André HOFFMANN (Déi Lénk)

André HOFFMANN
Joergang
1941
Berufflech Qualifikatioun
Professeur
Ausgeübte Professioun
Deputéierten an der Chamber
Uertschaft
Esch-sur-Alzette
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) 3. Am Ënnerscheed zu allen aanren Parteien - och denen, déi net an der Chamber sin - kritt déi Lénk och keng indirekt Subventioun iwwert d´Pressehëllef. Dat mecht bei denen klengsten Zeitungen méi aus wéi d´Parteiefinanzéierung. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
13.07.2010
Projet de loi 6148
NEE
15.10.2009
Projet de loi 5846
NEE
Froen un André HOFFMANN
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Finanzen
19.05.2010
Vum:
Alex Hornung

Léiwen Här Hoffmann,

Mir, d´Steierzueler, léinen jo elo den Griechen Geld datt si hiir Scholden kënne zereckbezuelen.

Ech fannen mir als Vollek an Steierzueler hun d´Recht ze wëssen un wien onst Geld am Endeffekt iwerwissen gët.

Weiderhin froen ech mech wien huet den Griechen d´Geld mat héichen Zënsen, also mat guddem Benefice geléint OUNI ze froen wat si, d´Griechen domat machen an wéi si et gedenken zerëckzebezuelen. Also mir huet nach keng Bank Geld geléint ouni genee dat doten nozefroen.

Dofir fuerderen ech am Numm vun der Gerechtegkeet fir ons an fir ons Kanner, déi dat schliesslech bezuelen waerten, voll Transparenz zou den Kreditgeber vun Griechenland, an dat am beschten iwert déi lescht puer Joer. An wann mir schons dobäi sin, dann fannen ech sollten mir och gewuer gin wien géint Griechenland spekuléiert huet.

Wat ass Är Meenung dozou?

Mat beschten Gréiss

Alex Hornung
Äntwert vum André HOFFMANN
2Recommandatiounen
22.05.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här Hornung,

Där hutt Recht, beonrouegt ze sin.

Hei an e puer Wierder méng Iwwerleeung, esou wäit ech den Iwwerbléck hun.

1. Ech mengen schon, datt d´Kontroll, wat mat dem Geld a Griechenland an aneschtwou wäert geschéien, zimmlech streng wäert sin.
2. Datt a Griechenland an dene leschten Joerzéngten och politesch Fehler gemaach gi sin, kann ee wuel net bestreiden. Et waren dann awer déiselwecht Parteien, déi a ganz Europa d´Politik bestëmmen.
3. Datt d´Griechen - also d´griechesch Vollek - insgesamt "iwwert sénge Verhältnisser geliewt hätt", wéi behaapt get, kann ech esou net akzeptéeiren, wann ech liesen, datt de zum Beispill de Mindestloun a Griechenland bei 700 Euro de Mount läit.
4. Dee ganze Misär haut as zum gréissten Deel d´Resultat vun der Politik um nationalen, europäeschen an internationale Niveau: Dereguléierung, Emverdelung vun ënnen no uewen etc.
5. A wat geschitt elo? De Steierzueler get zur Keess gebieden, manner fir de Griechen wéi (schons erem) de Banken ze hëllefen. "Ce sont les banques que l´on a sauvées, pas la Grèce", titelt en Economist am "Monde" vum 18. Mee. 6. Et kann ech sech och d´Fro stellen, ob net elo a Griechenland en "Härtetest" soll gemaach gin, bis wouhin se eng onsozial Austeritéitspolitik kënnen dreiwen.

