uspriechbar waat ech éierlech gesoot schued fannen, as ët dach bis haut zumindest eng vun denen eenzegen Initiativen déi den Kontakt Bierger/Politik probeiert obzebauen. Menger Usiicht no passend zum Sujet vun menger Fro.
Äntwert vum Alex BODRY
bis elo kengRecommandatiounen
21.09.2013
Alex BODRY
Bonjour Haer Faber,
Nun maer trieden dofir an dass bei groussen Projets an Planungen ob national oder lokal am Virfeld eng Informatioun an Diskussioun mat de Bierger statt fend ier definitiv Decisiounen faalen. Dono spillen dann déi legal Prozeduren.
Maer sin fir dAfeieren vun enger Volleksinitiativ iwer déi Gesetesinitiativen mussen virun dChamber kommen.
Referenden à gogo wéi an der Schwâiz gesin ech hei net.
Par conter schloe mer vir e nationalen Referendum iwert eng Partie essentiel Froen vun der Staatsreform ze organiséiren(Pouvoirs vum Staatschef, Relat. Kierchen a Staat, Begrenzen vun den Mimisteschmandater asw. ) Dono sollen dann erréicht déi definitiv Verfassungstexter gemaat gin. Et ass den islaenneschen Modell.
Merci fir aer Fro.
Alex Bodry
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Alex BODRY
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.