Astrid Lulling (CSV)
Abgeordnete EU-Parlament

Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Astrid Lulling
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
16.10.2009
Vum:

Léif Madame Lulling,

Et gët geschaat dat teschent 15.000 an 20.000 Lobbyisten zou Bréissel aktiv sin. Wéi ass dat ze begrënnen mat dem demokrateschen Prinzip, een Mënsch, eng Stëmm? Gin do nët einfach Interessen vun den Wieler Weist dës héich Zuel unn Lobbyisten nët dorop hin dat onsen System an dëser ëmmer méi komplexer Welt un seng Grenzen stéist? Ech géing mech immens freen Aer perséinlech Meenung duerzou ze héieren.

Mat beschten Gréiss
Äntwert vum Astrid Lulling
4Recommandatiounen
21.10.2009
Astrid Lulling
Här ,

Ech soen Iech Merci fir är Fro a fir ären Intérêt.

Mir könne kenger Organisatioun, kenger Gewerkschaft, kenger Industrie oder Bank et verwieren zu Bréissel e Büro opzemaachen a sech ze informéieren, waat an der Eu-Kommissioun ausgebreit gett. Oft gin do Entscheddungen gehol, déi fir déi Betreffend vun entschédender Bedeitung sin.

Prinzipiell hun ech naischt geint Lobbyisten. Sie hun a villen Dossieren den techneschen Know-how. Et as un den Politiker, wann sie den Dossier beherrschen an den Lobbyisten nogelauschtert hun, sech en eegent Urteel ze bilden an dann hir Responsabilitéit z´iwwerhuelen.

De Politiker dierf secher keng Marionnett vun den Partikularinteresse sin. Mé ech sin frou iwwer eng Expertise verfügen ze können. Also as d´Zuel vun den Lobbyisten net ausschlaggebend. Hir Roll as duerchaus nëtzlech. Alles hängt am Fong vun der Basisattitude vum Politiker of.

Den Lobbyismus as grondsätzlech keng Gefor fir d´Demokratie, wann dat Zesummenspill uerdungsmëisseg iwwert d´Bühn geht.

Bescht Greiss,

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Astrid Lulling
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft

  • Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung