Claude Frentz (Déi Lénk)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich.

Claude Frentz
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
Déi Lénk sin grondsätzlech der Meenung, dass et zu engem Ausbau, fun den sozioedukativen an soziokulturellen Arichtungen kommen muss déi d´Chancengleichheit förderen (integrativ Ganzdagsschulen, Maisons-relais mat méi pädagogischer Begleedung an geschultem Personal). (...)
 
Froen un Claude Frentz
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Nationales
17.05.2009
Vum:
Bob

Bonjuer Här Frentz,

Wei geifen dei Lenk d´Wunnengsnout an den Greff kreien respektiv et rem meiglech maachen dass eis Kanner net mussen hannert d´Grenz wunnen goen mee sech erem kennen erlaaben hei zu Lëtzebuerg nidderzeloosen?
Äntwert vum Claude Frentz
1Recommandatioun
17.05.2009
Claude Frentz
Merci Här fir des Fro!

Fir déi Lénk war d´Wunnfro emmer schon eng zentral Fro an mir hun aktuell folgenden Video produzéiert deen an 10 Minuten eis Haaptfuerderungen an desem Beraich erklärt. Héi kennt der desen Video kucken:
www.dei-lenk.lu/node/122

Ob der selwechter Sait kennt der och eng speziell Broschure zum thema Wunnen eroflueden.

E puer konkret Fuerderungen aus eisem Wahlprogramm:

"déi Lénk haben klare Vorstellungen, wie nach Jahrzehnten der Untätigkeit der Regierungen das Ruder in der Wohnungsbaupolitik herumgeworfen werden kann.
1. Bezahlbaren Wohnraum schaffen. 3800 Wohnungen werden jährlich gebraucht: sie sollen im Rahmen öffentlicher Programme gebaut werden (Staat, Gemeinden, Fonds du Logement und SNHBM). Nach einer anfänglichen Dotierung, soll der Fonds durch Mieten, Mietkauf (leasing) und Kaufpreise gespeist werden.

2. Die Wirtschaft durch Wohnungsbauprogramme ankurbeln. Wir wollen damit jährlich 2000
zusätzliche Wohnungen bauen. Ein solches Programm kostet etwa 500 Millionen jährlich. Ist der Fonds anfänglich aufgestellt, soll er durch die Erhöhung der Grundsteuer auf Zweitwohnungen und auf brachliegendem Bauland sowie durch die Einnahmen aus Mieten und Mietkauf gespeist werden.

3. Ein umfassendes Programm zur Sanierung der Altwohnungen, unter anderem um den Energieverbrauch an die Notwendigkeit des dringenden Klimaschutzes anzupassen. Dabei dürfen die Sanierungskosten nicht auf die einkommensschwachen Mieter und Hausbesitzer abgewälzt werden.

4. Die Gemeinden in die Verantwortung ziehen. Wir wollen den Gemeinden vorschreiben, dass
mindestens 10 % aller Wohnungen auf ihrem Gebiet Sozialwohnungen sein müssen. Der Verteilungsschlüssel der öffentlichen Gelder an die Gemeinden muss so geändert werden, dass die Gemeinden belohnt werden, die bezahlbaren Wohnraum schaffen und die bestraft, die es nicht genügend tun.

5. Wohnungen bauen statt spekulieren. Wir wollen zusammenhängende Baulandgebiete
enteignen, um größere Wohnungsprojekte zu ermöglichen. Wir wollen die Grundsteuer auf
größerem Bauland in jedem Jahr verdoppeln, in dem es nicht bebaut wird. Wir fordern einen
zeitweiligen Baupreis- und Mietstopp, bis die Wohnungsnot behoben ist. Wir wollen den
Mietkauf mit staatlicher Garantie systematisch ausbauen.

6. Die Rechte der Mieter verteidigen. Wir wollen die sozialen Mietkommissionen reformieren,
damit die Mieter von ihren Rechten auch Gebrauch machen können. Die Bürgermeister müssen
ihre Genehmigungspflicht bei kollektiven Wohnungen (Stichwort Vermietung von Zimmern ohne
Bad und WC zu Wucherpreisen) wahrnehmen.

7. Wohngeld für einkommensschwache Mieter. Niemand soll mehr als einen bestimmten
Prozentsatz seines Einkommens (nach Haushalt und Einkommen gestaffelt) für die Miete
ausgeben müssen. Der Wohnungsmarkt mit seinen überhöhten Mieten drängt viele
Alleinerziehende, junge Menschen oder Studenten, kinderreiche Familien in die Armut. In den
Nachbarländern gibt es Wohnungshilfen für Kleinverdiener, im reichen Luxemburg nicht. Deshalb
wollen wir ein Wohngeld für Mieter einführen, das nach dem Einkommen gestaffelt ist.

