Vum:


Bonjour
"Lorsque le fils de Khadafi promet des rivières de sang, il sait qu´il a ce qu´il faut pour cela" steet am LePoint geschriwwen
bit.ly An Libyen sinn dausende vu Leit ermord ginn. D´Flëss vu Blutt wei de Jong vum Gaddafi se versprach huet sinn Realitéit. Hei gesitt Dir wei Zaldoten erschoss gi sinn, well Si refuséiert hunn Zivilisten z´ ermorden.
bit.ly
Ech schumme mech Här Turmes Europäer ze sinn an dëse Stonnen, well mir gëschter klip a kloer gesinn hunn dass mir net kënnen an als Europäer och net méi wëllen mat Staaten eng Unioun bilden, déi sech géint Sanktiounen fir Libyen engagéieren.
1) Hunn an ären Aen Zypern, Malta an Italien d´Valeuren di eis Europäer ausmaachen net verooden?
bit.ly
Dir Politiker sot ëmmer : " Mir mussen de Mënschen eis Zieler an Intentiounen méi compréhensibel maachen".
2) Verstitt Dir, dass Mir dat net méi wëllen, well Mir mat dëser Politik absolut net averstane sinn?
3)Verstitt Dir firwat et eis schwéier fällt der Politik nach ze gleewen?
4)Verstitt Dir, dat Dir an eisen Aen net méi eis Deputéiert sidd wou Eis vertrieden, mee zu Marionetten verkomm sidd an der Hand vun aneren di d´Muecht hunn, wei den Här Colombera et hei schwaarz ob wäiss schreift? Zitat: "D´Politiker sinn Marionetten vum Kapital an sëtzen all am selweschten Boot".
bit.ly
D´Recht awer Här Turmes steet iwwert der Muecht.
D´Recht vun der Hager an Genfer Konventioun, de Nürnberger Dekreten an d´UN Charta mussen der Muecht de Wee weisen an hir de Respekt virun de Grondvaleure bäibréngen.
Op Aarmut an Ënnerdréckung, Krich a Bommen, verstümmelt, mëssgebildet an dout gemaachte Fraen a Kanner léist sech kee Fridden opbauen. Net am Irak, net an Afghanistan an och net am Gaza, néierens op der Welt.
5)Ersäift de Westen net dagdeeglech ëmmer méi am Sumpf vun der eegener Politik?
www.youtube.com Dat as de Film: Vergiftete Geschenke-Wie die EU Afrika in die Armut treibt