Léiwen Här

,
Entschëllegt w.e.g. déi e bësse spéit Äentwert!
Diskussioun iwwer eise Wuesstemsstandard woar effektiv lanséiert ginn, wéi vun engem 700 000 Awunerstaat riets gong.
Do hätten am Fong schon d´Warnliichter missen ugoen.
Et ass richteg, datt, wa mer deen Liewensstandard, deen mer eis opgrond vu wirtschaftlechen Nichen an steierlechen Virdeeler un déi Betriber déi sech hei néiergelooss hunn, erschafft hun, brauche mer weidere Wuesstem, deen awer iergendwann eng Kéier seng natierlech Grenze wert erreechen.
Déi éischt Warnung, datt een net ëmmer méi séier ëmmer méi soll ustriewen, hu mer mat der aktueller Kris kritt.
Elo heescht et Léieren dorauser ze zéien.
Op elo en anert Geldsystem oder en Grondakommes d´Léisung ass, misst een ergrënnen. Et giww op jiddefall eng komplett Ëmstellung an eiser aktueller Denk- an Handlungsweis bedeiten, waat awer schwéier ze réaliséiere wert sinn, well de Partikularegoïsmus ass nach ëmmer déi dreiwend Kraaft an eiser konsumorientéierter Gesellschaft. Mä, et wier en Versuch wert an et wir och der Wert daat Thema zumindest unzegoen, fir emool d´Reaktioun vun deenen Parteien ze ergrënnen, déi den aktuelle System unbedingt wëlle verdeedegen. Fir der wësst, liewen mer enger absolut konsensorientéierter Politikgesellschaft, wann een eppes gären absolut duerch hätt, brauch een déi néideg Partner déi deen Wee matginn. Et misst een also fir d´éischt emoll de Pols fillen, an d´Bierger motivéieren op de Wee matzegoen. Wann een daat ganz eng Kéier zesummen kënnt konkret diskutéieren, wir ech sëcherlech nët ofgeneigt esou eng Erausfuerderung mat unzegoen!
An der Hoffnung, datt ech Iech mat menger Äentwert konnt hëllefen
gréisst Iech
Aly Jaerling