Bonjour Här

,
Där hutt Recht, beonrouegt ze sin.
Hei an e puer Wierder méng Iwwerleeung, esou wäit ech den Iwwerbléck hun.
1. Ech mengen schon, datt d´Kontroll, wat mat dem Geld a Griechenland an aneschtwou wäert geschéien, zimmlech streng wäert sin.
2. Datt a Griechenland an dene leschten Joerzéngten och politesch Fehler gemaach gi sin, kann ee wuel net bestreiden. Et waren dann awer déiselwecht Parteien, déi a ganz Europa d´Politik bestëmmen.
3. Datt d´Griechen - also d´griechesch Vollek - insgesamt "iwwert sénge Verhältnisser geliewt hätt", wéi behaapt get, kann ech esou net akzeptéeiren, wann ech liesen, datt de zum Beispill de Mindestloun a Griechenland bei 700 Euro de Mount läit.
4. Dee ganze Misär haut as zum gréissten Deel d´Resultat vun der Politik um nationalen, europäeschen an internationale Niveau: Dereguléierung, Emverdelung vun ënnen no uewen etc.
5. A wat geschitt elo? De Steierzueler get zur Keess gebieden, manner fir de Griechen wéi (schons erem) de Banken ze hëllefen. "Ce sont les banques que l´on a sauvées, pas la Grèce", titelt en Economist am "Monde" vum 18. Mee. 6. Et kann ech sech och d´Fro stellen, ob net elo a Griechenland en "Härtetest" soll gemaach gin, bis wouhin se eng onsozial Austeritéitspolitik kënnen dreiwen.
Bescht Gréiss.
André Hoffmann