Bescht Gréiss.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:
Paul Jacoby

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects
Äntwert vum André HOFFMANN
1Recommandatioun
22.06.2010
André HOFFMANN
Bonjour,

En häerzleche Merci un den Här Paul Jacoby fir déi Informatiounen.
Mär ënnersichen den Dossier a kucken, wat mer politesch dermat kënne maachen.
Bescht Gréiss.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
26.07.2010
Vum:
Edoardo Tiberi

Gudden moien Här Hoffmann,
zënter dem 1. Januar 2008 bezéien, no bestëmmten Konditiounen, d´politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg Stéiergelder. www.legilux.public.lu

  • Wéivill Stéiergelder huet DL am Kader vum Parteienfinanzéierungsgesetz kritt?
  • Ass vun Déi Lénk bereet, am Kader vun den Spuermossnahmen, op Parteienfinanzéierung ze verzichten an déi Stéiergelder anzespueren?

Mat béschte Gréiss
Edoardo Tiberi
Äntwert vum André HOFFMANN
4Recommandatiounen
31.07.2010
André HOFFMANN
Bonjour,

1. Déi definitiv Ofrechnung fir 2009 as nach net gemaach, an natiirlech och net fir 2010. Schätzungsweis wäert no den Dispositiounen vum Gesetz fir déi Lénk ongeféier eng Zomm vun 130.000 Euro pro Joer erausfalen. Zum Verglach mat denen aanre Parteien: CSV: 896.000; LSAP: 576.000; DP: 409.000; Gréng: 359.000; ADR: 261.000 - dat alles 2009, no dem Rapport vun der Cour des Comptes.
2. Vläicht aoch zur Erënnerung: déi Lénk hat virdrun keng Recetten ausser Cotisatiounen a Spenden, mat denen se hir ganz Virwahl- a Wahlkampagne huet misse bezuelen.
3. Am Ënnerscheed zu allen aanren Parteien - och denen, déi net an der Chamber sin - kritt déi Lénk och keng indirekt Subventioun iwwert d´Pressehëllef. Dat mecht bei denen klengsten Zeitungen méi aus wéi d´Parteiefinanzéierung.
4. Mär haten virun de Wahlen e ganz ausféierlechen, kriteschen Avis zu deem Gesetz iwwert d´Parteiefinanzéierung ausgeschafft an an der Chamber agereecht. Zu deem Avis sti mer nach ëmmer. En as um Site vun déi Lénk ze gesin.
5. Mär mengen, datt eis politesch Aufgab doranner besteht, fir sozial Gerechtegkeet, méi sozial Gläichheet, méi Demokratie ze streiden - mat denen bescheidene Mëttelen, déi mer hun. Mär mengen net, datt mer dozou géiwen eppes bäidroen, wa mer der aktueller Regierung och nach eppes vun eisen bescheidenen finanzielle Mëttelen géiwe schenken. Well de "Steierzueler" kriit se jo bestëmmt net erem!

Merci a bescht Gréiss.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
19.02.2011
Vum:
Paul Jacoby

Bonjour

1) Kennt Dir mir erklären, wat den Här Frieden an engem Land ze sichen huet, wat eng absolutistesch monarchistesch Diktatur ass, déi keng Mënschrechtskonventioun ennerschriwen huet, déi den Tribunal International zu Den Haag net unerkënnt, déi rückzeglos d´Fra´en diskriminéiert an d´Folter an d´Doudesstroof applizéiert asw?

Mir hunn anscheinend nëmme Ministeren déi vun Diktator zu Diktator fléien an duerno hei zu Lëtzebuerg applaudéiert ginn.

2)Firwat heiert ee keng Question parlamentaire säitens der soit-disant Oppositioun deene Lenken, Grengen oder dem ADR?

redir.ec
redir.ec

3)Gëtt et net héich Zäit dass eis Ministeren ophalen eis national Sécherheet an och déi vun de vereenegte Staate vun Europa op d´Spill ze setzen andeems Si sech mat Diktaturen systematesch arrangéieren?
Eis fehlen di politesch korrekt Wieder hei heem fir dem Här Frieden seng mënscheveruechtend Reflectioune vis à vis vun Faschismusrégimer an dësem Artikel vum Wort adequat ze kommentéieren.

4)Wei wëlle mir Terrorismus bekämpfen wann mir mat deem ganze Klan vun der Famill Saud an hiren Terroristen a Staatspositiounen an den arabesche Länner Geschäfter feieren? Légitiméiere mir sou net den Terror vun dëse Leit géint dat arabescht Vollek?

