Claude Meisch (DP)
Abgeordneter Chamber

Parlamentaresch Aarbecht
13.07.2010
Projet de loi 6148
enthaalen
15.10.2009
Projet de loi 5846
JO
Froen un Claude Meisch
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Finanzen
19.04.2010
Vum:

Moien Här Meisch

Finanzhëllef fir Griichenland:

a) Stëmmt et, dass de Lëtzebuerger Staat elo 100Milliounen Euro an de Finanzfond fir Griichenland stécht?
b) Wann jo, wéini kréie mir dat Geld erëm zréck an eis Staatskeess an zu wei engem Zenssaatz?
c) Wann Griichenland dëst Geld kritt wéinst Staatsfailite an doraus resultéierender, verluerener Credibilitéit op de Finanzmäert, wéini kritt dann Portugal,Italien a Spuenien dës Finanzéierungsmethod? Sinn dëse Länner hir Bilanen an hir Crédibilitéit net ähnlech am Keller, wei dei vun de Griichen?

Wier dë folgenden 3 Punkteplang keng Alternative a wann net firwat?

Propose vum Prof. Wilhelm Hanker Wirtschaftswëssenschaftler a Währunsspezialist de 19,März 2010 2010 am ARD Morgenmagazin :
www.youtube.com Mir bieden Griichenland fräiwëlleg, aus dem Euro eraus ze goen, erëm zréck an de Club vun de Wieselkurslänner wou z. B. vill éierbar balkesch Staaten dra sinn.
Dëst géif Griichenland erméiglechen hir Finanzen erëm an de Grëff ze kréien, an e Land wat säin eegent Geld dréckt, kann och net faillite goen oder zumindest net esou wei elo eis alleguerten onverschëllt matzéien. Duerch de gënschtege Wieselkurs dee Moment, géif Griichenland sech vun Touristen an Investisseure kaum rette kennen . Et géif erëm Bierg op goen ouni dass mat eise Finanzmëttel Roulette gespillt gëtt. Aus eegener Kraaft géif Griichenland erëm ob d Been kommen oder wei gesäit dat d´DP?

Am Viraus merci fir d´Äntwert

Mes respects

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Sécherheet
27.04.2010
Vum:

Am folgende Video www.youtube.com gesäit een, wei eng Dozen Zivilisten mat Maschinnegewierfeier dout gemeet ginn, 2Reuters Journalisten inclus . Dëst ass zu Bagdad den 12 Juli 2007 geschitt. Et gesäit een d´ Opnahmen vun de Schützen aus engem US-Apache Helikopter. D´US-Militär behaapt d´Affer wiere bei engem Gefecht zwëschen US-Arméi a Freischärler entstanen. D´Opnahmen di elo duerch Wikileaks publizéiert goufen, weisen awer ganz eppes anescht!!! wikileaks.org Souguer Leit mat engem Minivan, wou probéiert hunn di Verletzen ze biergen, ginn hei aus der Loft mat Maschinnegewiersalven nidder geschoss. Dobäi gesäit ee wéi 2 kleng Kanner di an dësem Minivan setzen a genau sou nidder geschoss ginn. Vu Bedrohung oder Waffen bei kengem vun de Leit eng Spuer! Spéider rullt da nach e Panzer iwwert di verstreete Läichen an d´Besatzung laacht souguer...Meng Fro ass : Hu mir net alleguerte Blutt un den Hänn, well mir dëse Krich einfach esou geschléckt hunn deen just op Ligen a Profit opgebaut ass? Wat huet är Partei konkret säit 10Joer géint dës Massevernichtung vun enger Millioun Zivilisten laut dem eemolege President vun der UNO-Atom Energiebehörde Mohammad El Baraidain gemaach? www.wsws.org A wien ass an der Chamber konkret responsabel, fir eis Pensiounsreserven an 9 vun 10 Waffekonzernen investeiert ze hunn, di am Irak 1Millioun Zivilisten ermord hunn. www.fdc.lu BAE, Honeywell, Lockheed Martin asw, asw, asw...Wei eng Persounen si responsabel an der Chamber fir eis national Sécherheet därmossen op d Spill ze setzen, wou kann ech dat nokucken? Iwregens wier d Solutioun genau wei a Norwegen e Philosoph anzestellen deen sech drëms këmmert dass eise Staat seng Rendit NET MEI regelrecht aus Mënschebludd-Dividende gewënnt... Ech hoffen op Är Äntwert mat konkreten a präzise Fakten.

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Är Fro un Claude Meisch
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft

  • Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung