Bonjour Herr

,
Merci fir är Froen, op déi ech heimat probéieren ze entweren.
Dir schwetzt insgesamt den Encadrement vun de Klassen an dem Léierpersonal un.Wat d´Schoulinspekteren ugeht, sin déi jo an de leschte Joren iwerduecht gin. Sie sin op Regionalbureaux´en verdeelt, fir méi no bei hirem Betätigungsfeld ze sin. Sie sin do, fir Uspriechpartner fir Elteren a Léierpersonal ze sin. A mengem Verständnis sollen se natirlech d´Schoulhalen iwerwaachen (während nom neie Schoulgesetz d´Gemengen fir d´Disziplin vum Schoulpersonal zoustenneg sin), besonnesch um pädagogeschen Plang. Da schwetzt der de Schouldirekter un. D´LSAP war géint e Schouldirekter, well mer wëllen, dass d´Léierpersonal an de Schoulen, déi jo autonom gin, hir Verantwortung iwerhuelen, hir Schoul ze leeden an ze animéieren, pädagogesch Innovatiounen durchzezéien. Mir hätte gär, dass um Terrain vun ënnen erop pädagogesch Erneierung geschitt. Mir mengen awer nët, dass en Direkter vun uewen erof wéi matt engem Coup de baguette magique d´pädagogesch Innovatioun durchsetzen kann.
De Kompromëss ass jo, dass aus dem Comité vun den Enseignanten e Präsident gewielt gët, deen fir 5 Jor eng Ernennung kritt an eng Partie vu Coordinatiouns- an Directiounskompetenzen kritt.Dir schwetzt vu grousse Schoulen; et soll esou sin, dass a gréissere Lokalitéiten d´Schoulgebeier esou regroupéiert gin, dass d´Grondschoul nach ëmmer eng "école de proximité" fir d´Kanner bleiwt, d.h. dass mer secher keng Schoulen vun 1000 oder méi Schüler wëllen, wéi am Secondaire. Dofir gesin ech och nët, dass een elo den administrativen Iwerbau nach weider ausbauen soll (a wou géiwen mer dann all déi Leit hirhuelen?).Fir d´Léierpersonal ze ënnerstëtzen, sie ze beroden, gët ët d´Inspekteren, gët ët Weiderbildung, soll d´Matteneen an d´Zesummenaarbecht um Terrain ausgebaut gin. Wann eng Schoul;eng autonom Entitéit gët, werden d´Enseignants´en an all déi Intervenants´en vun där Schoul dach wuel zesummenreckelen an zesummen hir Problemer ugoen.
Mat beschte Gréiss
Ben Fayot