Bonjour Här

,
Merci fir är Fro, déi gur nët onwichteg ass.
Als Stader hun ech mech laang matt dem Thema ofgin a sin och en iwerzeegten Unhänger vum Tram an der Stad wéi an de moderne Stied iwerhapt. A mëttelgrousse Stied brengt den Tram méi wéi de Metro oder d´Bussen eleng. E brengt Liewensqualitéit a Convivialitéit a Confort an Zouverlässegkeet an Energiespuren. Ech denken u Beispiller wéi Strossburg oder Bordeaux.
Ech weess nët, wat ët kascht, Park & Ride iwerall do ze bauen, wou ët vill Aarbechtsplaaze gët. Ech weess just nët, wéi mer dat sollen hikréien. An der Stader Agglomératioun gët ët niewend dem Stadzentrum an dem Kirchbierg vill Aktivitéitszonen a klenger Zentren, wéi Kockelscheier, de Südweste vun der Stad, Strossen a Bartreng, am Norden Walfer, Steesel, am Osten vun der Stad Schëtter, wou ee sech froe muss, wéi dat kënnt fonctionnéiren. D´Verkéiersflëss kommen aus dem ganze Land bezw. aus dem noen Ausland esou, dass jidfereen probéiert, méiglecht schnell an op kurzem Wee zu senger Aaarbecht oder dohin ze kommen, wou en ze din huet. Fir do déi richteg Plaazen fir Park & Ride ze fannen, schengt mer problematesch.
Wat d´Bussen ugeht, sin ech matt Iech eens, dass déi laang Gelenkbussen am innerstädtesche Verkéier onhandlech sin. Och d´Idi vun elektreschen Bussen oder aner méi ëmweltfrëndleche Bussen fannen ech gudd.
Ech erënneren drun, dass de Konzept Mobil 2020 virgeseit, den Zuch auszebauen a méi no bei d´Leit ze brengen. An der Stad gin nei Garen (Kirchbierg, Houwald, Céisseng) gebaut an d´Zuchlinnen ausgebaut, fir dass d´Leit nët allegur mussen op der heiteger Gare erausklammen. Den Tram geht vun där Gare bis bei déi um Kirchbierg, a spéider vleicht nach bis Hollerech. Secher mussen mer och versichen, méi Betrieber a Verwaltungen ze dézentraliséiren, wat méi séier gesot wéi gemaacht ass. Mais dat Verkéierskonzept matt Tram, Zuch a Bus combinéiert ass schlësseg. Als Stader Gemengepolitiker gesin ech fir den Abléck keng Alternativ dozou.
Matt beschte Gréiss
Ben Fayot