Claude Turmes (Déi Gréng)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Claude Turmes
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´Fro vum Beitrëtt vun der Türkei stellt sech am Moment net. Weder erfellt d´Türkei d´Beitrettskritèren, nach ass d´EU a même vir esou e grousst Land opzehuelen. (...) Et muss een natirlech och d´Virdeeler vun engem EU-Beitrett vun der Türkei gesin: daat Land ass geostrategesch, a pucnto Ressourcen an wéinst der Kooperatioun matt der islamescher Welt wichteg vir d´EU. (...)
 
weider Profiler
Froen un Claude Turmes
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
17.05.2009
Vum:

Léiwen Här Turmes,
Wat as a puer Sätz är Positioun zum Lissabon Vertag, wat wor är Positioun zur "Europäescher Verfassung" a wei gesidd der haut, no der ganzer Wirtschaftskriis d´Zukunft vun Europa? Wei soll dei geregelt gin? Brauche mer e neie Vertag? Wa jo, wat wieren dei grouss Linnen dovunner? Ech hun e Bleck iwert äre Programm vum grénge New Deal geheit. Wei wellt dier iech konkret an Zukunft dofir asetzen dass d´Wirtschafts-Lobyen an Europa manner Afloss hun (virun allem op d´EU Kommissioun), dass d´EU-Parlament mei ze soen kritt a virun allem dass dei Sachen dei am EU-Parlament gestemmt gin dann och konkret gelauschtert an emgesaat gin?
Dier schwetzt an ärem Programm och vun enger humaner Asylpolitik. Wat haalt dier vun der fameiser "directive de la honte" a wat haalt der vun den "centres fermés" fir Asylanten sou wei zur Zeit hei zu Letzebuerg een am Bau ass.
Och wann ech mech (leider) net wieklech mat ärer Partei ufrennen kann, an och net emmer är perseinlech Positiounen deelen, wollt ech iech dann awer mol feliciteieren fir dei fleisseg Arbescht dei dier am EU-Parlament geleescht hutt. Verschiddener vun äre letzebuerger Arbeschtskollegen do si jo entweder nie do oder einfach nemme peinlech.
Mat beschte Greiss,
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
19.05.2009
Claude Turmes
Moien,

Eis Positioun zum Lissabon-Vertrag. Et ass e gangbaren realisteschen Kompromess, e bréngt d´EU e Stéck mie wait virun a mir hoffen daat en demnächst kann an der ganzer EU gëllen. Wichteg ass awer virun allem, die aktuell EU-Politik ze änneren. Daat ass notamment duerch eng aaner Eu-Kommissioun méiglech. Mir si relativ skeptesch, daat mer an der noer Zukunft waerten e naien Vertrag kréien. Mir fannen et wichteg, d´ONGen an d´Gewerkschaften ze mobiliséiren, vir e mei sozialt an ekologescht Europa ze kréien.

Zur Kontroll vun de Lobbyen: Mir setzen eis vir en obligatoreschen Lobbyregister an, deen kloer seet wei eng Lobby wei eng Suen vu weem kritt an sin der Meenung, daat och d´Kommissioun muss kloer opleen, wei eng Lobbyen an hiire Raihen schaffen.

Emsetzung vu Saachen dei gestemmt sin: Mir hun do am Rapport vun der grenger Europadeputéiert Frassoni genee Virschli gemeet, ze fannen um site www.europarl.europa.eu . Notamment welle mer daat d´Kommissioun mei seier a mei hart kann durchgreifen an daat d´EP e suivi mecht vun den adoptéierten Direktiven an hiirer konkreter Emsetzung.

