Christian Kmiotek (Déi Gréng)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Christian Kmiotek
Joergang
1960
Berufflech Qualifikatioun
Sozialpädagog (educateur gradué)
Ausgeübte Professioun
chargé de cours Uni.lu & LTPES / fräischaffenden Expert fir Soziales, Bildung & Kultur
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) Mer mussen dozou kommen, datt d´Aarbecht manner (oder vläit esouguer guer net méi) besteiert gëtt an awer dofir d´Kapital an virun allem d´Benotzen vun den Ressourcen (Energie, Waasser, Land, matières premières, ...). Well am Moment wanderen jo Aarbechtsplazen aus (West-)Europa aus, well et fir Produzenten an aneren Deeler vun der Welt méi belleg Aarbechtskräften gëtt. (...)
 
Froen un Christian Kmiotek
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Integratioun
14.05.2009
Vum:

Christian Kmiotek ,
wat ass Är Meenung zu folgender Annonce an enger lëtzebuergescher "Zeitung":
Letzb. Botzfra mat Erfahrung sicht Aarbecht zu Ettelbréck oder Dikkrech.
Merci
Äntwert vum Christian Kmiotek
bis elo kengRecommandatiounen
14.05.2009
Christian Kmiotek
Moien,
Dëst weist zwou Saachen.
Datt an eiser emmer méi liberaliséierter Welt, den Mënsch sech a seng Aarbechtskraaft muss beschtméiglech verkaafen. Leider.

Et weist awer och, datt et Leit gëtt, déi anscheinend esou rassistesch denken, datt nëmmen Lëtzeburger/innen fir en Job a Fro kommen. Wat dann dës Fra forcéiert, sech ob eng rassistesch Art a Weis ze verkafen. Schlëmm.

Dat schrecklechst as awer, datt et bei den Wahlen Parteien gëtt, déi di eng oder di aner oder di zwou Situatiounen normal fannen oder souguer nach sech dofir asetzen.

Bescht Gréiss.

Christian KMIOTEK
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
18.05.2009
Vum:

Metteg,

Ma ech wollt är Meenung zu der Directive Bolkenstein wessen.

Gifft dier, fier oder geint d´Herkunftslandprinzip stemmen, a firwaat?
Äntwert vum Christian Kmiotek
bis elo kengRecommandatiounen
18.05.2009
Christian Kmiotek
Moien,

Meng Positioun as déi vun menger Partei a ganz kloër:
Ech sin derfir fir de selwechten Loun fir déi selwecht Aarbecht op der selwechter Plaz ze bezuelen. Dat heescht zum Beispill, datt en auslänneschen Aarbechter deen hei zu Lëtzeburg schafft no Lëtzeburger Kollektivvertrag oder Lëtzeburger Mindestloun muss bezuelt gin. Also kloër géint "Bolkestein".

Mat beschte Gréiss.
Christian KMIOTEK
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
27.05.2009
Vum:

Nowend Här Kmiotek,
Wat haalt Der vum Gedanken, dass hei am Land, an der EU, op der Welt d’Aarbecht misst bei d’Leit kommen an net d’Leit bei d’Aarbecht?
A wéi kann d’Politik do hëllefen?
Merci eventuell am viraus
PP
Äntwert vum Christian Kmiotek
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Christian Kmiotek
Moien Här ,

Eng komplizéiert, oder éischter vernetzten Fro. Et kéint een elo laang aushuelen an dervun schwetzen, datt mer all Deel vun der Globaliséierung sin (sou wéi mer och mueres an owes Deel vun Stau sin) andeems mer gär alt erëm nei Kleeder bei Zara, bëlleg Miwwelen an Ikea an Erdbier och virun an no der Saison kafen. An datt mer eis also all missten änneren an anescht liewen. Ma menger Meenung no ännert d´Mass vun den Mënschen sech nëmmen, wann d´Verhältnisser an denen se liewen sech änneren.

An dat as jo och Är Haaptfro: wat kann d´Politik maachen fir déi Zoustänn ze änneren?

Mer mussen dozou kommen, datt d´Aarbecht manner (oder vläit esouguer guer net méi) besteiert gëtt an awer dofir d´Kapital an virun allem d´Benotzen vun den Ressourcen (Energie, Waasser, Land, matières premières, ...). Well am Moment wanderen jo Aarbechtsplazen aus (West-)Europa aus, well et fir Produzenten an aneren Deeler vun der Welt méi belleg Aarbechtskräften gëtt. An well den Transport vun Hamburg op Lëtzeburg genau esou vill kascht wéi den Transport vun Shanghai op Hamburg.

Wa mer awer eng ekologësch Steierreform maan an
a) d´Aarbecht net méi besteieren an och den Betriber, déi Leit beschäftegen, steierlech entgéint kommen,
b) dogéint awer d´Benotzen vun den Ressourcen besteieren,
da féiert dat derzou datt Betriber mat den Ressourcen vill méi spuersam ëmgin (dat mecht ökonomësch an ökologësch Sënn) an mer Aarbechtsplazen hei behalen.

Mat beschte Gréiss.

Christian KMIOTEK
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Christian Kmiotek
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.