Carlo De Toffoli (Déi Gréng)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Carlo De Toffoli
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
Ass reng theoretesch gesin gud a luewenswert, well et vill Misère an Burokratie geif spueren, mais praktesch ganz ganz schweier realisabel. Et ass keng Incitatioun fir eng Schaff ze sichen! Wat soen dann dei Leit, dei sech all Dag krepeieren? (...)
 
Froen un Carlo De Toffoli
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
19.05.2009
Vum:

Carlo De Toffoli
Hei zu Lëtzebuerg ass et méiglech, dass een Titulaire z. Bsp Relioun a Franséisch am Secondaire gëtt. Oder Englesch a Relioun. A sou ähnlech.
Ass dat iwwerhaapt legal?
A gëtt et dat och am Primaire?

Merci
PP
Äntwert vum Carlo De Toffoli
bis elo kengRecommandatiounen
19.05.2009
Carlo De Toffoli
Jo, dat get et, mais et ass meeschtens "pour besoin de service" well keen aneren Proff disponibel ass. Lyceen hun akuten Personalmangel. Ech sin Economiesprof, hun awer och schon Mathe oder Geschicht gin.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
23.05.2009
Vum:

Gudden Owend Här de Toffoli,

Ech wollt juste froen ob ech mein Thema vum Dossier nach eng Keier keint wieselen, well dir haat Recht, an beim "Rouge à lèvres" fennt een nach manner wei beim "vernis à ongles"...dofir geif ech lo d´Firma "L´Oreál" als Thema hueln, wann daat nach geet fir ze änneren?
Deet ma Leed dass ech ierch hei iwwer des Seit muss schreiwn, mee hun äer E-mail Address net fonnt, also di vun education.lu...
(daat heiten kennt Dir och dono löschen):)

.
Äntwert vum Carlo De Toffoli
bis elo kengRecommandatiounen
23.05.2009
Carlo De Toffoli
Keen Problem!
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr De Toffoli,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr De Toffoli, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Lux. Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
28.05.2009
Vum:

Bonjour Här De Toffoli
Ech weess, et gëtt méi wichteg Themen wéi den Tram. D’Wirtschaftskris, Nordkorea, Bankgeschäfter, Drëtt Welt. D’Championsleague, Tour de France etc. :-)
Mee de Stater Tram geeschtert nach ëmmer regelméisseg an hefteg ëmstridden duerch d’Medielandschaft.
Nun, d’Stad Lëtzebuerg ass net d’Land Lëtzebuerg. Mee d’Bevëlkerung vum Land muss awer finanziell ferm hëllefen, wann et z.Bsp. ëm sou e Projeten wéi de Stater Tram geet. Duerfir fannen ech et och verständlech, dass de Wieler sech Gedanken iwwer sou opwändeg Pläng, wéi z. Bsp. den Tram mécht.
Meng Fro:
wat géng dat kaschten, wa mer géngen nëmme méi Park&Ride ausbauen (zwee- an dräistäckeg) an elektresch Busse kafen an déi al verschrotten an de nächste Joren? An nëmmen hallef sou laang Bussen asetzen wéi de Moment, mee duebel sou dacks? Ginn et Etüden doriwwer oder Gedankegäng vun interesséierten Gemengen- a StaatspolitikerInnen?
Merci eventuell am viraus
PP

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Carlo De Toffoli
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.