8. Innovative Wohnprojekte müssen massiv staatlich gefördert werden. Die Zukunft des
nachhaltigen Lebens liegt auch in ökologischen und sozialen Wohnprojekten. Deshalb müssen
Förderprojekte ausgearbeitet werden, die gesellschaftlich innovative und nachhaltige
Wohnformen stark subventionieren, z.B. für einen möglichst geringen Ressourcenverbrauch bei
möglichst hoher Wohnqualität für ein menschenwürdiges Wohnen für alle.


Mei zum Thema fannt der och an eisem Wahlprogramm ennert Punkt 6 mam Titel: "Wohnen ist ein Menschenrecht"

Wann der nach eng zousätlech Fro hudd dann zeckt weg net ierch nach eng kéier ze mëllen.

Merci
Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Kanner & Jugend
19.05.2009
Vum:

Claude Frentz
Wéi géng Är Partei virgoen, fir d´Mëssstänn an de Crêchen, Maison de Relais, Foyers scolaires etc. z´eliminéieren. (Zevill Kanner op ze mann Personal. Déi richteg a bescht Qualifikatioun.)
Huet de Staat do iwwerhaapt Afloss, sou wéi an der ëffentlecher Schoul?
Et soll Educatricen (euren?) ginn, déi hir Aarbecht an esou enger Ariichtung mat Begeeschterung ugefaang haten, an no kuerzer Zäit de "Geescht " opginn hunn, well se d´Aarbechtsbedingungen net méi gepackt hunn. Et ginn och Plazen, wou Hausfraen asprangen, fir de Betrib um Lafen ze halen.
Äntwert vum Claude Frentz
1Recommandatioun
20.05.2009
Claude Frentz
Merci Här fir des Fro

Déi Lénk sin grondsätzlech der Meenung, dass et zu engem Ausbau, fun den sozioedukativen an soziokulturellen Arichtungen kommen muss déi d´Chancengleichheit förderen (integrativ Ganzdagsschulen, Maisons-relais mat méi pädagogischer Begleedung an geschultem Personal). Dowinnst as et wichteg datt den Staat dofir suergt méi qualifiziert Personal mat festen Aarbechtskontrakter an sengen eegenen Strukturen anzestellen an dofir ze suergen datt dat och an net-staatlechen Infrastrukturen den Fall as.

Besonnesch déi Allerkléngst brauchen dat mescht an beschtqualifizéiert Personal. Den Staat an d?Gemengen mussen och héi erem hier Verantwortung iwwerhuelen amplaz se un privat Träger ofzegin déi oft no betriibswirtschaftlechen Kritären schaffen.

Héi nach een interessanten Artikel aus eiser gratis Internetzaitung goosch.lu zum Thema chèques-service aus lénker Siicht:

Alle Familien haben also ein Recht auf 3 Stunden gratis Kinderbetreuung ab dem 1. März 2009 soweit der Vorrat reicht. Einmal gab es die "Mammerent" als Wahlgeschenk, jetzt sind es die chèques-services. Die Mammerent war eine ideologisch sehr zweifelhafte Initiative der CSV, während die Ausdehnung der Kinderbetreuung eine fortschrittliche Seite hätte, gäbe es da nicht die Schaffung neuer Diskriminierungen im Berechnungsmodus. Doch die Mammerent wurde auch wirklich ausbezahlt, während die chèques-services oftmals keine Wirkung haben werden, weil das Angebot an Kinderbetreuungsstrukturen längst nicht reicht. "Overbooking" nennt man das, Frau Minister! Ist das nicht strafbar?

Wenn Plätze vorhanden sind, wird es manchen Familien möglich sein, Arbeit und Kindererziehung besser miteinander zu verbinden. Wenn die Betreuungsstrukturen da und dort auch noch ein pädagogisches Konzept haben und nicht einfach Bewahranstalten sind, dann können sie sogar die Chancengleichheit der Kinder fördern. Ausbau der Krippenplätze und der Auffangstrukturen für die Schulkinder, müsste in vielen Gemeinden noch immer die erste Priorität heißen.

Es verbirgt sich hinter dem Projekt von Marie-Josée Jacobs ebenfalls ein weiterer Vorstoß in Richtung der "selektiven Sozialpolitik": Allgemeine Sozialrechte, wie etwa das Kindergeld werden untergraben und durch Sonderleistungen ersetzt. 150.000 Grenzgänger, die sonst Recht auf die Familienzulagen haben, sind von der Manna ausgeschlossen. Die sozialen Rechte werden immer mehr von der Erwerbssituation abgekoppelt und präsentieren sich als Geschenke der gnädigen Politik. Es muss auch bemerkt werden, dass die CSV Ministerin die Abgeordnetenkammer umging und einfach ein "règlement grand-ducal" veröffentlichte. Seltsames Demokratieverständnis. »

Ech hoffen ierch e puer Elementer ob är Fro gin ze hun. Wann der nach méi Détailer wellt, zéckt net ierch bei mir ze mellen; ech leeden är Froen an Umiirkungen gären un eis Spezielisten an desem Domaine (Thérèze Gorza; Serge Urbany) wéider.

