Moien Här

,
Eng komplizéiert, oder éischter vernetzten Fro. Et kéint een elo laang aushuelen an dervun schwetzen, datt mer all Deel vun der Globaliséierung sin (sou wéi mer och mueres an owes Deel vun Stau sin) andeems mer gär alt erëm nei Kleeder bei Zara, bëlleg Miwwelen an Ikea an Erdbier och virun an no der Saison kafen. An datt mer eis also all missten änneren an anescht liewen. Ma menger Meenung no ännert d´Mass vun den Mënschen sech nëmmen, wann d´Verhältnisser an denen se liewen sech änneren.
An dat as jo och Är Haaptfro: wat kann d´Politik maachen fir déi Zoustänn ze änneren?
Mer mussen dozou kommen, datt d´Aarbecht manner (oder vläit esouguer guer net méi) besteiert gëtt an awer dofir d´Kapital an virun allem d´Benotzen vun den Ressourcen (Energie, Waasser, Land, matières premières, ...). Well am Moment wanderen jo Aarbechtsplazen aus (West-)Europa aus, well et fir Produzenten an aneren Deeler vun der Welt méi belleg Aarbechtskräften gëtt. An well den Transport vun Hamburg op Lëtzeburg genau esou vill kascht wéi den Transport vun Shanghai op Hamburg.
Wa mer awer eng ekologësch Steierreform maan an
a) d´Aarbecht net méi besteieren an och den Betriber, déi Leit beschäftegen, steierlech entgéint kommen,
b) dogéint awer d´Benotzen vun den Ressourcen besteieren,
da féiert dat derzou datt Betriber mat den Ressourcen vill méi spuersam ëmgin (dat mecht ökonomësch an ökologësch Sënn) an mer Aarbechtsplazen hei behalen.
Mat beschte Gréiss.
Christian KMIOTEK