Claude Turmes (Déi Gréng)

Claude Turmes
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´Fro vum Beitrëtt vun der Türkei stellt sech am Moment net. Weder erfellt d´Türkei d´Beitrettskritèren, nach ass d´EU a même vir esou e grousst Land opzehuelen. (...) Et muss een natirlech och d´Virdeeler vun engem EU-Beitrett vun der Türkei gesin: daat Land ass geostrategesch, a pucnto Ressourcen an wéinst der Kooperatioun matt der islamescher Welt wichteg vir d´EU. (...)
 
Froen un Claude Turmes
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Wirtschaft
31.05.2009
Vum:
Pierre Posing

Nowend Här Turmes
"Vier Konjunkturphasen lassen sich unterscheiden:
Aufschwung (Erholung, Expansion),
Hochkonjunktur (Boom, Prosperität),
Abschwung (Rezession)
Tief (Krise, Depression)."
• Wou géngt Dir soen, wou d’EU sech momentan befënnt?
A wéini mengt Dir, ongeféier, dass d’EU an déi nächst Phase kënnt?

• Wat haalt Der vum Gedanken, dass (hei am Land), an der EU, op der Welt d’Aarbecht misst bei d’Leit kommen an net d’Leit bei d’Aarbecht?
A wéi kann d’Politik do hëllefen?
Merci eventuell am viraus
PP
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Claude Turmes
Moien Här Posing,

merci vir är Fro.

Mir sin secherlech am Moment an enger Wirtschaftskris an der EU a weltwait. Et ass nach net oofegsin, op mer schon de Fong vun der Kris ereecht hun, oder daat nach op eis duer kennt.

Et as extrem wichteg, elo géigenzesteiren durch en EU-Konjunkturprogramm, deen vernetzt de Klima schützt an Arbeschtsplaatzen an Zukunftsbranchen wéi den Ecotechnologien schaaft. Daat ass e Garant dofir, daat mer die nächst Kris, d´Klimakris, besser ugin.

Zu ärer zweeter Fro kann ech nëmme soën, daat déi gréng sech dofir asetzen nai Jobs zu Letzebuerg an Zukunftsbranchen wéi Emwelt a Kommunikatioun ze schaafen an domadder deene Jonken, déi elo vun der Schoul kommen eng Perspektive ze bidden.

Dir fannt eise Sofortprogramm zur Kris op www.greng.lu.

schéi gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
31.05.2009
Vum:
Zoë Muller

Léiwen Här Turmes,

Wéi stidd dir zur Idee vun enger Kulturflatrate, also enger Taxe, déi ee pro Mount/Semester/Joer op säin (Breetband)-Internet-Access bezilt an déi engem dofir erlaabt, legal File-Sharing ze bedreiwen?

Ech denken daat et sech géif ubidden esou eppes op europäeschem Niveau anzeféieren, evtl. och mat engem Portal fir europäesch Museker/Filmer gezielt ze förderen, andeems een hier Musek do liicht kéint fannen an eroflueden.

Wann der méi wëllt gewuer ginn iwwert Kulturflatrate kann ech iech nëmmen dëse Podcast vun Netzpolitik.org, iwwregens eng ganz gutt Säit iwwert alles wat Internet an Politik ungeht, un d´Häerz lee: netzpolitik.org
Do ged och op eventuell Modalitéiten(Wéi ginn d´Downloads gezielt, ween kritt wéi vill Suen, etc.) vun esou enger Kulturflatrate a gaangen.

Dir waart jo ganz aktiv punkto Netzpolitik an Rechter vum Internetnotzer (dir hutt an der Wertung vu quadrature.net déi héchste Wertung vun de letztebuerger Politiker. Elo gëtt et eng reell Chance dat déi schwedesch Piratepartei ee Setz am Europaparlament wäert kréien. Wéi gesitt dir déi Entwécklung? Hunn aner Parteien d´Entwécklungen am Internet verschlof?

