André HOFFMANN (Déi Lénk)

André HOFFMANN
Joergang
1941
Berufflech Qualifikatioun
Professeur
Ausgeübte Professioun
Deputéierten an der Chamber
Uertschaft
Esch-sur-Alzette
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Mär hun an der Chamber och eng Gesetzpropositioun eragin, déi et (vereinfacht gesot) verbitt, Leit aus ekonomesche Grenn ze entloossen, wann e Betrieb oder de Grupp, zu dem e geheíert, Benefiss mecht. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
13.07.2010
Projet de loi 6148
NEE
15.10.2009
Projet de loi 5846
NEE
Froen un André HOFFMANN
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Justiz
14.10.2009
Vum:
jean pierre belleville

Bonjour

Am Letzbebuerger Wort

www.wort.lu

war de 14,10,2009 d´Ausso vun engem net ernimmten Majoritéitsdeputéierten, Zitat:

"Mir gi gezwongen dëst Gesetz ze stëmmen."

Ech well vun Iech wëssen, wien zwengt vum Vollek gewielte Leit di EXKLUSIV do sin fir d´ Interesessen vum Vollek ze vertrieden, fir esou e Gesetz ze stemmen?

Wei kann d´Regierung respektif den eenzelne Bierger esou Leit usichen an verkloen?
Well Erpressung ass jo schliesslech illegal.

Zitat Benito Mussolini:
Faschismus ist die Verschmelzung der Konzernmacht mit der Staatsmacht.


Merci fr Är Äntwert
Äntwert vum André HOFFMANN
3Recommandatiounen
09.01.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här Belleville,

Fir d´éischt emol meng Entschellegung fir déi spéit Äntwert, ech hat dat net
gecheckt.

Dir stellt eng exzellent Fro. Eigentlech gelt als Verfassungsprinzip, datt en Deputéierten nemmen virun sech selwer, sengem Gewessen a sénge Wieler verantwortlech as. Dat as d´Theorie. D´Praxis as allerdéngs déi, datt an der Regel dee sougenannte Franktiounszwang gelt. Dat heescht, d´Fraktioun bestemmt majoritär, wéi "muss" ofgestemmt gin. Dat as bei de Parteien, déi d´Regierung bilden, nattirlech an der Regel am Senn vun där Regierung. Heiandsdo get et dann eng "offiziell" Ausnahm, wei zum Beispill beim Gesetz iwert d´Euthanasie. Heiandsdo traut och emol een oder eng Deputéierte sech fir anescht ze stemmen wéi d´Fraktioun dat décidéiert huet. An da get och emol Sträit...
Et muss ee natiirlech och soen, datt all Deputéierte fräiwelleg bei enger Partei kandidéiert huet. Wéi déi intern Diskussiounen innerhalb vun de Parteien an de Fraktiounen oflafen, waatfir Drockmettelen do emol agesat gin, dat hänken se natiirlech net un déi grouss Klack.
Géint deen "Zwang" do kann ee kaum juristesch virgoen. Et kann een et an der Öffentlechkeet kritiséieren. An et kann een natiirlech säi Wahlrecht als Sanktioun benotzen.
Hoffentlech hun ech Iech domat iirgendwéi zefriddestellend geäntwert.

(Zur Ortografie: ech hun nach emmer net erausfonnt, wéi ech den Trema um e hikréien...)

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
12.01.2010
Vum:
Sonja Thorn

Moien;
Et geet ëm den Dikrech’ er Béier . Eis Famill huet virdrun dëse Film gesinn an d´ Tréine sinn eis d´ Baken erofgelaf. www.youtube.com Dëst soll keng Reproche sinn, de Koorperatismus am Kapitalismus oder de Raubtierkapitalismus wéi den Helmut Schmidt et nennt ass halt emol esou wéi en ass, an do kenne mir och näischt dergéint maachen.
Den Här Aloyse DAVID seet awer ab 4min57sec: "Firwat sinn d Lëtzebuerger dann sou domm a maache net selwer e Betrib?".an dëse gudde Mann bréngt et domatt absolut op de Punkt! Ech wollt Iech dofir froen, ob Dir als Politiker a mir d Bierger net d´ Méiglechkeet hätten den Dikkrich ‘er Béier ze retten? Kéint de Staat Lëtzebuerg net exzeptionell eng Offer ufroen, wéivill AB InBev géif froen fir eis di Firma ze verkafen? Wa mer eng Offer kéinte kréien, wier ech nawell frou wann dir de Leit géift un d´ Haerz leeën fir "Biergerbéier" aus dem Dikrech ‘er Béier ze maachen, fir zum Schutz virun de Machenschaften ob der Bourse?
Doduerch hätte mir duerch Iech Politiker net nëmmen d Séil vun Dikrech erëm,
mä e Stéck Lëtzebuerger Kultur.
Dat géif heeschen, de Standuert bleift d´ Personal bleift, mir hätten d´ Spekulatioun éliminéiert, well jidderengem säi Stëmmrecht d´ nämlecht bleift. Ob hien oder hatt elo fir 500 Euro oder 100´000 Euro Pabeiere vun där Firma besetzt spillt keng Roll am Stëmmrecht. Béier a Bierger Hand kéint do eventuell d ´Solutioun sinn. D´ Staat Freiburg huet dat mat hirer Elektrizitéit gemaach. www.energie-in-buergerhand.de Wat do fir de Stroum gëllt kann hei duerchaus och fir den Dikrech’ er Béier applizéiert ginn.
Et wier séier gutt, wann Dir ob d´ mannst alles probéiere géift ze maache wat elo nach mënscheméiglech ass fir di Aarbechtsplazen an de Parfum deen Dikrech diffuséiert wa gebraut gëtt asw z´ erhalen.

