Claude Frentz (Déi Lénk)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Claude Frentz
Meine Links
Froen un Claude Frentz
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Frentz,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Frentz, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Claude Frentz
1Recommandatioun
28.05.2009
Claude Frentz
Gudden Moien Här

Merci fir är wichteg Fro! Wat dir beschréift as absolut inakzeptabel an weist datt et net duergeet wann den Gondheetsminister eng Pressekonferenz no der aanerer zum Thema Psychiatriereform organiséiert wann um Terrain Betraffener keng adequat Hellef kréien. Dat as esouguer een Skandal deen mer an enger question parlementaire och kéinten thematiséieren wann mer an der Chamber sin.Ech delen ob alle Fall 100% är Meenung dat et sech héi em Gewalt an Folter handelt. Är Idee fir eng Enquetekommissioun zum Thema Abusen un Patienten an der Psychiatrie an d’Liewen ze ruffen fannen ech ganz gudd. Och den Ombudsmann sollt Spriechstonnen an zouen Strukturen maan. Ech kennen eng Retsch Fäll fun Menschen déi zu Ettelbréck an deem schrecklechen Héighaus agespaart goufen an do vernolässegt an total inkompetent behandelt goufen respektiv esouguer maltraitéiert gin sin. Des Wourecht öffentlech ze maan fannen ech och richteg fir endlech déi richteg Konsequenzen ze zéien an an Zukunft all Patient mat ALL sengen Menschenrechter ze respektéieren.Deen Usatz deen der do aus dem saarland beschréiwt fannen ech interessant well ech mech selwer schon mam thema ANTI-Psychiatrie ausernaanergesat hun an grondsätzlech extrem skeptesch vis a vis fun der réng medikamentöser Behandlung fun Psychiatriepatienten sin. Ganz fill – wann och net all – Patienten brauchen an aller eischter Linn emol Léift, een schéint, sozialt an emotionalt Emfeld. Mir mussen an desem Feld emdenken an do as all Usatz interessant. Mais an der Chamber misst dozou och een Hearing organiséiert gin fir all déi kritesch stemmen emol zu Wuert kommen ze lossen. Ob alle Fall wënschen ierch nach fill Ausdauer an ärem wichtegen Kampf an sidd versechert datt der bei den Lénken een Allierten fir är cause fannt.



Scheinen Daag

Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
29.05.2009
Vum:

Monsieur Frentz,

Quelle politique devrait-on poursuivre en matière de drogues (stupéfiants) et de sans abris? La situation économique risque d’accentuer ce triste phénomène et fléau de notre société.

Meilleures salutations,


Président « Stëmm vu Bouneweg »
Äntwert vum Claude Frentz
4Recommandatiounen
30.05.2009
Claude Frentz
Merci Här fir är wichteg Fro !

Fir d’eischt well ech virausschecken datt et den Lénken ob keen Fall em eng Verharmlosung fum Drogenkonsum geet. Dowinnst as et prioritär noutwënneg an den Schoulen fill méi massiv wéi haut objektiv Informatiounen iwwert d’Wiirkung fun den verschidenen Drogen ze vermettelen an fir un allem och déi Jonk stark an responsabel ze maan fir spéider besser kennen ofzeschätzen wat d’Konsequenzen fum Drogenkonsum sin. Den fundamentalen Widersproch an der aktueller Approche fun der Regiirung as datt et Drogen gin déi zwar gesondheetlech extrem negativ Auswiirkungen hun wann se exzessiv konsuméiert gin awer nawell legal sin (Nikotin, Alkohol, ...) während aaner liicht Drogen wei den Cannabis zwar weineger Auswirkungen ob d’kiirperlech Gesondheet fum Konsument hun awer trotzdem verbueden sin. Dobai gett des Prohibitioun fum Cannabis duerch d’kontrolléiert Ofgab fun deser Drog an Holland an dem Recht ob Ubau an der Belsch total onwirksam an féiert just dozou datt um Schwarzmarkt Cannabisprodukter verkaf gin déi gestreckt goufen rerspektiv esouguer chemesch verännert goufen wat eng zousätzlech Gefor fir d’Gesondheet duerstellen. Wann den Staat Drogen kontrolléiert géif ofgin – liicht Drogen z.B. an Koffee-Shopen an haart Drogen géint Rezept an Abdikten – dann géif den Schwarzmaart zesummenbriechen an d’Gefor fun der Beschafungskriminalitéit géif massiv erofgoen. Wann ech elo spezifesch iwwert Cannabis geschwat hun dann well ech mengen datt fill fun den Léit déi Pellen, Crack an aaner extrem haart Drogen konsuméieren duerch eng méi tolerant Politik vis a vis fun liichten Drogen manner schnell déi wiirklech geféierlech Substanzen huelen géifen.

An der Geschicht huen Verbueder an d’Kriminaliséierung fum Drogenkonsum nach ni geklappt – wéi z.B. d’Prohibitiounsgesetzer géint den Alkohol an den USA ufanks den 30er Joeren kloer gewisen hun - well Menschen fun allen Zaiten Drogen gehol hun an se och an Zukunft emmer wärten huelen. D’Fro as just wéi kann eng Gesellschaft den Drogenkonsum esou reguléieren datt hien net zum kollektiven Problem gett wat zu Letzebuerg awer emmer méi den fall gett. An do kann ech just soen datt déi repressiv Schinn déi den Här Frieden sait Joeren fiirt total gescheitert as an et esou lues Zait gett eng eierlech an fill méi oppen Approche an desem Domaine ze kréien. Holland an d’Belsch maan eis et fir an vilait sollten mer eis emol eischter un hirer Politik orientéieren wei der sennloser Zero-Tolerance-Politik aus den USA.

Schéin Gréiss
Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Frentz
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.