Directive de la honte: Mir hun dogéint gestemmt am Europaparlament, well se reng repressiv ugeluecht ass a mir eng Immigratiounspolitik an der EU brauchen. Mir sin och vir eng human Asylpolitik doheem. Hei en Extrait aus eisem Programm: "Wir werden das "centre de rétention" für Asylsuchende mit den nötigen personellen und infrastrukturellen Mitteln ausstatten. Das Zentrum stellt eine Verbesserung dar, da Menschen, die keine Kriminellen sind, dann nicht mehr im Schrassiger Gefängnis eingesperrt werden. déi gréng werden die Rückführungspolitik jedoch so gestalten, dass sie nach Möglichkeit ohne Rückgriff auf das "centre de rétention" funktionieren kann. Die Menschenwürde der Asylsuchenden ist unser oberstes Gebot. Kontrollen auf allen Ebenen müssen das belegen und garantieren. "

schéi gréiss a merci vir aer Félicitatiounen!

claude turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Land an Forstwirtschaft
26.05.2009
Vum:

Gudde Moien Här Turmes,
ech wousst net, ob ech meng Fro ënner Ëmwelt oder Landwirtschaft sollt stellen. Déi zwee Beräicher gi jo Hand an Hand. Leider muss ech mech fir een Thema entscheeden.
De Moment geet Rieds an de Noriichten iwwer Mëllechpräisser, EU- a Staatssubventiounen an Ëmweltproblematik.
Wat ass Är Meenung zu denen Themen, méi konkret vläicht zum Thema Kéi, Fleeschkonsum, Biodiesel an Ëmwelt?
Merci eventuell am viraus
PP
Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Claude Turmes
Moien Här ,

merci vir är Fro.
Wéi der et richteg soot, haenken Emwelt a Landwirtschaft enk zesummen. Mir als Gréng hun eis och wéi keng aaner Partei als Prinzip gesaat, vir Emweltschutz a Landwirtschaft emmer zesummen unzegoen. Nemmen esou kann d’Emwelt geschützt an den Bauer längerfristeg ofgesechert gin. Zu ärer Fro zu de Mellechpraiser: Mir fannen, daat d’Demonstratiounen vun de Mellechbaueren, déi die lescht Deeg zu Bréissel waren, weinst dem massiven Preisverfall vu méi wéi 30 Prozent richteg a wichteg sin. Déi gréng ennerstetzen dann och d’Furderungen vun den Bauren no keschtendeckenden Praiser. Mir brauchen an Europa eng bedarfsgerecht, qualitéitsorientéiert Mellechproduktioun an domadder eng Mengenstaierung am Melleschsecteur. Mir hun doweinst am Europaparlament och géint d’Ophiewen vun de Mellechquoten gestemmt. Mir appelléiren och un d’EU-Agrarminister d’Quoten erem anzeféiren.

De Problem am Mellechsecteur ass, daat e puer grouss Supermachésgruppen d’Praiser bestemmen. Mir brauchen doweinst och e nait EU-weit Wettbewerbsrecht, waat den Discounteren verbidd, vir Melleschpraiser ennert dem Produktionsprais ze verkaafen an als "Lockangeboter" ze messbrauchen. Déi gréng furderen doriwer eraus och e Stopp vun den Exportsubventiounen, durch déi elo Mellech- an aaner Agrarproduiten op den Weltmarché gehait gin. Des Subventiounen sin net nemmen onfair géintiwer den Entwecklungslänner, mee si machen och d’EU bei de Beméihungen em eng Léisung vun der Welternährungskris total onglawwierdeg.

E puer Wurt nach zum Fleeschkonsum an zu Biodiesel: Et ass kloer, daat den intensiven Fleeschkonsum genausou wéi intensiv Biodiesel-Produktioun massiv Emwelt- an Ernährungsproblemer schaafen. Mir setzen eis dofir als Greng vir eng aaner Ernährungspolitik an, déi schons an de Schoulen ufänkt a vir streng Nohaltegkeets-Kritären bei der Biodiesel-Produktioun an, déi d’Nahrungsmettelsecherheet an och den Emweltschutz garantéiren. Am Kader vun der Directive zur Förderung vun den ernaierbaren Energien hun ech mech dofiir staark agesaat.

