Claude Turmes (Déi Gréng)

Donnéeën zur Persoun
Joergang
1960
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Lëtzebuerg
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Gesondheet
23.10.2009
Vum:

Di effektiivsten Weeër fir eng Pandemie auszeléisen, ass de Killervirus an eng "harmlos" Impfung anzeschleisen. An genau dat as elo passéiert!

Wei d´ Toronto Sun www.torontosun.com bericht, huet d´ Firma wellech de verseuchtenen Grippe Impfstoff aus engem Laboratoire an Éisterräich ausgeliwwert huet, confirméiert, dass dës Impfungen H5N1 Vullegrippeviren enthalen huet.

Den déidlechen Impfstoff gouf an den Anlage vun der Firma Baxter zu Orth un der Donau produzéiert. Hien enthält eng Mëschung aus dem aktuellen H3N2 Grippe Virus an dem déidlechen H5N1 Virus an gouf un d´ Firma Avir Green Hills Biotechnologie geschéckt, wellech dann dëst Material weider an Tschechien, Slowenien an Däitschland geliwwert hunn.

Vue que dass den H5N1 sech relativ schwéier verbreet, een sech awer mat dem H3N2 Grippe Virus ganz liicht kann ustiechen, ass dës Mixtur vun deenen 2 de beschte Wee, wei een d´ Vulle Gripp ënnert d´ Leit bréngt. Di domat geimpfte Persounen géifen als Inkubator fir en Hybridvirus dengen, deen dann nach méi ustiechend wier.
D´ Todesrate am Krankheetsfall leien iwwer 60%. Eng ideal Biowaff?!?
Firwat muss ech kanadesch Zeitungen consultéieren fir gewuer ze ginn wat hei virun menger Hausdier an mengem Kontinent passéiert?


Éierlech gesot sinn ech immens traureg wann ech u meng Kanner denken a gesinn wat alles hei säitens den Zeitungen probéiert gëtt fir ënnert den Teppech ze kieren. de.wikipedia.org
Zitat vum John Swinton, Ex-Redaktions-Chef vun der N.Y.Times:
"Bis zum heutigen Tag gibt es so etwas wie eine unabhängige Presse in der Weltgeschichte nicht. Sie wissen es und ich weiß es. Es gibt niemanden unter Ihnen, der es wagt, seine ehrliche Meinung zu schreiben, und wenn er es tut, weiß er im Voraus, daß sie nicht im Druck erscheint. Ich werde jede Woche dafür bezahlt, meine ehrliche Meinung aus der Zeitung herauszuhalten...

A wei enger Welt wuessen eis Kanner op?

Bescht Gréiss

www.dewelt.eu

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Wirtschaft
28.04.2010
Vum:

Wei kann et sinn, dass e Panzerproduzent Agrarsubventiounen vun der EU kritt laut dem Spiegel? www.spiegel.de Ech hoffen et handelt sech ëm e ganz schlechte Witz vum Spiegel, kennt dir eis dat konfirméieren?
Mes respects
Äntwert vum Claude Turmes
2Recommandatiounen
03.05.2010
Claude Turmes
Léiwen Haer ,

leider ass daat kee Witz an et ass just eng vun de villen Perversiounen, déi durch die aktuell EU-Agrarpolitik enstaane sin.

Als Gréng welle mir net, daat des Politik messbraucht get, vir déi deck Industrie, die weder eppes vir d´Entwecklung vum laendleche Raum, nach vir den Déireschutz oder den Emweltschutz mecht, ze subventionéiren.

Mir schaffen am Europaparlament als Fraktioun scho miel laang dorunner, méi Transparenz an d´Agrarsubventiounen ze brengen. Mir hun an desem Senn och die lescht Woch als Fraktioun eng Pressemattdeelung verscheckt, déi ech Iech hei drenner an Extraits schecken:

"Wir fordern mehr Transparenz bei der Offenlegung der Agrarsubventionen. In den Niederlanden können Bürger im Internet einsehen, wofür die Mittel vergeben werden.

Die Informationen darüber wo das Geld aus Brüssel hingeht kommen genau zur richtigen Zeit. Bei der anstehenden EU-Agrarreform brauchen wir klare Kriterien, wer für welche ökologische oder soziale Leistung unterstützt wird. Tierfreundliche Haltungssysteme, klimafreundliche Bodennutzung und Ökolandbau werden von den Bürgerinnen und Bürgern gerne unterstützt."

