Den elo vum EU-Parlament an éischter Lecture beschlossene Projet de Loi gesäit Verbesserungen fir Konsumente vir:
D' Produzente mussen d' Donnéeën zu Energie-, Salz-, Zocker- a Fettgehlat vir um Pak affichéieren.
- Energie- an d' Nährstoffquantitéit sinn ëmmer pro 100g oder 100ml unzeginn.
- Weiderhin muss fir di éischte Kéier d' Provenance d' Origine vu Fleesch, Fësch, Gefligel a Mëllechprodukter déclaréiert ginn.
- Enplus däerf Mëllech, déi traitéiert gouf, fir se méi laang wei 7Deeg drenkbar ze maachen net méi als frësch Mëllech charakteriséiert ginn.
- Ongesond Transfetter, awer och Appetitanreger a Nanofood(Liewensmëttel, déi Nanopartikel enthalen), sollen vun elo uns charakteriséiert ginn.
- Liewensmëttel déi Süssstoff (Monsanto Aspartham asw) enthalen, mussen op der Frontsäit vum Emballage affichéiert sinn.
Insgesamt hunn 559Deputeiert mat Jo, 54 mat Neen an 32 Deputéiert hunn sech enthalen.
Deen vum EU-Parlament beschlossenen Projet de Loi geet elo an de Ministerrot, e schnellen Accord gëtt awer net erwaart. Sollt d'Parlament dëst Gesetz dann an zweeter Lecture endgülteg beschléissen, hunn déi concernéiert Entreprisen dräi Joer Zäit fir d' Adaptatioun.
Keng Majoritéit gouf et dogéint fir d' Introduktioun vun enger Liewensmëttel Verkéiersluucht( zur Ofstëmmung)