Claude Meisch (DP)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Claude Meisch
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´Demokratesch Partei huet sech kloer zum Projet "Tram" opgrond vun de Konzepter "mobilitéit.lu" bzw. "mobil 2020" ausgeschwat an sech och an der Stad Letzebuerg aktiv zesummen mam Staat fir seng Realisatioun agesat. (...)
 
weider Profiler
Froen un Claude Meisch
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
13.05.2009
Vum:

Herr Meisch

Ech hun lo virun kurzem vum projet heiren fiir d studienzait fiir schoulmeechter vun 3 op 4 joer ropzeschrauwen.
Ech well just teicht kloerstellen dat ech nik selwer schoulmeechter leiren, dat heecht ech sin nik selwer betraff. ech muss ewer meng meenung vertrieden well ech et perseinlich als een skandal ugesin...
An de skandinavischen länner muss een fiir schoulmeechter 5 joer studeiren (also unisdiplom), dei politik viseiert ganz kloer een maximum un kompetenz, do kann ech och guer naicht dageint son...
Mee zu Letzebuerg as d laag eng ganz aaner. ech sin der meenung dat 1 joer mei studien an desem fall nik mei kompetenz, mee nemmen mei renumeration viseiren. Ech kennen perseinlich etlich schoulmmechteren, verschiddener dei zu bastnich, aanerer dei zu walfer studeiert hun, an dei meenung dei ech mer selwer konnt bilden as dat d schoul zu baastnach eng gudden niveau mei schweier as. (ech denken och dat et dei falsch leisung as d selectioun viirum eichten joer duerch ophuelexamen-quotas... durchzefeiren)
Wourop ech hinaus well as dat daat neit gesetz absolut geint de gesonden menchenverstand geet. Virvaat een joer drunhenken amplaats dei 3 joer mei efficace ze gestalten? (et as jo och fir dei betraff onproductief, well waerent engem joer schaffen kriiten se schon een groussen deel vun dem geld zusummen)
Diir schwetzt selwer dafun am plaats d steiren ze erheigen, teicht mol de staatsbudget ze kierzen, wei soll dat da gon wan mer e puer dausend schoulmeechteren wellen mei salaire gin?
Dat desen projet (as et jo guer nik mei well en as jo schon gestemmt gin) geint bologna-viirsätz (d "belg" schüler nik mei einfach sou kennen zu Letzebuerg schaffen) geet west der jo bestemmt, et kann da ewer nik rem sen dat d letzebuerger daat nik kennen respekteiren.

Ech mengen main eegenen point de vue kloergestalt ze hun, lo geif et mich interesseiren wat dir dafunner haalt an op desen problem an aerem wahlkampf viirkennt?

Äntwert vum Claude Meisch
bis elo kengRecommandatiounen
15.05.2009
Här ,

Dir hudd Recht, dass déi momentan Formatioun fir d´Schoulmeeschter op der Uni Lëtzebuerg mat hiere 4 Joer nët an de Bologna-Prozess (3 Joer = Bachelor, 5 Joer = Master) erapasst. De Kritèren vun deem Prozess, déi jo europawäit zu enger Harmoniséierung vun den Unis-Diplomer soll féieren, hätt misste verstärkt Rechnung gedroe ginn. Et ass awer och esou, dass sech am Laaf vun der Zäit erausgestallt huet, dass opgrond vun deenen zousätzlechen Aufgaben an Erausfuerderungen un d´Enseignant´en eng Formatioun vun dräi Joer nët méi duer gaangen ass.

Mir als DP sinn eis däer Problematik bewosst a mir wëssen och, dass déi momentan Ausbildung fir d´Schoulmeeschter-Kandidaten duerchaus ka verbessert ginn. Esou bemängeln z.B. ëmmer méi Schoulmeeschter, dass hier Stagiairen nët genuuch Praxis-Erfahrung matbrengen. Mir wäerten duerfir d´Ausbildung vun de Schoulmeeschter kritesch analyséieren an déi néideg Verännerungen an d´Weër leeden. Am Interessi vun eise Kanner! Well si hunn e Recht op gudd forméiert Enseignant´en fir dass sie an der Schoul kënnen optimal op d´Erausfuerderunge vum Liewe virbereed ginn.

Wéi d´Formatioun vun de Schoulmeeschter am Endeffekt wäert ausgesinn - dräi oder awer fënnef Joer - léisst sech haut nach nët soen. Wichteg ass virun allem, dass hier Formatioun ët hinnen erlaabt, optimal préparéiert an hiere Beruff ze starten.

bescht Gréiss

Claude MEISCH
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
16.05.2009
Vum:

Här Meisch,

Ech hun eng Froo un Iech as Parteipräsident wéinst den Europawahlen.

An zwar wollt ech vun Iech wessen wei déi Demokratesch Partei dozou steet dass hir aktuell Europadéputeiert nemmn 64% vun den Setzungen am Plenum präsent war, während 4 aaner Députeierter an dei 90% Präsenz hun?

Mee virun allem wollt ech vun Iech wessen, wat fir eng Garanti dat ech hun, dat wann ech den Spetzenkandidat Charles Goerens den 7.Juni wielen, dass hien dann grad souvill Präsenz zu Stroossbuerg wäert hun wei dei Deputeiert aus denen aanren Parteien?

