Christian Kmiotek (Déi Gréng)Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.
Zur Person Christian Kmiotek
"Villes mat deem ech mech beschäftegen an daat mech beschäftegt, haaptsächlech SOZIALES an KULTUR"SOZIALES
Berufflech
Ech bilden als chargé de cours zukünfteg Erzéierinnen an Erzéier am LTPES (Lycée Technique pour Professions Educatives et Sociales) aus. Meng Spezialitéit as « Sonderpädagogik », dofir maachen ech och en speziellen Internet-Site fir meng Schüler/innen pedagogie.speciale.mysite.lu
Fir den Ministère de l’Education nationale (MENFP) koordinéiren ech eng Revisioun vun den Programmen vun der Erzéiher/innen-Ausbildung.
Ech ënnerriichten och als « enseignant-chercheur associé » op der Uni Lëtzeburg am BPSSE - Bachelor Professionnel en Sciences Sociales et Educatives (zukünfteg « éducateurs gradués ») & an der Formation Pédagogique (zukünfteg Lycées-Proffen)
doniewt:
Präsident vun der Fondation Kannerschlass.
Vizepräsident vun APEMH société coopérative
KULTUR
Berufflech
Ech sin Partner (niewt dem Jani Thiltges an dem Claude Waringo) vun der gréisster Lëtzebuger Filmproduktiounsfirma SAMSA FILM. Ech produzéieren keng Filmer, ma ech sin fir den "back office" zoustänneg. Mat menger klenger Equipe këmmeren ech mech ëm d’Finanzen an ëm d’Administratioun.
Mäi Wëssen a Kënnen an deem Beräich deelen ech mat Professionnellen aus ganz Europa, andeems ech an der Weiderbildung vun Professionnellen aus dem Filmberäich aktiv sin. Speziell um Härz läit mer do den FILM FINANCE FORUM, denn ech schon säit engen Joërzengt eng Kéier pro Joër zu Lëtzeburg organiséieren.
Als Expert beroden ech d’Europäësch Kommissioun vu Bréissel, wann et drëm geet, Hëllefen un europäesch Film- an TV-Produzenten am Kader vum EU-MEDIA-Programm ze vergin.
doniewt:
Ech stin schon säit 1975 op der Theaterbühn. Heiansdo sin ech och a Filmer ze gesin, ma den Theater as meng grouss Leidenschaft.
Vizepräsident vun der KULTURFABRIK.
Trésorier vun der Theaterfederatioun - FLTP - Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.
Vizepräsident vun der Utopia S.A. .
Am Kulturministär präsidéieren ech eng Kommissioun déi den Minister beréit iwert den Statut vum Artiste an iwer d’ "intermittents de spectacle".