Claude Turmes (Déi Gréng)

Claude Turmes
Joergang
1960
Berufflech Qualifikatioun
Europaabgeordneter für déi Gréng seit 1999
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
Diekirch
Walkrees
Lëtzebuerg
Landeslëschteplaatz
-
(...) Daat ass natirlech e Skandal an d´US-Regierung misst selwer dee Kontroll maen an vill mei streng Oplagen waat d´Zoulossung ugeet. (...) Mettel- bis längerfristeg beweist des Katatstrophe vir eis Greng, daat et héich Zait ass, emzeswitchen op aaner Energiequellen, wei ernaierbar Energien an Energieeffizienz. Eng ganz rai Etuden beweisen, daat mer ouni Uelesch, Kuel an Atom méi secher, méi propper an ouni irgendeen wirtschaftleche Verloscht kennen gudd liewen. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Claude Turmes
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
18.08.2012
Vum:
Tommy Karl

Guten Tag Herr Turmes,

Simpol ist eine neuartige globale Bürgerinitiative jenseits von Partikularinteressen, eine lösungsorientierte Weltbürgerinititiative. (www.simpol.org)

Die Kampagne für globale Simultanpolitik (Simpol) erlaubt Bürgerinnen und Bürgern in der gesamten Welt ihre Wählerstimme bei nationalen Wahlen zu nutzen, um globale Probleme lösen zu helfen. Klimawandel, Finanzmarkt-Regulation, Umweltzerstörung, bewaffnete Konflikte und drastisches soziales Ungleichgewicht –
Simpol bietet einen Weg an, die globalen Probleme unserer Zeit anzugehen, die von einzelnen nationalen Regierungen im Alleingang selbst bei bestem Willen nicht gelöst werden können.Die Regierungen stehen im ständigen Wettbewerb um Investoren und Arbeitsplätze. Eine Regierung, die Maßnahmen zur Lösung dieser Probleme im Alleingang umsetzt, kann damit häufig den Verlust der Wettbewerbsfähigkeit ihres Landes bewirken. Das könnte schnell zu Inflation, Arbeitslosigkeit oder sogar wirtschaftlichem Zusammenbruch führen.
Simpol ermutigt Menschen in Ländern in allen Teilen der Welt, ihre Politiker zu verpflichten, global zu kooperieren in der zeitgleichen Einführung und Umsetzung geeigneter Maßnahmen und Regulierungen zum Wohl aller.
So zielt Simpol darauf ab, den Teufelskreis eines destruktiven Wettbewerbs unter den Ländern zu durchbrechen.
Nur indem Regeln zeitgleich, simultan, umgesetzt werden, können unsere Probleme überwunden werden, ohne dass es dabei Verlierer gibt.
Wenn alle Länder gemeinsam handeln, können alle dabei gewinnen.
Eine simultane Umsetzung stellt sicher, dass kein Land seine Wettbewerbsfähigkeit verliert durch die Einführung von Regeln, die im Sinne der Nachhaltigkeit und unserer Werte sind.

Mehr Informationen unter: de.simpol.org (deutsche Seite die aber auf Luxemburg übertragen werden kann).

Meine Frage: Könnten sie sich als international tätiger Politker vorstellen bei dieser Initiative mitzumachen?

Vielen Dank und beste Grüsse,
Tom Karl
Äntwert vum Claude Turmes
1Recommandatioun
11.09.2012
Claude Turmes
Moien Haer Karl,

merci vir aer Ufroo.

Et ass secherlech gudd, wann d´Biirger sech méi mobiliséiren, vir eis Weltproblemer an de Greff ze kréien. Mee ech deelen d´Analys vun den Initiatoren vun Simpol net. D´Ausso, daat d´Politiker net méi genuch Muecht haetten, vir eppes ze bewiirken, kann ech net novollzéien. Ech gesi bei menger Arbecht all Dag, daat et der Politik net u Pouvoir feelt, mee un de richtege Majoritéiten bei deenen entscheedenden Diskussiounen a Voten.

Ech sin dowéinst en absolute Verfechter vu mei Transparenz an der Politik: de Biirger soll wessen, waat vu weem wéini wou décidéiert get. Ech haalen Biiergerinitiativen als Complément vu Politik och gudd a wichteg. Et ass och wichteg, daat d´Biirger sech do an och beispielsweis an ONG´en méi staark abrengen an d´Politik ennert Drock setzen.