(source www.votewatch.eu )


bescht Gréiss

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 5 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Schoulen
26.05.2009
Vum:

Moien

Ech wollt hei mol eng Fro lass gin zum edukativem Secteur. An der neier ecole fondamentale huet dest Personal jo och offiziell eng Roll ze gewährleeschten. Leider geseit et sou aus, wei wann kuerz virun Schluss do un der Tache vun desem Personal dann nach an allen Richtungen gewerkelt geng gin, fir dass dest Personal op sou vill wei meiglech Plaatzen nach kann interveneiren, sou e bessi Fraa fir alles kann sin. Wei stellt dir iech eng Zesummenaarbecht vun desem Personal mat den Schoulmeeschteren fir, wann des Leit och nach mussen Bustransport maan, Accueil, Maison Relais, Vacanznometteger...

Mir gesin einfach do e bessi vill Problemer fir eng gudd Zesummenaarbecht ze gewährleeschten, an Praxis huet och an den leschten Joeren bewisen, dass des Zesummenaarbecht op deenen Gemengen wou Leit Fraa fir alles waaren net sou gudd fonktionneiert huet wei op deenen aaneren Gemengen, wou den Beruff schons einfach mei respekteiert gin ass, an och dei neideg Prepazeit zur Verfüfung gestallt gin ass. Daat ganzt geseit jo aus wei wann et geif scheiteren duerch dei Inkompatibiliteit zweschent dem A Kader an dem E KAder:

Meng Fro: Wei stellt dir iech vir keint desen Problem geleist gin, fir dass eng gudd Zesummenaarbecht an den Schoulen zweschent den gesamten Intervenants meiglech wier am Interessi vun all eisen Kanner ?

Ech soen Merci am Viraus fir Äntwert
Äntwert vum Claude Meisch
bis elo kengRecommandatiounen
28.05.2009
Madame ,

Villmols Merci fir Äer interessant Fro!
Mir als DP sinn eis der Problematik vun der Vernetzung vu Schoul a Betreiung bewosst. Ee vun eise wichtegste bildungspolitesche Punkten besteet dann och an enger besserer Vernetzung tëscht der Schoul an de Betreiungsinfrastrukturen. Wéi wëlle mir daat erreechen?

Als éischte Schrëtt wëlle mir dass d´Betreiungsstrukturen dem Edukatiounsministère ënnerstallt ginn (elo nach Familijeministère). Mir sinn dovun iwwerzeegt, dass wann nëmmen nach ee Ministère zoustänneg ass, villes méi séier a méi einfach ka geregelt ginn.

Mat deem neie Schoulgesetz sinn d´Dire vun der Schoul opgaangen fir déi sougenannte "pluridisziplinär" Equipen. D´Demokratesch Partei setzt sech duerfir an, dass och d´Personal aus de Betreiungsstrukturen (Educateurs) mat an de Schoulalldag agebonne ginn, do wou ët sech als noutwendeg an nëtzlech erweise kann. Esou kéinten dës Leit z.B. den Accueil vun de Kanner moies virum Schoulufank maachen. Déi Educateuren, déi an der Schoul mat de Kanner schaffen, sollten dës och no der Schoul betreien. Si kenne de Kanner hier Problemer a kënnen esou gezielt mat hinne schaffen.

Ähnlech wéi an der Schoul brauche mir och an de Betreiungsstrukturen eng Evalutioun a puncto Qualitéit a Pädagogik. Eis geet ët dobäi virun allem ëm d´Qualitéit an d´Flexibilitéit vun dëse Strukturen. Mir wëllen eng inhaltlech Diskussioun iwwer d´Pädagogik an de Betreiungsstrukuren ustoussen. D´Kanner sollen nët nëmmen einfach betreit ginn. Et gëllt den natirleche Firwetz vun de Kanner spilleresch ze förderen, woubäi virun allem Wert op déi sproochlech Entwecklung soll am Mëttelpunkt stoen.

Mat bäschte Gréiss,
Claude Meisch
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Meisch,

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat halt Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Claude Meisch
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Här ,
Merci fir Äer interessant Fro. Dir hudd Recht, dass mir grad elo an der Kris mussen Chancen notzen, fir eis Stäerkten ze stäerken, an d´Schwächten auszemäerzen. Et wäert eis secher net gelengen - an et ass och net den Usproch vun eiser Politik - fir d´Mënschen an hirem Grondwiesen emzeänneren. Et muss eis awer gelengen, d´Systemer sou ze änneren, dass si d´Leit net eenzel oder kollektiv an d´Verdiefnis erareiden bzw. dass si, wéi dir schreiwt "jidfereen zweng[en] zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen." Systemer änneren, Paradigmenwiesselen erbäiféieren, do wou si falsch wirken, do wou si schlecht fir de Mënsch, d´Gesellschaft, eist Zesummeliewen an eis Emwelt sinn, dat ass déi Politik, déi ech mat der DP wëll behäerzt ugoen an déi ech emmer erem, schon lang virun der Kris, beschriwwen an mat konkreten Konzepter ennerluecht hunn. Fir konkret op Äer Fro ze äntwerten: Jo et ass e "window of opportunitiy" do, deen ech awer onofhängeg vun der Kris gesinn: De Fonctionnement vun eiser Gesellschaft, de Fonctionnement an d´Zielsetzungen vun eiser Economie sinn un enger wichteger Schnettstëll vun der Geschicht ukomm, wou mir nei Weeër mussen bereet sinn ze goen fir dat Ziel vum harmoneschen a mënschlechen Mateneen ze erreechen. Mir brauchen eng Politik vun der Ouverture, mir mussen eraus aus gewëssen Trampelpied, mir mussen eis op maachen, fir nei Konzepter a Systemer fir dass mir dat Wesentlecht erreechen kënnen, nämlech wéi dir richteg sot "e mënschlecht Mateneen."

Mat beschte Gréiss,

Claude Meisch
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Meisch,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Meisch, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Claude Meisch
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.