Merci am Virraus fir är Äntwert!
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Claude Turmes
Moien Zoë Muller,

merci vir deng Fro.
Mir sin als gréng dovir, iwert d´Aféierung vun esou enger Tax (matt Produzenten, Useren an Politik) ze diskutéiren an ze kucken ennert wéi engen Modalitéiten se kéint op europäeschem Niveau agefouert gin. Mir hun am Europaparlament vill op deem Sujet geschafft an hun och zu Lëtzebuerg schons eng Pressekonferenz gehaat, wou eisen Europakandidat Manuel Huss sech vir esou eng Kulturflatrate ausgeschwaat huet (sai site ass www.sokrates.lu). Des Kulturflatrate ass och eng Aentwert op déi reng repressiv Politik, déi ennert dem franséischen Präsident Sarkozy an deser Fro gefördert gët. Mir sin dogéint, daat durch des aus Internetbenotzer Krimineller gemeet gin, déi doriwer ewech nach den Interneprovideren ausgeliwert sin.

schéi gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
01.06.2009
Vum:
Guy Schaeffer

Sidd dir och der Meenung, dat Europa a Lëtzebuerg eng gemeinsam Kommunikatiounssprooch brauchen ?
Wéi eng Sprooch sollt dat sinn ? Englesch an Esperanto sinn d’Haaptkandidaten.

E puer Erklärungen zum Kontext vu menger Fro:

Die Europäischen Institutionen müssen viele Entscheidungen treffen, welche von äußerster Wichtigkeit für die Entwicklung Europas sind. Tausende Menschen verschiedener Nationalitäten sind am Prozess der Vorbereitung, Diskussion, Verhandlung, Beschlussfassung und Ausführung beteiligt. Dieser Prozess könnte wesentlich effizienter gestaltet werden, wenn die Kommunikation aller Teilnehmer in einer gemeinsamen, von allen beherrschten Sprache, geführt würde.

Bedingt durch die Globalisierung sind Wirtschaft und Forschung auf internationale Kommunikation angewiesen. Deshalb setzt sich in der Praxis Englisch als gemeinsame Kommunikationssprache durch. Dies verschafft den Amerikanern und Engländern einen bedeutenden Vorteil da die überwiegende Mehrheit der Europäer Englisch wesentlich schlechter beherrscht.

Im Schulwesen stehen kleine Länder vor einem Problem ohne optimale Lösung. Da die Beziehungen zu den Nachbarländern von äußerster Wichtigkeit sind, muss ein übermäßig großes Gewicht auf den Fremdsprachenunterricht gelegt werden. Da die Anzahl der Schulstunden beschränkt ist, muss man die Studienzeit für die anderen Fächer und Kompetenzen zu stark beschränken.

Viele Europäer kennen eine oder mehrere Fremdsprachen. Die Kenntnisse der Fremdsprachen sind jedoch meistens oberflächlich. Dies bewirkt, dass vor allem die oberflächliche, kommerzielle, amerikanische Kultur sich in Europa durchsetzt. Die reiche, tiefgründige Kultur der europäischen Völker kann kaum über die Sprachbarrieren vermittelt werden. Nur durch eine gemeinsame Kommunikationssprache, welche alle beherrschen, könnten alle Europäer aus diesem kulturellen Reichtum schöpfen.

Bescht Gréiss
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
02.06.2009
Claude Turmes
Moien Här Schaeffer,

merci vir är Fro.

Ech denken, daat sech Englesch emmer méi waert an Europa als Haaptkommunikatiounssproch durchsetzen. Ech gesin daat a menger alldaeglecher Arbecht am Europaparlament an op den internationalen Konferenzen. Desen Trend huet sech och durch d´EU-Erweiderung verstärkt. Ech sin dowéinst och der Meenung, daat praxisbezunn Kommunikatioun an Englesch misst an eiser Schoul méi Bedaitung kréien. Et ass eng Haaptviraussetzung vir an der EU eng Carrière ze maen.

Des Dominanz vum Engleschen well awer net heeschen, daat aaner Sprochen, ewei Letzebuergesch, mussen u Bedaitung verléiren. Ech fannen sugur, daat eis national Sproch an de leschten Joeren, weinst Internet an Handyen ennert anerem, erem u Bedaitung gewonnen huet. Daat ass gudd esou a soll weider gefördert gin.

schéi gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
05.06.2009
Vum:
Pierre Posing

Gudde Moien Här Turmes
D’ EU verhandelt säit 2005 mat der Türkei iwwer e Bäitrëtt. Wéi stitt Dir zu der Türkei-Fro, Här Turmes?
Ech wier frou, Är perséinlech Aschätzung ze liesen.
Merci eventuell am Viraus
PP
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2009
Claude Turmes
Moien Här Posing,

merci vir är Fro.

D´Fro vum Beitrëtt vun der Türkei stellt sech am Moment net. Weder erfellt d´Türkei d´Beitrettskritèren, nach ass d´EU a même vir esou e grousst Land opzehuelen. Viraussetzung ass, daat d´Tierkei am Beraich vun de Menscherechter, vun der Justiz a vun dem legale Kader vun der Wirtschaft sérieux Effort´en mëcht. Daat ass extrem wichteg an do därfen keng Kompromesser gemeet gin. Doniewt muss d´EU intern Reformen maachen, waat sai Fonctionnement ugeet. Do si mer am Moment och net esou wait.

Et muss een natirlech och d´Virdeeler vun engem EU-Beitrett vun der Türkei gesin: daat Land ass geostrategesch, a pucnto Ressourcen an wéinst der Kooperatioun matt der islamescher Welt wichteg vir d´EU.

Am Moment fannen ech, daat et wichteg ass, vir d´éischt emol eng Paus an der Erweiderung vun der EU anzeleen, iir gréisser Länner opgeholl gin, well soss d´EU riskéiert zu enger renger Wirtschaftszone ze gin.

schéi gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
05.06.2009
Vum:
Pablo DaCosta

Ech wollt mech där Fro fu mengem Firgänger usechléissen an iwwert är Äntwert nofroen:

Dir soot "Viraussetzung ass, daat d´Tierkei am Beraich vun de Menscherechter, vun der Justiz a vun dem legale Kader vun der Wirtschaft sérieux Effort´en mëcht. Daat ass extrem wichteg an do därfen keng Kompromesser gemeet gin."

Wat sinn dann, gesaat de Fall d´Türkei kennt irgent wann an d´EU, d´Meiglechkeeten, bei Violatioun fun denen Effort´en, dem Europapalament hier Meiglechkeeten, fir dat ze sanktionneieren?

Dat intresseiert mech manner weint der Tierkei, mee mei weint denen aktuellen Memberstaaten.
Zum Beispill willt ech wessen, wat dann mat denen Menscherechtswiddregen Expulsiounen no Guantanamo Bay ass, dei Deitschland accordeiert huet.

Wat konkret mengt der mat "daat Land ass geostrategesch, a pucnto Ressourcen an wéinst der Kooperatioun matt der islamescher Welt wichteg vir d´EU."?

Wat heescht Geostrategesch fir Ressourcen?
Ass dat eng Uspillung op d´Baku-Tiflis-Ceyhan-Pipline?
Wei ass är Meenung zum Georgienkonflikt, an dem Zesummenhang?
Besonnesch ierch als Gringen misst jo eng Ueleg-Pipeline en Dar am Aa sinn, oder net?

Dir schwätzt hei fun "well soss d´EU riskéiert zu enger renger Wirtschaftszone ze gin"
As d´EU an ären Aen eppes grondleend Aneschtes?
Wa jo, waat?

Oofschleissend dann nach eppes Anescht:
Wei ass är Astellung zum Lissabonner Vertrach?
Wat ass den Ennerscheed par rapport zum Verfassungsvertrach?

Merci villmols,
Pablo
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
06.06.2009
Claude Turmes
Moien Här DaCosta.

merci vir är Fro.

D´Europaparlament muss dem Baitrett zoustemmen a suivéiert d´Beitrettsverhandlungen matt all Land de près. No dem Baitrett ass et dann vir d´éischt emol d´EU-Kommission - déi d´Anhaalen vun den europäeschen Traitéen an den europäeschen Direktiven an Regelen an den Memberstaaten kontrolléiert - déi kann intervenéiren. D´Europaparlament kann d´Kommissioun opfurderen, anzegraifen durch eng Resolutioun beispielsweis. De Ball lait dann awer bei der EU-Kommissioun. Wann et awer manifest Verstéiss gët, ass et kloer daat d´EU-Kommission net ka nockucken.

schéi gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Turmes
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.