Mee et wiir menger Meenung no falsch a kontraproduktiv, de Focus vun der Politik ewechzehuelen, dei die wichteg Décisiounen kann huelen. Et besteet suggur d´Gefoor, daat déi secherlech gudd gemengten Zieler vun den Initiatoren vun Simpol nach méi geschwächt gin a grad déi Kräften méi Zoulaaf kréien, déi wellen keng contraignant Zieler beispielsweis am Beraich Klima-, Ressourceschutz a Sozialpolitik kréien.

Matt beschte Greíss

Claude Turmes


www.claudeturmes.lu
claude.turmes@europarl.europa.eu

Phone: (0032) 2 28 46 090
Fax: (0032) 2 28 49 246

European Parliament
Office of Claude Turmes
Altiero Spinelli (ASP)
08 G112
Rue Wiertz, 60
B-1047 Brussels
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Bildung an Fuerschung
15.02.2013
Vum:
Fernand Steichen

Moien
Recherchen vun onofhängegen Klimafuerscher beléën anhand vun offizielle Publikatiounen, dass sech d’global Mëtteltemperatur säit 1990 – also säit iwer 20Joer – vun 15,5 Grad Celcius op 14,4 gefall ass. Et gëtt also noweislech sait iwer 20Joer iwwerhaapt keng global Erwärmung.
de.ibtimes.com
An elo? Hutt Dir als Greng Iech net op wëssenschaftlech Fakte baséiert? Wësst Dir net dass d’Konsequenz aus wëssenschaftlecher Zesummenarbecht mat der Politik an de Nürnberger Rassegesetze geännecht huet awer ugefaangen huet mat der wëssenschaftlecher Legitimatiounvun der Eugenik vum KaiserWilhelmInstitut (haut Max Planck).
Fir dass Dir net an di Nazifaal tappt, muss dir d’Falsifikatioun vun äre wëssenschafltechen Thesen ustriewen no dem exakte Recommandatiounen vum Karl Popper michaelgoerz.net . Alles aanescht feiert eis erem a Fabriken wou Menschen dout gemach ginn, deemols weinst der Rass haut weinst der Co2Emmissioun also der Iwwerbevëlkerung. All di Eugenikfabriken vun deemols sinn haut engagéiert fir d’Iwerbevëlerkung(di et net gett) ze bekämpfen. Aus British Eugenic Society ass de FrancisGaltoninstitut ginn aus american eugenic society ass PlannedParenthood ginn aus Eugenic ass social engineering ginn Här Turmes.
Hei e Geschichtsprofesser den James Corbett deen Iech dat alles besser erklaere kann:

www.corbettreport.com
ghwk-bibliothekskatalog.de
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
27.02.2013
Claude Turmes
Moien Här Steichen

Merci vir aer Fro.

Ech vertrauen op déi onofhaeneg wessenschaftlech Arbecht vum "Intergovernmental Panel on Climate Change" (IPCC), enger UN-Organisatioun. Ausserdeem gin ech awer all Kritik un de Resultater vun desem Panel no, wann se da wirklech sérieux fundéiert ass an net vun Interessen geleed, déi ech net deelen.

Ech gesin de konsequenten Aaatz vir méi Klimaschutz a Ressourceschounung als konkrete Beitrag zu méi Gerechtegkeet an zu Weltfridden. Ech wees wirklech net, wéi deen an Zesummenhang matt Rassegesetzer bruecht kéint gin.

Matt beschte Gréiss

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
25.04.2013
Vum:
Sylvie Feyder

Bonjour Här Turmes

Hei ass en Aktiounsplang vun der EU-Commissioun, ec.europa.eu

Eng Neiausriichtung vum Europaësche Saatgutverkehrsrecht ass absolut dringend erfuerderlech. Well die aktuell Regelungen hunn zu engem massive Verloscht u landwirtschaftlecher Vielfalt an de leschte Jorzengte gefouert. Spezifesch Ufuerderungen vu landwirtschaftleche Betrieber, die iwert d’Produktivitéit vun Zorten eraus ginn wie z.B. Resistenzen geint verschidde Saachen wie Buedemverhältnisser, Temperaturen, Schädlingen(Mischkultur) goufen trotz Nofro duerch d’KonsumentInnen staark ageschränkt, well eben d’BigPlayer an deem Saatgutbuisseness di namlecht sinn die d’Pestiziden an d’Petro/Chemodüngeren produzéieren, Dow, Monsanto, BASF, BAYER, Pioneer asw.

