Vum:


Ech wollt mech där Fro fu mengem Firgänger usechléissen an iwwert är Äntwert nofroen:
Dir soot "Viraussetzung ass, daat d´Tierkei am Beraich vun de Menscherechter, vun der Justiz a vun dem legale Kader vun der Wirtschaft sérieux Effort´en mëcht. Daat ass extrem wichteg an do därfen keng Kompromesser gemeet gin."
Wat sinn dann, gesaat de Fall d´Türkei kennt irgent wann an d´EU, d´Meiglechkeeten, bei Violatioun fun denen Effort´en, dem Europapalament hier Meiglechkeeten, fir dat ze sanktionneieren?
Dat intresseiert mech manner weint der Tierkei, mee mei weint denen aktuellen Memberstaaten.
Zum Beispill willt ech wessen, wat dann mat denen Menscherechtswiddregen Expulsiounen no Guantanamo Bay ass, dei Deitschland accordeiert huet.
Wat konkret mengt der mat "daat Land ass geostrategesch, a pucnto Ressourcen an wéinst der Kooperatioun matt der islamescher Welt wichteg vir d´EU."?
Wat heescht Geostrategesch fir Ressourcen?
Ass dat eng Uspillung op d´Baku-Tiflis-Ceyhan-Pipline?
Wei ass är Meenung zum Georgienkonflikt, an dem Zesummenhang?
Besonnesch ierch als Gringen misst jo eng Ueleg-Pipeline en Dar am Aa sinn, oder net?
Dir schwätzt hei fun "well soss d´EU riskéiert zu enger renger Wirtschaftszone ze gin"
As d´EU an ären Aen eppes grondleend Aneschtes?
Wa jo, waat?
Oofschleissend dann nach eppes Anescht:
Wei ass är Astellung zum Lissabonner Vertrach?
Wat ass den Ennerscheed par rapport zum Verfassungsvertrach?
Merci villmols,