Anne Kremer (DP)
Kandidatin Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Anne Kremer
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
Bonjour,

D´Adoptiounsrecht muss op alle Fall reformeiert gin. Besonnesch d´Ufuederung dass nemmen eng bestuedten Koppel d´Recht op eng Adoptioun huet entsprecht net mei den Gegebenheeten vun enger moderner a fortschrettlecher Gesellschaft. (...)
 
Froen un Anne Kremer
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Fraen
13.05.2009
Vum:

Anne Kremer
Wéi ass Är Astellung zum Avortement, Fristenlösung, Fristenregelung?
An zum Reliounsunterrécht an der Schoul?
Är perséinlech Meenung natierlech, net déi vun der Partei.
Merci
Äntwert vum Anne Kremer
1Recommandatioun
15.05.2009
Bonjour Herr ,

Merci vir Aer Froen.
1.Ech mengen dass d´Ofdreiwungsgesetz vun 1978 muss iwerschafft gin. Ech sin der Meenung dass d´Fra bis zur 12. Schwangerschaftswoch de freien Choix soll hun an frei entscheeden kennen ob sie ofdreiwen well oder net. Als liberal denkend Fra fannen ech, dass jidereen genuch Eegenverantwortung muss hun an dei neideg Precautiounen huelen wann een net wellt schwanger gin. Dat schleisst awer trotzdeem net aus, dass et kann passeieren dass eng Fra ongewollt schwanger get an dass sie aus gesondheetlechen, sozialen oder aaner Grenn hirem Kand net keint daat bidden waat all Kand verdengt. Ech fannen et dann awer wichteg dass eng Fra d´Meiglechkeet huet wann se daat da wellt vir eng Ofdreiwung ze maachen an vir dei Prozedur net mussen an d´Ausland ze goen sou wei daat am Moment de Fall ass well daat aktuellt Gesetz hinnen keng aaner Leisung get. No deem Delais vun 12 Wochen muss en Doktor iwert eng meiglech Ofdreiwung entscheeden am Fall wou eng Gefor fir dei kirperlech oder seilech Gesondheet vun der Fra oder vum Kand diagnostizeiert get.



2. Et ass jo esou dass an eiser öffentlecher Schoul exclusiv dei chreschtlech kathoulech Relioun enseigneiert get an daat wei ech fannen ob eng zimlech dogmatesch Art a Weis. Ech sin dogeint dass eng Relioun an der Schoul esou bevirzucht get. Ech sin der Meenung dass Relioun sou wei se bei eis enseigneiert get eischter eng Privatsaach ass an dovir net hir Plaaz als Fach an eiser Schoul soll hun. Ech fannen et awer vir d´Allgemengbildung vun den Schüler wichteg dass si en Ableck an eng Initiatioun an dei verschidden Weltreliounen kreien. An deem Senn schwetzen ech mech vir d´Ofschafung vum Reliounsunterrecht an senger aktueller Form aus an plaideieren vir e Werteunterrecht an deem all d´Reliounen objektiv thematiseieren sollen gin.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Famill
14.05.2009
Vum:

Anne Kremer
Däerf Ärer Meenung no eng homosexuell (lesbesch oder lénks) Koppel Kanner adoptéieren, an Zukunft? Gesetzlech gekuckt!
Äntwert vum Anne Kremer
bis elo kengRecommandatiounen
15.05.2009
Bonjour,

D´Adoptiounsrecht muss op alle Fall reformeiert gin. Besonnesch d´Ufuederung dass nemmen eng bestuedten Koppel d´Recht op eng Adoptioun huet entsprecht net mei den Gegebenheeten vun enger moderner a fortschrettlecher Gesellschaft. Ech sin der Meenung dass all Bierger onofhängech vun senger gewielter Liewensform a Recht op Adoptioun soll hun.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Frau Kremer,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Frau Kremer, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Anne Kremer
bis elo kengRecommandatiounen
04.06.2009
Bonjour Herr ,

Momentan gin et leider net genuch Opfangstrukturen ausserhalb de CHNP vir Patienten dei op eng Langzeitbehandlung ugewisen sinn. Ech mengen dass mir eis mussen dofir assetzen dass den Reseau vun desen Opfangsstrukturen an nächster Zeit ausgebaut get sou dass des Patienten kennen weider adequat suiveiert an traiteiert gin dest awer an enger Struktur dei manner anengend ass wei den CHNP. Sou eng Dezentraliseierung vun den psychiatreschen Dengschter soll och dozou feieren d´gesellschaftlech Integratioun vun deenen Leit dei enner langzeitegen psycheschen Steierungen leiden ze verbesseren

Mat beschten Greiss,

Anne
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Anne Kremer
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.