Mir waerten eis effektiv bei der Reform vun der EU-Agrarpolitik, dei dest Joer ufaenke soll, vir esou Kriterien a voll Transparenz asetzen. Mir zielen do op d´Ennerstetzung vun der letzebuerger Regierung, dei sech bis elo net offensiv genuch vir eng Reform agesaat huet an et domadder Frankraich einfach mecht, all Progrès ze verhenneren.

Kuckt Iech eventuell de link www.wer-profitiert.de un, vir waider Infoen ze kreien, wéi d´Situatioun an Daitschland ass.

Et muss e leider soen, daat d´Informatiounspolitik vun der Regierung an der Affaer net gudd ass. Hiire Site zu dem Thema ass net gudd opgebaut an alles anescht wei "user-friendly".

Letzebuerg: www.ma.public.lu

Europawäit-Links: ec.europa.eu

schei greiss

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects
Äntwert vum Claude Turmes
2Recommandatiounen
22.06.2010
Claude Turmes
Léiwen Haer .

Merci vir aer Fro.

Mir schaffen als Greng am Europaparlament schons zanter Wochen méi intensiv op dem Dossier vun der Ueleschkatastrophe.

Eis geet et dobai virun allem drems, erauszefannen, op mir aehnlech Risken an europäeschen Gewässer hun, wéi um Golf vu Mexiko. Eisen Recherchen no, hu mir eng extrem lückenhaft europäesch Gesetzgebung waat Secherheetsoplagen an Haftungsrecht bei den Ueleschplattformen ugeet. An der Nordséi gin am Moment eng ganz Rai vun Ueleschplaattformen an extrem déiwem Wasser exploitéirt. Mir sin dobai, vir bei der EU-Kommmissioun Drock ze maen, d´Secherheetsoplagen ze verschärfen an eng EU-Direktiv speziell vir d´Secherheet an den Emweltschutz bei Ueleschplattformen an der EU op de Wee ze brengen. D´Kommissioun ass bis elo ganz reservéiert an der Fro an sie waert eis an der Juli-Sessioun vum Europaparlament Ried an Aentwert stoe mussen. Et ass dest also en Dossier, wou mer laang waerten dru schaffen an och e laangen Otem brauchen.

Zu aerer konkreter Fro: Mir stin vir méi wessenschaftlech-technesch Froën ronderem Ueleschplattformen an enkem Kontakt matt der ONG "food&waterwatch", déi weltwait eng extrem gudd Arbecht am Beraich Mieresschutz mecht. Och sie schloen wéinst dem Stoff "Corexit" zanter Wochen Alarm. De Stoff wiir net nemmen "drai Mol esou toxesch wéi aaner Stoffer", mee och zimmlech oneffikass. Sie kritiséiren och daat die amerikanesch Autoriséierungsprozedur vir "Dispesants" total lasch ass an et dem Produzent selwer iwerloss ass ze beleen, op e Stoff geféierlech ass oder net. Daat ass natirlech e Skandal an d´US-Regierung misst selwer dee Kontroll maen an vill mei streng Oplagen waat d´Zoulossung ugeet. De Stoff, deen dir proposéiert, ass vill manner geféierlech a wiir secherlech méi effikass a propper. Leider kenne mir just iwert ONGen Drock maen an iwert eis Kontakter matt den amerikaneschen Politiker, daat et do zu Verbesserungen kennt.

Mir waerten eis op jidde Fall op EU-Niveau vir streng Oplagen bei "Dispersants" asetzen am Kader vun den Reformen vun den Secherheetsoplagen. Daat ass en extrem wichtege Punkt an nemmen durch streng Kriteren kréien gudd Alternative, wéi dei die dir furdert, och eng Chance.

Mettel- bis längerfristeg beweist des Katatstrophe vir eis Greng, daat et héich Zait ass, emzeswitchen op aaner Energiequellen, wei ernaierbar Energien an Energieeffizienz. Eng ganz rai Etuden beweisen, daat mer ouni Uelesch, Kuel an Atom méi secher, méi propper an ouni irgendeen wirtschaftleche Verloscht kennen gudd liewen. Et mussen just déi richteg politesch Décisiounen geholl gin.

Matt beschte Gréiss,
Claude Turmes

Olaf Münichsdorfer
Assistant to Claude Turmes, MEP, Vice President of the Green Group in the European Parliament
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Turmes
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft