Claude Meisch (DP)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Claude Meisch
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Här Roemer,

Dir hudd Recht, dass déi momentan Formatioun fir d´Schoulmeeschter op der Uni Lëtzebuerg mat hiere 4 Joer nët an de Bologna-Prozess (3 Joer = Bachelor, 5 Joer = Master) erapasst. De Kritèren vun deem Prozess, déi jo europawäit zu enger Harmoniséierung vun den Unis-Diplomer soll féieren, hätt misste verstärkt Rechnung gedroe ginn. Et ass awer och esou, dass sech am Laaf vun der Zäit erausgestallt huet, dass opgrond vun deenen zousätzlechen Aufgaben an Erausfuerderungen un d´Enseignant´en eng Formatioun vun dräi Joer nët méi duer gaangen ass.

Mir als DP sinn eis däer Problematik bewosst a mir wëssen och, dass déi momentan Ausbildung fir d´Schoulmeeschter-Kandidaten duerchaus ka verbessert ginn. Esou bemängeln z.B. (...)
 
weider Profiler
Froen un Claude Meisch
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Soziales
29.05.2009
Vum:

Monsieur Meisch,

Quelle politique devrait-on poursuivre en matière de drogues (stupéfiants) et de sans abris? La situation économique risque d’accentuer ce triste phénomène et fléau de notre société.

Meilleures salutations,


Président « Stëmm vu Bouneweg »

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Aarbecht
31.05.2009
Vum:
-

Här Meisch,

Ech hätt eng Froo zum Thema Gehälterupassung vun den éducatricen an éducateuren.
Wei as dat meiglech dass während 20 Joer d´ Paien vun den éducateuren onverännert bleiwen awer d´Tâche vum éducateur emmer mei grouss gët?
Ausserdem kann ech net novollzeien fierwaat aanerer mat enger 13ième mèi verdingen wei d´éducateuren mat enger 14ième?

Merci am fieraus fier är Äntwert
Mat bäschte Grèiss
-
Äntwert vum Claude Meisch
1Recommandatioun
03.06.2009
Madame ,

Villmols Merci fir Äer Fro. Et ass sou, dass effektiv a villen Carrièren beim Staat Ongerechtegkeeten am Laf vun de Joren entstanen sinn, well d´Ufuerderungen vum Beruf an déi gefuerdert Ausbildungen an Diplomer sech verännert hunn. D´Beispill vum Educateur trëfft och op dese Constat zou. Duerfir huet d´DP an hirem Programm kloer folgendes gesot:

"Die DP steht zur politischen Verpflichtung der zehnjährigen Überprüfung der Besoldungsstruktur im öffentlichen Dienst, die der jeweiligen Entwicklung der Studienanforderungen, Aufgaben, Verantwortlichkeiten und ausserordentlichen Belastungen Rechnung trägt. Die DP wird in diesem Sinn die überfällige Besoldungsstrukturreform durchführen,..."

Ech hoffen Iech heimadden op Äer Fro geäntwert zu hunn a stinn Iech gären fir weider Froen zur Verfügung.

Mat beschte Gréiss,

Claude Meisch
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
01.06.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Wéi gudd kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Claude Meisch
bis elo kengRecommandatiounen
03.06.2009
Häer ,

Merci fir Äer Fro. D´Demokratesch Partei huet sech kloer zum Projet "Tram" opgrond vun de Konzepter "mobilitéit.lu" bzw. "mobil 2020" ausgeschwat an sech och an der Stad Letzebuerg aktiv zesummen mam Staat fir seng Realisatioun agesat. Mir halen och an eisem Walprogramm un desem Projet fest, well mir der Meenung, dass en zu desem Zäitpunkt dat richtegt Konzept ass. Hei den entspriechenden Extrait aus eisem Walprogramm:

Tram
Neben ihren 87.000 Einwohnern empfängt die Stadt Luxemburg tagsüber zusätzlich 120.000 weitere Menschen. Dies bedingt am Tag ein hohes Verkehrsaufkommen in und rund um die Stadt Luxemburg. Die Konzepte "mobilitéit.lu" und "mobil 2020" haben sich einen Modal-split von 25/75 im Jahr 2020 zum Ziel gesetzt. Bereits heute erreicht die Stadt Luxemburg einen Wert von 28/72 auf ihrem eigenen Territorium. Um der stetigen Erhöhung des Verkehrsaufkommens zu begegnen, kommt es sehr darauf an, dass die notwendigen Maßnahmen ergriffen werden, um diesen Wert zu erhalten bzw. um das Angebot des öffentlichen Personennahverkehrs weiter zu entwickeln. Dies bedeutet, dass einerseits die Transportkapazitäten der Bahn deutlich erhöht werden müssen und dass Park+Ride-Stellen geschaffen werden müssen, um die Pendler so nah wie möglich an ihrem Wohnort aufzufangen und per Zug zu den städtischen Bahnhöfen zu befördern, wobei hier zwei neue Bahnhöfe in Howald und Zessingen geschaffen werden müssen. Das ursprüngliche Mobilitätskonzept sah neben der Schaffung einer "train-tram" Variante eine Zugverbindung zwischen dem Kirchberg und dem Flughafen vor. Die im Jahr 2006 erstellte Studie « Extension du réseau ferré dans la Ville de Luxembourg » hat jedoch die « train-tram » Variante verworfen. Stattdessen wird eine leichte Trambahn bevorzugt, die die Peripheriebahnhöfe mit dem Stadtzentrum sowie dem Zentralbahnhof verbindet. Die DP wird sich dafür einsetzen, dass diese Tramverbindung verwirklicht wird.

Mat beschte Gréiss,

Claude Meisch
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Meisch
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.