Schéinen Daag
Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
24.05.2009
Vum:

Nowend Här Frentz.
Ech schécke viraus, dass ech d´Meenung vun de Parteien ausféierlech kennen, wat d´Thema Schoul a Reliounsunterrecht ugeet.
Wou ech awer interesséiert wier, fir Är Meenung ze wëssen, dat ass wéi Dir dat gesitt, wann hei zu Lëtzebuerg e Proff (kee Paschtouer oder eng Nonn; och kee Katechetpersonal), am Secondaire de Jugendlechen Däitsch a Relioun gëtt. Oder Englesch a Relioun? Also een Hapfach mat Relioun derbäi. Ech sinn do net sou sécher, ob sou e Fall der Vue vun deene meeschte Parteien entsprécht. Ech weess éierlech och net, wat ech soll dovun halen. Ech wousst bis viru Kuerzem net, dass et dat gëtt hei am Land. Vläicht kënnt Dir mer sou e supposéierte Fall duerchliichten an hëllefen, mir dat verständlech ze maachen.
Merci
PP
Äntwert vum Claude Frentz
bis elo kengRecommandatiounen
24.05.2009
Claude Frentz
Gudden Owend Här ,

Merci fir är wéider Fro! Dat fannen ech allerdéngs och erstaunlech wat der beschréiwt well ech bis elo dofunner ausgangen sin datt d`Tutelle iwwert den Reliounsunterricht als eenzegt Fach eenzeg an eleng beim Bistum léit. Also misst och d´Personal wat Reliounscoursen gett och iwwert eng spezifesch Qualifikatioun verfügen - wei se z.B. um Fetschenhaff an der Katechetenausbildung vermettelt gett -. Egal wei een elo d´ Fro zur Platz fum Reliounsunterrecht gesait an do schwätzen sech déi Lénk jo fir eng kloer Trennung ob der enger Sait an der Aféierung fun engem allgemengen Cours iwwert praktesch Philosophie därft desen Fall an der momentaner Situatioun am Fong guer net existéieren. Vilait wéist des Situatioun och dorobs hin datt et der kathoulescher Kirch offensichtlech schwéier fant genuch qualifizéiert Personal ze fannen.Wann mer an der Chamber wiren kéinten mer doraus och eng Question parlementaire maan.

Bescht Gréiss
Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Schoulen
24.05.2009
Vum:

Claude Frentz ,
nach zu menger Fro vu virdrun:
ech huelen un, dass déi Leit eng Formatioun a Relioun an an där jeeweileger Sprooch hunn. Ech hat mech falsch ausgedréckt.
Wat mech stéiert, dat ass, dass eng an déiselwecht Persoun, déi an enger lëtzebuergescher Schoul Relioun an eent anert Fach gëtt. War dat net fréier sou bei de Pateren oder den Nonnen?
Oder geet dat vläicht hei zu Lëtzebuerg an enger Privatschoul an an enger ëffentlecher Schoul net?
Ginn et verschidde Gesetzer, deemno wéi eng Schoul et ass, privat oder ëffentlech?
Oder fällt dat vläicht ënnert eng apaart verstanen Autonomie vun där Schoul?
Merci
PP
Äntwert vum Claude Frentz
1Recommandatioun
26.05.2009
Claude Frentz
Gudden Moien Här

Ärt Beipill - wat et eben och an der öffentlecher Schoul gett - weist einfach wéi verfilzt d´kathoulesch Kiirch mat der öffentlecher Schou nach emmer as. Dowinst as et och esou wichteg Drock fir eng effektiv Trennung tescht Kiirch an Staat/Schoul ze kréien. Déi énk sin am Bündnis fir d´Trennung tescht kiirch an Staat dobai an kämpfen sait emmer fir eng laizistesch öffentlech Schoul.Doriwwer hinaus sollt den Staat och keng konfessionell Privatschoulen finanziell ennerstetzen. Wat den legislativen Cader ugeet zweschen Privatschoulen an öfentlechen Schoulen ugeet do sin ech am Moment iwwerfrot. Ech denken awer datt der des genau Informationen bei der associatioun Liberté de conscience béi deer ech och Member sin kritt: www.libco.lu

Schéinen Daag,
Claude Frentz
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
25.05.2009
Vum:

Firwat sinn net emol d´ Recht op Liewen durch d´Grondrechtsencharta vun der EU-Constitutioun gesechert
an ennert bestemmten Emstaenn d´Doudesstroof erem ermeiglecht gett?
Fier d´eischt well ech emol soen, dass et un Kierperverletzung grenzt den LissabonVertrag iwwerhaapt ze liesen!
Elo zreck zu menger Fro:
Am Art.II-62 VV steet klip a kloer dass d´Grondrechter iwwerholl gin.
Mee dann an der Foussnote vun der Foussnote, do steet d´Wouerecht!
"Eine Tötung wird nicht als Verletzung dieses Artikels angesehen, wenn sie durch eine Gewaltanwendung
verursacht worden ist, die unbedingt erforderlich ist, um jemanden gegen rechtswidrige Gewalt zu verteidigen….
einen Aufruhr oder Aufstand rechtmäßig niederzuschlagen….ein Staat kann in seinem Recht die Todesstrafe für
Taten vorsehen, die in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr begangen werden. Diese Strafe darf
nur in den Fällen, die im Recht vorgesehen sind und in Übereinstimmung mit diesen Bestimmungen angewendet werden."
Also ist die Todesstrafe in Kriegszeiten oder bei unmittelbarer Kriegsgefahr möglich.

Wann Dir elo soot : D´Doudesstroof steet hei zu Letzebuerg an kengem Gesetz mei. Richteg.
AWER wann d´EU Duerchfeierungsbestemmungen fir "Missiounen" d.h Krisch, fir Krisenreaktiounsasätz mecht,
wann d´EU z.B d´Regelung fir e solche Krischsfall trefft, welch d´Doudesstroof ermeiglechen,
dann kann een net mei soen, dass dest geint d´Grondrechter an der EU versteisst. Well genau dat wier un
deser Explicatioun ze moossen.

En Grondrechtschutz vum Liewen am Krischsfall oder bei onmettelbarer Krischsgefor gett et also net mei.
Well et europäesch Rechtsakten wärte sin, kann een se ne tun eisem Grondgesetz moossen.
Art.102GG.

Fannt Dir daat do wierklech gut? An sidd dir trotz desen FAKTEN nach emmer fir en JO zu desem Lissabonvertrag?
Äntwert vum Claude Frentz
3Recommandatiounen
26.05.2009
Claude Frentz
Gudden Moien Madame

Dir träfft den Nol voll ob den Kapp mat deser extrem interessanter Fro! Desen Absatz zur Doudesstrof stung telle quel och an der verflossener "EU-Verfassung" ganz hannen ennert "Explications". Ech hun als Grënnungsmember fum Comité NON à la constitution och ob desen ganz prezisen Punkt mat der Doudesstrof hingewisen an krutt eigentlech ni eng wiirklech Äntwert fun den Vertrieder fun den Chambersparteien déi jo all FIR d’"EU-Verfassung" an elo och all FIR den Traité de Lisabonne sin – am Fong een copy-paste fum Text firdrun – ouni awer nach eng Kéier wellen ze riskéieren fum Vollek während engem Referendum déi rout Kaart gewissen ze kréien. Déi Lénk kennen aus sozialpoliteschen, friddenspoliteschen, ökologeschen awer eben och aus Menschenrechtsgrënn ob keen Fall den Traité de Lisabonne ennerstetzen an hätten an der Chamber kloer mat NEE gestemmt. No den Wahlen fum 7.Juni wärten mer och alles maan fir eis iresch Kolegen fun Sinn Féin – an aanerer – z’ennerstetzen déi schon eng Kéier an hirem Land den Lissabonner Vertrag via Referendum gekippt hun an elo sollen dozou forcéiert gin nach eng Kéier ze wielen well den Herrschenden den Wellen fum Vollek offenbar net passt. Mat all eisen Kräften wärten mer d’irescht Vollek doranner encouragéieren nach eng Kéier NEE ze soen fir datt et endlech méiglech gett eng wiirklech demokratesch EU-Verfassung ze kréien. Um Beispill fun der Doudesstrof gesait een och wéi hypokrit eisen delegéierten EU-Minister Schmit as deen elo fir un kurzem an der Abbaye Neumünster 3O Joer Ofschafen fun der Doudesstrof zu Letzebuerg geféiert huet awer glaichzaiteg se duerch d’Hannerdir – via Lissabonner Vertrag - erem agefouert huet. Dir kennt an deser Fro ob déi lénk zielen well mat eis gett et keen Lissaboner Vertrag! Ech géif ierch bieden des konkret Fro och den Vertrieder fun den Chambersparteien ze stellen. Mol gespaant wei se sech an deser Fro erausrieden ...



Schéin Gréiss,

Claude Frentz

Déi Lénk
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Frentz
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.