Hei si Videoen wat geschitt ass, well Mënsche wei den Här Frieden Mënschefolterer wei di kriminell Mafia am Bahrrain als legitim ugesinn an sech net un de bluddegen Hänn vun dëse Verbriecher stéieiren loossen. Kukt a gesitt wei dës Régimer besonnesch elo de Barrain duerch Saudi Söldner an eegent Militär hir Leit mat vollautomatesche Waffen einfach ermorden: www.youtube.com www.youtube.com www.youtube.com
Äntwert vum André HOFFMANN
2Recommandatiounen
21.02.2011
André HOFFMANN
Bonjour Här Jacoby
Där hutt natiirlech Recht.
Erklären? Et besteet eben e bekannte Widdersproch tëschent de feierleche Sonndesrieden iwwert de Respekt vun de Mënscherechter an den demokratesche Prinzipien engersäits, an der "Realpolitik", wou wirtschaftlech, finanziell a geostrategesch etc. Intressien méi wichteg sin wéi esou allgemengmënschlech Iwwerleeungen. Dat as jo net nëmmen bei der Fro vun de Mënscherechter esou, ma och bei der Fro vun der sozialer Gerechtegekket, den Aarbechtsbedingungen an esou weider.
Mär (an och déi Gréng iwwregens) hun awer schons méi wéi eng Kéier déi Widderspréch ugeprangert -a Form vu Froen, vu Motiounen oder och an de mëndleche Stellungnahmen an der Chamber. Fir d´lescht nach zu Tunesien an zu Ägypten. Ma effektiv, dat misst een nach vill méi konsequent a beharrlech maachen. Mär wäerten dat och ugoen. Merci fir d´Uregung.
André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
21.06.2011
Vum:
Kremer Paul

Bonjour Här Hoffmann

Ech adresseieren mech un Iech well Dir a mengen Aen deen eenzegen eierleche Politiker an der Chamber sidd.
Keen ausser Iech huet de Courage menger Meenung no, fir sech folgendem Problem ze stellen an dest fuerchbart Kapitel enfin kloturéieren ze kennen..


1) Kennt Dir wann ech gelift sou schnell wei meiglech eng Question Parlamentaire a punkto Uranmunitioun´s Kontaminatioun vun den Dikkrecher Awunner em den Härebierg an vun eisen Zaldotinnen an Zaldoten ufroen an direkt en Gesetz fuerderen, waat Uranmunitioun kategoresch verbidd och zu Testzwecker um Härebierg?

2) Weivill Kilo vun dëser heich radioactiver Munitioun ass um Härebierg verschoss ginn bis 2011?

Maacht der Uranmunitioun an hire schweiere Suiten fir eis alleguerten awer firun allem fir d´Leit dei elo an sait Joeren vun der Nato mat desem radioactive Gëft "demokratiséiert" ginn en Ënn


Ech hoffen bei allem Respekt dass et net bis no der Summerpaus dauert bis eventuell schon en Projet de Loi virlait dei dësem MasseMord un Millioune Leit saitens der EU,NATO&co enfin en Ënn setzt.

Léif Gréiss


www.aixpaix.de

Eng Doku vum WDR doriwwer:
video.google.com

Hei de Film DeadlyDust deen mat dem Grimmeprais ausgezeechent gouf:
www.youtube.com

Hei en Interview mat dem Grimmepreisträger Frieder Wagner zu dësem schlëmme Verbriechen youtu.be
Äntwert vum André HOFFMANN
1Recommandatioun
22.06.2011
André HOFFMANN
Bonjour Här Paul Kremer,

Fir d´éischt emol merci fir Är Uregung an Är Informatioun. Mär huelen eis der Saach un a schaffen un enger Ufro, a werfen et och op an der Gesondheetskommissioun.

Bescht Gréiss.
André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un André HOFFMANN
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.