Astrid Lulling (CSV)

Astrid Lulling
Astrid Lulling aktuell
Donnéeën zur Persoun
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Senioren
04.06.2009
Vum:

Mme Lulling,

fir mech spillt Dir keen éierlecht Spill: d´Europa-Lëscht vun der CSV as sou schwach wi nach ni, well keng Duebelkandidature méi méiglech sinn, mä och well z.B. eng Mme Hennicot net méi matgeet.

d´CSV wees daat, an dofir duecht d´CSV, dann huele mir d´Mme Lulling alt nach emol mat, fir och d´Stëmme vun deene méi aale Lëtzebuerger ze kréien.

Mä mengt Dir dann am Eescht, datt d´CSV Iech bis 2014 am Europaparlament sëtzen léist?

Scho mat der Mme Reding spillt d´CSV keen éierlecht Spill, mä och mat Ärer Persoun gët de Lëtzebuerger net éierlech behandelt.

Eng Partei soll nëmme Kandidaten op hir Lëschte setzen, vun deene gewosst ass, datt se och hiert d´ganzt Mandat duerchzéien. Souwäit d´Gesondheet och matspillt.

Géint Ären Engagement as näischt ze son, a falls dir gesondheetlech fit bleift an nees gewielt git, dann hoffen ech just dat dir och bis 2014 am Europaparlament bleiwt. Well sos huet d´CSV eis ugeschass.
Äntwert vum Astrid Lulling
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2009
Astrid Lulling
Monsieur,

och wann dat Iech net evident schengt, as d´Politik net emmer e Spill vun Hannergedamken. Ech gin nach eng Keier mat an d´Walen, well ech meng Aarbecht well weiderféieren. Maïn Asatz as unerkannt, heiheem an och am Parlament zu Strossbuerg. Wann de Wieler mir saïn Vertrauen schenkt, wärdt ech mäin Mandat voll duerchzeien, wéi gewinnt. Ech spillen net mam Wieler.

Bescht Gréiss,

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Fraen
05.06.2009
Vum:

Moie Mme Lulling,

Dir gouft virum kuerzem an de Medien duerch de Bulli gezun, z.B. an der Zeitung "Lëtzebuerg Privar" (fir ze net ze nennen).

Loosst Dir iech daat gefallen, oder gitt Dir viru Geriicht?

Sou laang wi Politiker näischt dogéint ënnerhuelen, sou laang halen sou "Zeitungen" net op, mat hiren Ënnerstellungen richteg vill Goss ze maachen.

mat beschten Gréis,

Ronny
Äntwert vum Astrid Lulling
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2009
Astrid Lulling
Merci Här Müller,

richteg as dat d´Zeitung vum Här Nicolas, den direkt an der Belsch a de Prisong kéim, mol eng gudd Lektioun verdengt! Prozesser sin eng laanwiereg Saach, a vlaïicht as et un der Zeit eppes z´ennerhuelen. D´Legislatioun iwwert d´Presse as komplex, well d´Pressefreiheet eng ierwegt Gebot as, an och sin d´Artikelen oft esou geschriwwen, dat eng juristesch Aktioun schwéier as.
Déi Affär em de Pensionsfong as guer keng. Ech kreien ke Sou als Vize-präsident vum Fong. Mé dat alles ennert méch un den Beaumarchais: "calomniez, calomniez, il en restera toujours quelque chose."

Bescht Gréiss,
Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
05.06.2009
Vum:

Bonjour Madame Lulling
D’ EU verhandelt säit 2005 mat der Türkei iwwer e Bäitrëtt. Wéi stitt Dir zu der Türkei-Fro, Madame?
Ech wier frou, Är perséinlech Aschätzung ze liesen.
Merci eventuell am Viraus
PP
Äntwert vum Astrid Lulling
1Recommandatioun
05.06.2009
Astrid Lulling
Merci Här fir är wichteg Fro. D´Antwert as ganz kloer. Ech sin géint de Beitrëtt vun der Türkei an wärt dem och net zoustemmen. Dat kënnt net a Fro.

Best Gréiss,

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Integratioun
05.06.2009
Vum:

Moie Mme Lulling,

Är Clipe fir Lëtzebuergesch ze léieren op Bonjour.lu an
um DOK Kanal sinn tipp topp.
Endlech mol e Politiker, deen och konkret eppes fir eis Sprooch mécht.

Integratioun ass wichteg, mä mengt Dir net, datt mir mat elo 44% scho genuch
Auslänner zu Lëtzebuerg hunn? Gëtt et kee Gesetz an Europa, dat ee Maximum un Auslänner an engem EU-Land festsetzt?

schéi Gréiss,
Claudia Hermes

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Integratioun
06.06.2009
Vum:

Mme Lulling,

waat haalt Dir vum Resultat an Holland, déi rietsradikal komme lo an d´Europaparlament,
an ech mengen, datt d´Europaparlament an Zukunft ëmmer méi riedsradikaler kritt,
well vill Leit es sat hu mat Europa.

bescht Gréiss,

Claudia Hermes

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Astrid Lulling
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.