Villmools Merci .
Thorn Sonja

Wenn besser möglich ist, ist schliesslich gut nicht genug.oder net?

www.youtube.com
Äntwert vum André HOFFMANN
4Recommandatiounen
13.01.2010
André HOFFMANN
Bonjour Madame Sonja Thorn,

Där hutt komplett recht. An ech felicitéieren Iech fir Är Duerchsiicht. déi Lénk hun haut e Communiqué erausgin an deemselwechte Senn. Ech schécken Iech en hei mat derbäi. Et kann net sin, datt eis Regierung emmer nemme passiv nokuckt, wann Betrieber zougemaach a Leit op d´Strooss gesat gin, fir datt d´Aktionären méi räich gin. Mär hun an der Chamber och eng Gesetzpropositioun eragin, déi et (vereinfacht gesot) verbitt, Leit aus ekonomesche Grenn ze entloossen, wann e Betrieb oder de Grupp, zu dem e geheíert, Benefiss mecht. Am Fall vun der Dikkrecher Brauerei misst et jiddefalls méiglech sin, anzegräifen, d´Produktioun weiderzeféiren an d´Aarbechtsplazen ze erhalen. Merci a meng bescht Gréiss.

André Hoffmann

Unhäng:
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
18.04.2010
Vum:
Alphonse Reinert

Moien

Die polnische Gesundheitsministerin Ewa Kopacz sprach von möglicherweise tödlichen Nebenwirkungen durch die bereits in einigen EU- Ländern angelaufen Schweinegrippe- Impfmittel und empfiehlt dringends, den Kauf von derartigen Medikamenten erst dann zu realisieren, wenn ein ausgereifter Impfstoff auf dem Markt ist. Sie betonte, dass in einem Land (Schweden ), welches eine große Menge H1N1 Impfstoff kaufte, schon vier Menschen ein paar Stunden nach der Impfung angeblich durch Stress gestorben seien, doppelt so viele wie durch die Schweinegrippe. Die Ministerin betonte, dass die Pharmakonzerne keine Verantwortung übernehmen für ihre Produkte, die Zusammensetzungen ebenso zu Geheimnissen mache, wie die weltweiten Ergebnisse ihrer Nebenwirkungen.
Source: polskaweb.eu

Wei erkläert dir Iech dass de Letzebuerger Staat respektif de Gesondheetsminister de Profit an eventuell Nierwewirkungen di laut polnescher Gesondheetsministesch schon fir e puer Leit deidlech waren an nach fir aanerer waerte sin anscheinend einfach a kaaf huelen an sou matt russescht Roulette spillen matt dem Liewen vun all eenzelen deen hei am Land liewt. An firwat ass d ´Ausso vun eisem Gesondheetsminister sou komplett aanescht wei dei Aussoen vun der polnescher Gesondheetsministesch?
Kennt Dir novillzeien dass mir eis als Unterschichtmenschen fillen wann mer dat liesen, dei d Gefill hun nemme gudd ze sin fir de Big Pharma sain Porte-monnaie ze fellen an d Krankekees ze "entlaaschten bei optriedende Nierwewirkungen".
An as et net nach mei schlemm, dass objektiv gesin den Androck entsteet dass de Staat sengem Vollek anscheinend bestätecht dass et net hallef souvill wert as wei d´Aktien vun de Pharmakarteller, wou eis Pensiounsreserven dran investeiert gin?
www.fdc.lu
Äntwert vum André HOFFMANN
1Recommandatioun
26.04.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här Reinert,

