Claude Adam (Déi Gréng)

Claude Adam
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
Schoulinspekter
Ausgeübte Professioun
enseignant vacataire uni.lu, Deputéierten
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) An de Schoulen werten an Zukunft nit nëmmen just Léierinnen an Schoulmeeschteren schaffen, mee och Educateuren, Psychologen, Orthophonisten an nach vill aner "Spezialisten". (...)
 
weider Profiler
Froen un Claude Adam
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
15.05.2009
Vum:

Claude Adam,
et geet vill iwwert Schoul riets, iwwer Léierpersonal, Schoulgesetz ... D´Thema "Schouldirekter (m/w!)" ass och Thema. An och de Schouldelegéierten (nëmmen een pro Schoul?) ass am Gespréich. Fannt Dir, dass d´Tâche vum Schoulinspekter (m/w!) misst iwwerduecht ginn? Ass een Direkter (Rektor?) oder eng Directrice fir grouss Schoulen wéi Stad, Esch, Ettelbréck, Housen etc net onëmgänglech? Misst a sou grousse Schoulen net méi wéi een Inspekter zoustänneg sinn oder méi Delegéierter? Misst vläicht Léierpersonal net och superviséiert ginn? Ech mengen net: kontrolléiert, mee konkret ënnerstëtzt fir hir Kompetenzen ze stäerken? Méi Pai ass zwar eng Aart Unerkennung a wichteg, mee ...
Merci
Äntwert vum Claude Adam
bis elo kengRecommandatiounen
17.05.2009
Claude Adam
Zu den Schoulinspekteren:
déi gréng sin der Meenung, datt de Rôle vun den Schoulinspekteren eng Kéier hätt misten diskutéiert an nei definéiert gin. Dat ass leider nit geschitt. D´Inspekteschressorten gin nei opgedeelt, et ginn 2 Ressorten méi ewéi virdrun, gréisser Ännerungen gëtt et keng.
zu dem Schouldirekter am neie Gesetz ass decidéiert gin, datt mir keng Schouldirekteren an eisen "écoles fondamentales" kréien, mee ee President vun engem Comité, dien zwar eng ganz Rei Aufgaben huet, dien awer keen Chef an der Hierarchie ass. Mir bedaueren dat. Mir fannen et zwar gutt, datt all Schoul ee Comité kritt, wou méi Leit mattschaffen, diskutéieren an decidéieren, mir wieren awer frou gewiecht, wann et och een Direkter an de Schoule gi wier. An de Schoulen werten an Zukunft nit nëmmen just Léierinnen an Schoulmeeschteren schaffen, mee och Educateuren, Psychologen, Orthophonisten an nach vill aner "Spezialisten". Do gëtt et ënnerschiddlech Aerbechtsstatuter, Problemer sin virprogramméiert. Een Direkter wier och méi visibel fir d´Elteren, esou een Direkteschposten misst och no engem bestëmmten Profil geschaf gin: Managment vun enger Organisatioun, Menschekenntnis, Sachkenntnis...
zu der Supervisioun
Supervisioun huet jo effektiv näischt matt Kontroll ze din, mee ass eng fachlech a mënschlech Begleedung, déi an villen sozialen Beruffer selbstverständlech ass. Mir gingen et och wichteg fannen, wann an eisen Schoulen eng Supervisioun zumindest ging ugebueden gin.

merci fir aeren Interessi!

Claude Adam
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
17.05.2009
Vum:
Tun

Betreff: Enseignement: Carrière:
Meng Ausbildung: 1964 Première, section industrielle ( indispensable fir kennen op den "Institut" ugeholl ze gin) Pech gehaat: mat selwechtem Resultat ass de Kolleeg vun der Latine ugahol gin, ech net. (Regel: Latine,1,5 coeffizient; Moderne, 1 coeffizient. Das wars mat menger Carrière am Enseignement!?? MITNICHTEN! Ech sin op d´Uni gang, hun certifen gemat di nie hei am Land unerkant goeffen, hun en examen d´admission au stage gemaat pour l´enseignement professionnel de speider och gülteg war fir den enseignement secondaire technique, hun 35 Joer am enseignement secondaire technique Franseisch a Geschicht enseigneiert niewt menge Kollege vum E7. WAR 36 JOER zefridden am E5 !!! Lo op eemol, aus heiterem Himmel, gin Leit aus dem Grad E3 oder E4 an mei grad E5 befördert. Kann ech nët novolzeien. WOU BLEIWEN ECH AN DEEM GANZE SPILL??? GIN ECH ELO OCH NACH ZU GUDDER LESCHT NACH DECLASSEIERT???
Äntwert vum Claude Adam
bis elo kengRecommandatiounen
21.05.2009
Claude Adam
Här ,

Wann dir 36 Jor zefridden an aerem Beruff an am E5 wart, verstin ech nit esou richteg, firwat datt dir elo esou onzefridden sidd.
Ganz allgemeng ass ee Problem bei den Carrièren beim Staat, fir déi Leit, déi een bac + Studium, awer keen master gemet hun. Déi eenzeg Beruffsgrupp, déi hiere Studium elo unerkannt krut, sin d´Schoulmeeschteren. De Problem ass éischter, datt aner Beruffsgruppen hier Studien nit unerkannt kruten. Et huet sech een bac + comité zesummefond, déi eng Rei berechtegt Fuerderngen opstellen. Ech wéisst nit firwat datt dir sollt "deklasséiert" gin.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
24.05.2009
Vum:

Gudden Owend Här ADAM

Bei der "table ronde" zum Thema Edukatioun e Freiden 22. Mee op RTL stung zu engem Moment de Sujet vum "Werteunterrecht" un, an d’Fro am Raum, wèi solch een Unterrecht sollt ausgesin a wien e soll haalen.

Meng Fro elo hei dozou.: Zur Zait leeft eng Weiderbildung vun 120 Stonnen am Kader vum SCRIPT, wou eng ganz Rei Leit an d’Didaktik vum "Philosophieren mit Kindern" agefouert gin. Wär et net logesch, dess Leit an desem Beräich an eise Grondschoulen anzesetzen, an dem Sënn, dass hir erwuerbe Kompetenzen net verluer gin an um Terrain kennen emgesaat gin?

Äntwert vum Claude Adam
1Recommandatioun
25.05.2009
Claude Adam
Meng Äntwert:

Et wier natiirlech logesch, déi Leit esou anzesetzen, mee den allgemengen Werteunterrecht ass jo mol einstweilen nit am neien Schoulgesetz festgehale gin.
Prinzipiell sinn ech allerdings der Meenung, datt d´Uni sech misst fundamental matt der Formatioun vum Léierpersonal auserneen setzen. Am Moment gëtt jo een Generalist ausgebild, deen alles kann fir d´Kanner vun 3-15/16 Joer z´enseignéieren.
En zimlech staarken Drock bestet fir d´Turnstonnen vun extra ausgebildten Leit halen ze loossen, ähnlech Gedanken féieren d´Musiker, an dir sot zurecht, datt och déi Leit, déi eng speziell Formatioun am Beräich vum Werteunterrecht hun sollen zum Asaatz kommen.
Da stellt sech d´Fro, wéi wäit een an der "Grondschoul" soll vum "Generalist" op een gefächerten Unterrecht hin goen.

Do hun ech eng Rei Iddien, déi diskutéieren ech och gaeren, mee duerfir ass esou eng Mail awer nit déi richteg Plaatz...
Mat beschten Gréiss!

Claude Adam
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Adam,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Adam, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Claude Adam
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.