Matt léiwe Gréiss

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Turmes

Ons traditionnel Denkmodeller gin momentan kräfteg durchgerëselt. Mier duerchliewen richteg historesch Momenter, den Englänner schwätzt vun "Window of opportunity". Kéinten mir deen nët als eng riiseg Chance ugesin an en Paradigmenwiessel virundreiwen? Ewech vun enger Logik, déi jidfereen zwengt zur Maximéierung vun kurzfristegen an egoisteschen Zieler mat schädlechen Auswirkungen opp ons Emwelt an Matmënschen. Hin zou engem méi mënschlechen Mateneen an wou den Mënsch an d´Kultur am Mëttelpunkt stinn. Dat héiert sech utopesch unn. Loost Iech soen dat et och e puer Jorhonnerte gedauert huet bis jidfereen iwerzeecht wor dat d´Erd em d´Sonn dréint. Wann mir dann dem Gordon Moore saïn Gesetz an d´Geschicht transposéiren - mir wëssen haut vill, vill méi - dann misst esou en Paradigmenwiessel jo spilles an 10 Joer ze packen sin. d´Beispill vun Wikipedia weist ons em wéivills méi Séier mir haut eppes grousses upacken an realiséieren können. An dobai sin dem Internet seng Méiglechkeeten nach laang nët zu Enn geduecht.

Gesidd dir och den "Window of opportunity"? Wat hält Dir vun dësen Iwerleeungen? Kéint Dir Iech virstellen bei esou engem groussen Projet matzeschaffen?

Mat beschten Gréiss

Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Claude Turmes
Léiwen Här ,

Merci vir är Fro.

Ech deelen är Meenung komplett. Mir mussen d’Fënster, de "window of opportunity", déi dës Finanz- a Wirtschaftskris, mee och d’Klimakris bidden, onbedengt notzen. Mir mussen d’Wirtschaft re-réguléiren, vum quantitative, moralësch onbeschränkte Wuesstum op qualitativen Wuesstum ëmklammen, an eis Wirtschaft a Gesellschaft durch eng grondlegend Naiausrichtung vun der Energiepolitik op de Klimawandel an d’Ressourceknappheet virbereeden.

Dës Kris confirméiert déi gréng Politik vun de läschten Joerzengten an aller Daitlechkeet. Sie ass eng Chance, déi mer elo musse notzen. Des Chance kennt nët esou baal erem. Mir Gréng wëllen d’Sensibilitéiet, déi elo vir Emwelt- a Sozialfroën besteet, elo matt allen gesellschaftlechen Acteuren notzen. "Grad elo" mussen dowéinst déi gréng national an an Europa gestärkt gin.

Matt léiwe Gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Wirtschaft
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Turmes,

Den Här Krecké huet opp der Ouvertür vun der Fréijoersfoire d´Wichtegkeet vum Wuesstum erausgestrach. Hien huet gesot mir missten onbedingt erëm Wuesstum schafen fir dat mir eisen héijen soziale Standard garantéieren können.

Ech verstinn dat nët. Wéi kann gerad d´Ursach vun der Kris och d´Léisung sin? Dat ëmmer méi iwert déi lescht 30 Joer huet ons nët méi glëcklech gemach. Eischter den contraire ass de Fall. Wann en méi huet, wat en sech méi Suergen mëcht fir och nët nëmmen eppes dovun erëm ze verléieren. An wëllen mir wirklech aus Lëtzebuerg en zweet Singapore machen, mat enger oder 2 Milliounen Awunner, well bei 700´000 ass et jo mat dëser Logik bestëmmt nët Schluss.
Könnt dir mir w.e.g. den Drang zu ëmmer méi erklären?

An der "DIE ZEIT" Ausgab vum 20. Mee 2009 gët an engem langen Artikel genau des Problematik vum Wuesstum beschriwen. d´Léisungsiddien wéi Grondakommes an en anert Geldsystem gët et och schons seit langem. Si sin durchaus realiséierbar, wann mir wëllen, genee wéi d´Milliarden fir d´Rettung vun den Banken.Wien huet den Mut dat unzepaken?
Ech freen mech äer Aentwert ze liesen

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Claude Turmes
bis elo kengRecommandatiounen
29.05.2009
Claude Turmes
Léiwen Här ,

merci vir är Fro.