Där hutt natiirlech recht, irritéiert a beonrouegt ze sin. Där sitt jo och net deen eenzegen, deen sech iwwert déi Widdersprech an der ganzer Affär vun der Gripp H1N1 gewonnert an geiergert huet. Ech hu selwer e Problem, fir wierklech dodeduerch ze gesin. Wéiwäit get et eng "Connection" tëschent der Pharmaindustrie - déi rieseg Profitter gemaach huet - an der Weltgesondheetsorganisatioun? Firwat goufen d´Niewewierkungen net genuch analyséiert? An esou weider. Elo huet jo och d´Europaparlament eng Enquête gefrot...
Et bleiwen an där ganzer Geschicht wuel nach vill däischter Säiten opzeklären.

Mat ménge beschte Gréiss - a ménger Entschëllegung fir d´Verspéidung.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
03.05.2010
Vum:
Paul Jacoby

Här Hoffmann

Suite vun dëser Äntwert vum Här Colombera froen ech iech, well den Här vum ADR sech anscheinend net zu der Regierung derzou zielt, Zitat: ...do ass et méi ubruecht , wann Dir eis Regierung interpelléieren géift... www.politikercheck.lu Soumat appeleieren ech hei un iech Här Hoffmann well dir iech hoffentlech als Regierung consideréiert :

Hutt dir de Moyen eng Question parlamentaire ze maache wann ech gelift, fir kloer ze stellen, dass eis Pensiounsreserven net méi a biochemesch a balistesch Waffekonzerner (Honeywell, BAE, Lockhead Martin, Monsanto Agent-Orange , asw)investéiert ginn? www.fdc.lu Wien genau huet dës Militäraktien an der Chamber accordéiert, an domat menger Meenung no eis national Sécherheet potentiell a Gefor bruecht? An wou kann ech déi Aktien gesinn, wou laut dem Här Colombera senger Äntwert anonym sinn, a firwat steet an dem Link vun dem Fdc guer a glat näischt iwwert dës anonym Aktien? Wat sinn dat fir Zoustänn?!? Wei laang braucht dir fir dës Question parlamentaire ze fuerderen an dës Aktien aus dem Pensiounsportfolio rauzehuelen?

D´ Solutioun wier iwwregens genau wéi a Norwegen e Philosoph plein-temps
z´ engagéieren, dee kloer stellt dass eis Pensiounsreserven net kontaminéiert sinn mat Bluttdividenden.

Die Unmenschlichkeit gegenüber anderen Menschen zerstört die Menschlichkeit in mir.
Immanuel Kant 1793
Äntwert vum André HOFFMANN
9Recommandatiounen
04.05.2010
André HOFFMANN
Bonjour Här Jacoby,

Déi Placementer vun eise Pensiounsreserven an Aktien iwwert d´ganz Welt gin zréck op e Gesetz aus dem Joer 2004. Deen eenzegen, deen deemools dergéint gestëmmt huet, war de Serge Urbany, Deputéierte vun déi Lénk. Wéi mer de leschte Summer gewuer gi sin, datt iwwert Règlement grand-ducal den Undeel vun dene Placementer nach soll erhéicht gin, hu mer hefteg öffentlech protestéeiert. Och an där zoustànneger Chamberkommissioun hu mer laang a breed erklärt, datt mer net kéinten averstane sin. A mär bleiwen och weider um Ball. Et geet jo net nëmmen em Rüstungsindustrie. Et geet ganz allgemeng drem, datt mär hei op héich Aktiewäerter spekuléieren, déi op Käschten vun Léin, Aarbechstplazen, Emwelt, Mënscheliewen...gin.

André Hoffmann
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
04.05.2010
Vum:
Tom Karl

Gudde Moyen Haer Hoffmann
Et get jo zenter kurzem am Sueden zwou Epiceries sociales:
1. Wat hallt Dir generell vun der Mesure?
Wir et net besser wann dei Betraffen an all Epicerie vun hierem Choix kennten verbellegt akaafen? Eng demenentsprechend Plastiks-Kärtchen ass haut net mei diskriminatoresch, well all grousse Buttek mat Konnekarte schafft.
2. Get durch d´Kreatioun vun den Epicerie Sociales net e Ghetto geschafft fir aaarm Leit?
3. Get net eng Realiteit symptomatesch bekämpft anstatt strukturell Ennerungen fir ze huelen?
Ech soen Iech merci fir Aer Zeit an aer Entwerten.
Tom Karl

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Är Fro un André HOFFMANN
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.