André HOFFMANN (Déi Lénk)

André HOFFMANN aktuell
Donnéeën zur Persoun
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
* Membre du Parti déi Lénk depuis 1999 * Membre de la Sensibilité politique
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich ein.
Fro zum Thema Justiz
14.10.2009
Vum:

Bonjour

Am Letzbebuerger Wort

www.wort.lu

war de 14,10,2009 d´Ausso vun engem net ernimmten Majoritéitsdeputéierten, Zitat:

"Mir gi gezwongen dëst Gesetz ze stëmmen."

Ech well vun Iech wëssen, wien zwengt vum Vollek gewielte Leit di EXKLUSIV do sin fir d´ Interesessen vum Vollek ze vertrieden, fir esou e Gesetz ze stemmen?

Wei kann d´Regierung respektif den eenzelne Bierger esou Leit usichen an verkloen?
Well Erpressung ass jo schliesslech illegal.

Zitat Benito Mussolini:
Faschismus ist die Verschmelzung der Konzernmacht mit der Staatsmacht.


Merci fr Är Äntwert
Äntwert vum André HOFFMANN
2Recommandatiounen
09.01.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här Belleville,

Fir d´éischt emol meng Entschellegung fir déi spéit Äntwert, ech hat dat net
gecheckt.

Dir stellt eng exzellent Fro. Eigentlech gelt als Verfassungsprinzip, datt en Deputéierten nemmen virun sech selwer, sengem Gewessen a sénge Wieler verantwortlech as. Dat as d´Theorie. D´Praxis as allerdéngs déi, datt an der Regel dee sougenannte Franktiounszwang gelt. Dat heescht, d´Fraktioun bestemmt majoritär, wéi "muss" ofgestemmt gin. Dat as bei de Parteien, déi d´Regierung bilden, nattirlech an der Regel am Senn vun där Regierung. Heiandsdo get et dann eng "offiziell" Ausnahm, wei zum Beispill beim Gesetz iwert d´Euthanasie. Heiandsdo traut och emol een oder eng Deputéierte sech fir anescht ze stemmen wéi d´Fraktioun dat décidéiert huet. An da get och emol Sträit...
Et muss ee natiirlech och soen, datt all Deputéierte fräiwelleg bei enger Partei kandidéiert huet. Wéi déi intern Diskussiounen innerhalb vun de Parteien an de Fraktiounen oflafen, waatfir Drockmettelen do emol agesat gin, dat hänken se natiirlech net un déi grouss Klack.
Géint deen "Zwang" do kann ee kaum juristesch virgoen. Et kann een et an der Öffentlechkeet kritiséieren. An et kann een natiirlech säi Wahlrecht als Sanktioun benotzen.
Hoffentlech hun ech Iech domat iirgendwéi zefriddestellend geäntwert.

(Zur Ortografie: ech hun nach emmer net erausfonnt, wéi ech den Trema um e hikréien...)

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
12.01.2010
Vum:

Moien;
Et geet ëm den Dikrech’ er Béier . Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf. www.youtube.com Dëst soll keng Reproche sinn, de Koorperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leeën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach. www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.

Villmools Merci .


Wenn besser möglich ist, ist schliesslich gut nicht genug.oder net?

www.youtube.com
Äntwert vum André HOFFMANN
3Recommandatiounen
13.01.2010
André HOFFMANN
Bonjour Madame ,

Där hutt komplett recht. An ech felicitéieren Iech fir Är Duerchsiicht. déi Lénk hun haut e Communiqué erausgin an deemselwechte Senn. Ech schécken Iech en hei mat derbäi. Et kann net sin, datt eis Regierung emmer nemme passiv nokuckt, wann Betrieber zougemaach a Leit op d´Strooss gesat gin, fir datt d´Aktionären méi räich gin. Mär hun an der Chamber och eng Gesetzpropositioun eragin, déi et (vereinfacht gesot) verbitt, Leit aus ekonomesche Grenn ze entloossen, wann e Betrieb oder de Grupp, zu dem e geheíert, Benefiss mecht. Am Fall vun der Dikkrecher Brauerei misst et jiddefalls méiglech sin, anzegräifen, d´Produktioun weiderzeféiren an d´Aarbechtsplazen ze erhalen. Merci a meng bescht Gréiss.

André Hoffmann



Anhänge:
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un André HOFFMANN
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft