Léiwen Här

,
merci vir är Fro.
Ech deelen är Iwerzeegung, daat dës Kris och weist, daat en ëmmer méi séiert blannt Wuessen nömmen an d’Saackgaas féiere kann. Ech mengen och, daat ët aaner Weer gët, vir eisen héichen sozialen Standard ze verteidegen, wéi durch reng quantitative Wuesstum.
Mir als gréng maen eis dofiir staark, Lëtzebuerg durch eng noohalteg Politik méi secher op muer virzebereeden: daat hescht mir wëllen eng Wirtschaftspolitik am Aklang matt héischen sozialen an oekologeschen Standards, déi Zukunftssecteuren wéi Emwelttechnologien unzitt; eng Finanzpolitik, déi durch eng ökologesch Staierreform op méi stabile Féiss steet, ouni d’Gesamtstaierlaascht ze erhéichen; eng Sozial- a Familiepolitik, déi Mëttelen nët matt der Géisskann verstreet, mee deenen helleft, déi et wirklech brauchen; eng Educatiounspolitik, déi matt aalen soi-disant Weisheeten opraumt, an all Kanner (virun allem och den auslänneschen) eng Chance get.
Eng Politik déi op séiert Wuesstum axéiert ass, kuckt just op die kurzfristeg Rendite: daat geet, wéi mer gesin hun, schief. Mir trauen eis als Gréng, geint d’Staiercadeaux´en vir d’Betrieber ze stëmmen an vir eng grondlegend aaner Staier- an Emverdeelungspolitik anzetrieden. Mir schléissen dowéinst och eng Erhéischung vun der Solidaritéitsstaier nët aus.
Är Idee zu engem Grondakommes gët bei de Gréngen am Europaparlament scho mie laang diskutéiert. Et ass en interessanten Usatz, op deem mai Frend a Kolleg, den italienechen gréngen Europadéputéierten Sepp Kusstatscher, laang an intensiv schafft. Dir fannt méi dozou op der Website:
www.kusstatscher.info
Matt léiwen Gréiss,
Claude Turmes