Elo well d’EU-Kommissioun dëse Firmen nach mei Korporatismus géint de fräie Marché ermeiglechen mat dësem Gesetzesprojet ec.europa.eu

Weini stëmmt Dir als Souverän fir d’Rechter fir eis 400Milliounen Europaer ze stärken, iwert dëst Gesetz am EU-Parlament of, an waert Dir Iech fir oder géint dëst Gesetz entscheeden a kennt Dir äre Vote rational begrënnen?

Wann dir Iech fir e Jo décidéiert, déidéiert Dir da net fin de compte géint eng grondlegend neideg Kehrtwende am Saatgutrecht an an der Praxis vun der Ziichtung an den Eegentumsverhältnisser am Saatzucht-Beräich an verhënnert Dir da net aktiv:

  • d’Vielfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten

  • d’Qualitéit vun der Erntesteigerung

  • d’Landwirtschaft méi emwelt- an mënschefrëndlech ze gestallten?

Wann Dir fannt dass dës Argumenter keng Validitéit hunn, bieden ech Iech dann dës och objektiv, rational ze widerlëen.

Hei nach e Léisungsusaaz: www.saatgutkampagne.org

mes respects
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
03.05.2013
Claude Turmes
Gudde Moden

Den EU-Verbraucherschutz-Kommissar Tonio Borg wärt normalerweis direkt e Méinden, de 6. Mai, säin Entworf fir déi nei Saatgut-Gesetzgebung virstellen. Mir wärten eis déi natierlech ganz genee ukucken an och probéieren am Sënn vun Emwelt & Naturschutz, der natierlecher Biodiversitéit, an och am Interessi vun de Baueren, den Hobbygärtner an dem normale Bierger ze beaflossen.

Des Gesetzgebung ass, wéi dir ganz richteg schreiwt, vun rieseger Bedeitung fir d´Landwirschaft a speziell fir d´biologesch Vielfalt a der Landwirtschaft, a mir riskéieren effektiv, datt si sech méi negativ wéi positiv auswierke wärt. Schon am Virfeld vum Text hu vill ONGen aus dem Emwelt- a Landwirtschaftsberäich virun de potentiellen Folgen vun deser EU Gesetzgebung - speziell och fir kleng Ziichter, resp. Kleng- an Hobbygärtner - gewarnt. Zumindest wat d´Hobbygärtner ugeet huet d´EU Kommissioun awer am Virfeld schon puer mol betount, datt d´Privat Notzer/Gärtner net wärten vun der neier Propose betraff sinn. Op dat och wierklech esou ass wärt sech jo elo gläich weisen. Mee och ouni dee Problem gett et scho genuch Kritikpunkten.

Fir déi gréng schengt klor, datt déi bis elo avancéiert Begrënnunge fir nei Regelen (d´Saatgut-Regelen entbürokratiséieren an un de steigende weltwäite Bedarf u Liewensmëttel upassen) nemmen eng Fassade duerstellt. Et ass klor datt d´Kommissioun ennert enormem Drock vun den gruossen weltwäiten Agro- a Saatgut Konzerner steet, déi sech besser - d.h. mei rentabel - Regele wënschen. Dat ass natierlech ganz geféierlech, och well des Firmen zum Deel direkt an zum Deel indirekt mat den groussen Chemie a Gentechnik Konzerner verbonne sinn. An deenen hier Zieler si mat Secherheet net déi selwecht wéi eis gréng Zieler: Schutz vun der biolgescher Vielfalt, Recht vum Bierger bei eis an och soss an der Welt op e wierkleche Choix u Soom-Zorten, Fräiheet säi Soom kenen ze verkaafen oder ze tauschen, an natierlech och dierfen ze séinen wat ee wëll. Fir eis dierfen d´Efforten vu regionale Saatgut-Initiativen, wéi z.B. der grad zu Lëtzebuerg frësch opgestallte SEED Initiativ (SEED - Som fir d´Erhalen an d´ Entwécklung vun der Diversitéit), net nach méi behënnert ginn !

No puer éischten Informatiounen am Virfeld vun der Textvirstellung géif d´Kommissioun ewer nees probéieren de grousse mutinationale Konzerner weider exklusiv Rechter ze garantéieren. Ennert annerem schengt EU Kommissioun och d´Zoulossung an d´Kontroll vun neie Saatgut-Varianten wëllen ze privatiséieren. Dat ass fir eis absolut inakzeptabel ! Duerch eng Privatiséierung hätten nämlech déi grouss Konzerner iwwert den Emwee vu puer Duercher-Firmen schnell selwer d´Muecht hier eege Saatgutvarianten zouzelossen an dei vun de méi klengen Produzenten ze blockéieren. 

Och fir d´Biolandwirtschaft ass des Entwécklung ganz geféierlech well och si ass op gudd, propert a variéiert Saatgut ugewisen. Ech soe eech villmools Merci fir äre Message mat deem dir ären Interessi an ärt Engagement an desem Dossier beweist. Ech kann eech hei am Numm vu menger Partei verspriechen, datt mir wärten eist méiglechst zu Bréissel an zu Lëtzebuerg machen fir des bedrohlech Entwecklung ze verhënneren.

mat frëndleche Gréiss,
Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
15.05.2013
Vum:
Jeanine Scholtes

Bonjour M.Turmes

De Verfassungsgerichtspräsident Andreas Voßkuhle huet refuséiert eng Laudatio op den Här Cohn-Bandit ze haalen weinst sengem Buch LeGrandBazar . goo.gl

Wei legitiméiert Dir als Déi Gréng, dass Dir Iech vehement géint d’kathoulesch Kierch ausgeschwat hutt wou bei hir Fäll vu sexuellem Mëssbrauch entdeckt goufen, an awer net a gläichem Engagement d’Geleeënheet notzt fir an ären eegene Reihen exakt di selwecht Enquete duerchfeieren ze loossen, wei se elo är Kollegen an Daitschland maachen? Di Greng an Däitschland hun e Krees vu Pädophilen finanzeiert mat Steiergelder an den 80erJoeren wei de Spiegel hei schreift an di greng Partei an Däitschland léist dat elo opklaeren:
goo.gl goo.gl

Gëtt elo an all EU-Land esou eng Enquetekommissioun gegrënnt, schlisslech hun di Leit bestemmt och international "kooperéiert"?

Ären Daniel Cohn-Bendit huet e Buch geschriwwen, le grand Bazar wou hien Saache schreift, di su schlëmm sinn, dass ech se hei net ziteiere well et muss een awer just iwer google le grand Bazar Cohn-Bendit extrait aginn fir dës Behaaptung ze verifizéieren. Dën "Dany" ass Co-President vun der grénger Fraktioun am Europaparlament. : m.faz.net

Firwat fuerdert Dir net dem M.Cohn-Bendit seng Demissioun? Wei eng aaner Partei ausser Déi Gréng hun e bekenndenden pädophilen Fraktiounspresident?! goo.gl

Wëllen déi lëtzebuergesch Gréng en bekennenden, pädophilen EU-Fraktiounspresident? Den Här Bandit huet sech zwar (wat soll hien och soss maachen) entretemps vun sengem Buch a sengen Aussoen distanzéiert, mä dat ass esou schlëmm dovunner kann een sech net distanzéieren no mengem Avis.
PS: Froot den Daniel soll iech eng Copy vu sengem Buch gin, da liest der selwer, merci
Gitt hei Är Fro an.
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
23.05.2013
Claude Turmes
Moien Madame Scholtes

Ech wollt Iech kuerz op ären Email äntwerten:

1) Pädophil Akten sinn inakzeptabel a kriminell. Pädophilie ass eng Stéierung, déi muss behandelt ginn.

2) Et koum an den 80er Joeren eng Kéier zu enger falscher Decisiounen vun engem Parteikongress vun den däitsche Gréngen, déi och vum Bundesvorstand vun den däitsche Gréngen séier korrigéiert gouf.

3) Déi Gréng an Däitschland hunn aus Eegeninitiative eng onofhängeschen Expert domadder beoptragt, bis Enn des Jores e Rapport iwwert den Afloss vun pädophile Gruppen an der Partei an den 80er Joeren ze analyséieren.

4) Den Dany Cohn-Bendit huet sech schonns e puer mol kloer vu sengen Aussoen am Buch "Le Grand Basar" distanzéiert. En ass weder en Pädophilen, nach jee an Zesummenhang matt pädophilen Akten ugesicht ginn.

Schéi Gréiss

Claude Turmes, MEP, Vice President of the Green Group in the European Parliament
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Turmes
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.