André HOFFMANN (Déi Lénk)

Donnéeën zur Persoun
Joergang
1941
Berufflech Qualifikatioun
Professeur
Ausgeübte Professioun
Deputéierten an der Chamber
Uertschaft
Esch-sur-Alzette
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Finanzen
19.05.2010
Vum:

Léiwen Här Hoffmann,

Mir, d´Steierzueler, léinen jo elo den Griechen Geld datt si hiir Scholden kënne zereckbezuelen.

Ech fannen mir als Vollek an Steierzueler hun d´Recht ze wëssen un wien onst Geld am Endeffekt iwerwissen gët.

Weiderhin froen ech mech wien huet den Griechen d´Geld mat héichen Zënsen, also mat guddem Benefice geléint OUNI ze froen wat si, d´Griechen domat machen an wéi si et gedenken zerëckzebezuelen. Also mir huet nach keng Bank Geld geléint ouni genee dat doten nozefroen.

Dofir fuerderen ech am Numm vun der Gerechtegkeet fir ons an fir ons Kanner, déi dat schliesslech bezuelen waerten, voll Transparenz zou den Kreditgeber vun Griechenland, an dat am beschten iwert déi lescht puer Joer. An wann mir schons dobäi sin, dann fannen ech sollten mir och gewuer gin wien géint Griechenland spekuléiert huet.

Wat ass Är Meenung dozou?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum André HOFFMANN
1Recommandatioun
22.05.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här ,

Där hutt Recht, beonrouegt ze sin.

Hei an e puer Wierder méng Iwwerleeung, esou wäit ech den Iwwerbléck hun.

1. Ech mengen schon, datt d´Kontroll, wat mat dem Geld a Griechenland an aneschtwou wäert geschéien, zimmlech streng wäert sin.
2. Datt a Griechenland an dene leschten Joerzéngten och politesch Fehler gemaach gi sin, kann ee wuel net bestreiden. Et waren dann awer déiselwecht Parteien, déi a ganz Europa d´Politik bestëmmen.
3. Datt d´Griechen - also d´griechesch Vollek - insgesamt "iwwert sénge Verhältnisser geliewt hätt", wéi behaapt get, kann ech esou net akzeptéeiren, wann ech liesen, datt de zum Beispill de Mindestloun a Griechenland bei 700 Euro de Mount läit.
4. Dee ganze Misär haut as zum gréissten Deel d´Resultat vun der Politik um nationalen, europäeschen an internationale Niveau: Dereguléierung, Emverdelung vun ënnen no uewen etc.
5. A wat geschitt elo? De Steierzueler get zur Keess gebieden, manner fir de Griechen wéi (schons erem) de Banken ze hëllefen. "Ce sont les banques que l´on a sauvées, pas la Grèce", titelt en Economist am "Monde" vum 18. Mee. 6. Et kann ech sech och d´Fro stellen, ob net elo a Griechenland en "Härtetest" soll gemaach gin, bis wouhin se eng onsozial Austeritéitspolitik kënnen dreiwen.

Bescht Gréiss.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects
Äntwert vum André HOFFMANN
bis elo kengRecommandatiounen
22.06.2010
André HOFFMANN
Bonjour,

En häerzleche Merci un den Här fir déi Informatiounen.
Mär ënnersichen den Dossier a kucken, wat mer politesch dermat kënne maachen.
Bescht Gréiss.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
26.07.2010
Vum:

Gudden moien Här Hoffmann,
zënter dem 1. Januar 2008 bezéien, no bestëmmten Konditiounen, d´politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg Stéiergelder. www.legilux.public.lu

  • Wéivill Stéiergelder huet DL am Kader vum Parteienfinanzéierungsgesetz kritt?
  • Ass vun Déi Lénk bereet, am Kader vun den Spuermossnahmen, op Parteienfinanzéierung ze verzichten an déi Stéiergelder anzespueren?

Mat béschte Gréiss

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un André HOFFMANN
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft