Astrid Lulling (CSV)
Kandidatin EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Astrid Lulling
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´Antwert as kloer, d´Doudesstroff as an der EU verbueden. All Land aus der EU häalt sech och dodrun an dat wärt an Zukunft och esou bleiwen. Keng Ausnahmen können do gellen. (...)
 
weider Profiler
Froen un Astrid Lulling
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Kultur
24.05.2009
Vum:

Mme Lulling, Respekt fir är homepage www.astridlulling.lu , do kënnen déi jonk just stauen. Wee mécht Iech déi, a wivill kascht daat?
Äntwert vum Astrid Lulling
1Recommandatioun
26.05.2009
Astrid Lulling
Mme Jacoby,

Ech fréën mech fir Ären Interessi u menger Homepage. Mäi klengen Neveu, de Jérôme Lulling, mat deem ech och Lëtzebuergesch Cour´en ophuelen, huet mir meng Homepage gemat. Hie kascht mech och net vill. Jiddefalls hunn ech léiwer hee mécht dat, wéi datt ech eng deier Firma misst bezuelen. Hautzudags muss een an den neie Medien omnipräsent sinn, well dëst ewell déi meescht benotze Quell fir déi jonk Leit ass fir sech iwwer d´Politik z´informéieren. Dofir hunn ech och e Facebook Account gemat fir dass d´Leit mer och do kënne Froen stellen an ech maachen och meng wöchentlech Sendung fir dass d´Leit sech regelméisseg entweder um DOK oder op menger Homepage iwwert d´Aktualitéit am Europaparlament informéieren können.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Astrid Lulling
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Astrid Lulling
Madame ,

ech konnt feststellen, datt déi Fro, déi dir stellt, op Theorien baséiert, déi op verschidden Siten um Internet floréieren. Wei den traité constitituionnel 2005 um Ordre du jour stung, sin och schons deemols ganz gelungen Theorien an d´Welt gesat gin.

D´Antwert as kloer, d´Doudesstroff as an der EU verbueden. All Land aus der EU häalt sech och dodrun an dat wärt an Zukunft och esou bleiwen. Keng Ausnahmen können do gellen.

Merci fir är Fro.

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Famill
30.05.2009
Vum:

Rentesplitting

Mme Lulling, all Respekt fir Ären Asaz an Är Ausdauer. Trotzdeem, ech ka mat iech net d´accord sinn, wann dir iech fir de Rentesplitting asetzt. Op RTL hutt Dir dat sou gesot, an ech ging iech gär meng Situatioun kurz erklären:

Zënter 5 Joer hunn ech elo d´Pensioun, meng Fra an ech haten e gudde Stot,
mä virun 2 Joer huet si mech sëtze gelooss a lieft zënterhier bei engem Aarbechtskolleg vun hir. Wa mir lo de Rentespliiting hätten, an ech misst hir lo och nach d´Hälschent vu menger Pensioun ginn, fir datt si sech gutt mat menge Sue kann amëséieren, da géing ech total duerchdréinen.

Sécher, et gëtt och aner Fäll, wou d´Fra net gutt ewech kënnt, trotzdeem, dir kënnt iech net einfach sou fir de Rentesplitting asetzen. An haalt wegl op ëmmer sou ze maachen, wéi wa just mir Männer d´Schold un allem hätten. d´Zäiten hu sech geännert, net fir näischt bleiwen haut mol keng 50% vun de Stéit méi zesummen. Dir kënnt dëse Mail och gär eemol an ärer DOK Sendung diskutéieren, mat beschte Gréiss, Luss D.
Äntwert vum Astrid Lulling
2Recommandatiounen
03.06.2009
Astrid Lulling
Léiwe Luss Didier,

Merci fir Är Opmierksamkeet. Ech hu mech net fir de Rentesplitting agesat, mä fir de Splitting vun de während dem Marriage erwuewene Renterechter (nuance !), well déi wéi en Acquêt bei Scheedung solle gedeelt ginn, au profit vun deem Conjoint, dee ganz oder deelweis doheem bliwwen ass fir de Stot ze maachen an d’Kanner ze erzéien. Ech weess, dass nach laang net ëmmer d’Männer Schold sinn, wann et zu engem Divorce kënnt, am Fong ass et jo grad sou schlëmm, wann eng Fra e Mann sëtze léist, wéi ëmgekéiert.

Mä leider ass et oft d’Fra, déi doheem bliwwen ass a keng Rechter op eng eege Pensioun erwuewen huet. Déi sëtzt da bei engem Divorce no laange Joeren tëschent zwee Still am Dreck.

De Splitting soll och an eisen Aen eng Iwwergangsléisung a besonnech krasse Fäll sinn. Wéi an Däitschland beim « Versorgungsausgleich » (d.h. de Splitting vun de Rentrechter) muss et eng Klausel ginn, dass de Splitting net stattfënnt, wann et « grob unbillig » ass. 1978 hu mer vun den Däitschen den « Zerrüttungsprinzip » an eist Scheedungsrecht agefouert, awer net de Korollär, de « Versorgungsausgleich ». Dofir muss hei zu Lëtzebuerg endlech eng vernünfteg Léisung fonnt ginn.


Mat beschte Gréiss

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:
Guy

Sidd dir och der Meenung, dat Europa a Lëtzebuerg eng gemeinsam Kommunikatiounssprooch brauchen ?
Wéi eng Sprooch sollt dat sinn ? Englesch an Esperanto sinn d’Haaptkandidaten.

E puer Erklärungen zum Kontext vu menger Fro:

Die Europäischen Institutionen müssen viele Entscheidungen treffen, welche von äußerster Wichtigkeit für die Entwicklung Europas sind. Tausende Menschen verschiedener Nationalitäten sind am Prozess der Vorbereitung, Diskussion, Verhandlung, Beschlussfassung und Ausführung beteiligt. Dieser Prozess könnte wesentlich effizienter gestaltet werden, wenn die Kommunikation aller Teilnehmer in einer gemeinsamen, von allen beherrschten Sprache, geführt würde.

Bedingt durch die Globalisierung sind Wirtschaft und Forschung auf internationale Kommunikation angewiesen. Deshalb setzt sich in der Praxis Englisch als gemeinsame Kommunikationssprache durch. Dies verschafft den Amerikanern und Engländern einen bedeutenden Vorteil da die überwiegende Mehrheit der Europäer Englisch wesentlich schlechter beherrscht.

Im Schulwesen stehen kleine Länder vor einem Problem ohne optimale Lösung. Da die Beziehungen zu den Nachbarländern von äußerster Wichtigkeit sind, muss ein übermäßig großes Gewicht auf den Fremdsprachenunterricht gelegt werden. Da die Anzahl der Schulstunden beschränkt ist, muss man die Studienzeit für die anderen Fächer und Kompetenzen zu stark beschränken.

Viele Europäer kennen eine oder mehrere Fremdsprachen. Die Kenntnisse der Fremdsprachen sind jedoch meistens oberflächlich. Dies bewirkt, dass vor allem die oberflächliche, kommerzielle, amerikanische Kultur sich in Europa durchsetzt. Die reiche, tiefgründige Kultur der europäischen Völker kann kaum über die Sprachbarrieren vermittelt werden. Nur durch eine gemeinsame Kommunikationssprache, welche alle beherrschen, könnten alle Europäer aus diesem kulturellen Reichtum schöpfen.

Bescht Gréiss
Äntwert vum Astrid Lulling
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Astrid Lulling
cher Guy ,

merci pour votre question du 1er juin. Nous discutons depuis de très longues années de ce problème. Je suis d´accord avec vous qu´il faut non pas une mais des langues de communication. Voilà pourquoi nous nous efforçons aussi au Parlement européen de promouvoir l´apprentissage d´au moins une langue, si possible deux, à côté de la langue maternelle. Comme c´est le cas chez nous, c´est la meilleure solution. Et nous progressons au moins chez les jeunes. C´est aux Etats membres d´organiser l´éducation primaire en conséquence, car cette compétence nerelève pas de l´Union européenne, subsidiarité oblige.


Avec mes meilleures salutations,

Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Integratioun
01.06.2009
Vum:

Bonjour,

Ech hun gelies, dat et an Däitschland Wahlschablounen fir blann Leit gëtt:
www.kobinet-nachrichten.org
Erlaabt mir dofir d´Fro, ob een zu Lëtzebuerg och sou Schablounen kréien kann.

Bescht Gréis
Äntwert vum Astrid Lulling
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Astrid Lulling
Madame ,

ech fannen är Suggestioun ganz interessant an och ganz ubruecht. Ech well mech beméihen fir eng Solutioun ze fannen. Ech gesin eng kléng Schwierechkeet, déi net oniwwerwondbar as, d´Komplexitéit vun eisem Walsystem mécht d´Saach e besschen méi scvhwéier, well d´Walziedelen grouss sin an de Wieler vill Méiglechkeeten huet sech auszedrécken. Mat wéi gesot dat soll keen Argument sin a mir sollen dä Fro nogoen fir eng Solutioun ze fannen.

Mat beschte Gréiss,
Astrid Lulling
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Astrid Lulling
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.