Ech deelen är Iwerzeegung, daat dës Kris och weist, daat en ëmmer méi séiert blannt Wuessen nömmen an d’Saackgaas féiere kann. Ech mengen och, daat ët aaner Weer gët, vir eisen héichen sozialen Standard ze verteidegen, wéi durch reng quantitative Wuesstum.

Mir als gréng maen eis dofiir staark, Lëtzebuerg durch eng noohalteg Politik méi secher op muer virzebereeden: daat hescht mir wëllen eng Wirtschaftspolitik am Aklang matt héischen sozialen an oekologeschen Standards, déi Zukunftssecteuren wéi Emwelttechnologien unzitt; eng Finanzpolitik, déi durch eng ökologesch Staierreform op méi stabile Féiss steet, ouni d’Gesamtstaierlaascht ze erhéichen; eng Sozial- a Familiepolitik, déi Mëttelen nët matt der Géisskann verstreet, mee deenen helleft, déi et wirklech brauchen; eng Educatiounspolitik, déi matt aalen soi-disant Weisheeten opraumt, an all Kanner (virun allem och den auslänneschen) eng Chance get.

Eng Politik déi op séiert Wuesstum axéiert ass, kuckt just op die kurzfristeg Rendite: daat geet, wéi mer gesin hun, schief. Mir trauen eis als Gréng, geint d’Staiercadeaux´en vir d’Betrieber ze stëmmen an vir eng grondlegend aaner Staier- an Emverdeelungspolitik anzetrieden. Mir schléissen dowéinst och eng Erhéischung vun der Solidaritéitsstaier nët aus.

Är Idee zu engem Grondakommes gët bei de Gréngen am Europaparlament scho mie laang diskutéiert. Et ass en interessanten Usatz, op deem mai Frend a Kolleg, den italienechen gréngen Europadéputéierten Sepp Kusstatscher, laang an intensiv schafft. Dir fannt méi dozou op der Website: www.kusstatscher.info

Matt léiwen Gréiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Internationales
27.05.2009
Vum:

Léiwen Här Turmes,

Den Erwin Wagenhofer seet a sengem Dokumentarfilm iwert d´Geld dat fir all U.S. Dollar Entwëcklungshellëf dat zengtfach ënnert dem Dësch erëm zereckfléisst, an dat iwert Steierparadeiser wéi Jersey oder Cayman Islands.

Wéi könnt den Här do drun fir dat ze soen? An wann et stëmmt, wat kéint en dogéint machen?

Mat frëndlechen Gréiss

Äntwert vum Claude Turmes
2Recommandatiounen
29.05.2009
Claude Turmes
Moien Här ,

Merci fir aër interessant Froo. Ech kennen den Dokumentarfilm selwer leider nët.

Weivill Geld elo aus den Bestëmmungslänner fier d´Entwecklungshëllef erausfleisst an d´Steierparadiesen wees haut keen. Do gëtt et ënnerschidlech Schaetzungen, mee waat kloer ass, ass datt et sech ëm grouss Montant´en handelt.

Fir déi gréng ass awer kloer - an daat nët ereischt sait dëser Kriis - dass dei fehlend Reguleierung an Transparenz op den Finanzmärt en ganz seriösen Problem ass. An daat nët nëmmen fier d´Stabiliteit vun den Finanzmärt selwer an der Wirtschaft, vun deenen lo all Mënsch schwätzt, mee awer och an Froen vun globaler an nationaler ´Gouvernance´, daer hier Ënnergruewung and dei dooduerch massiv Korruptioun, Kapital- and Steierflucht.

Déi gréng begreissen datt d´Weltgemeinschaft elo endlech e bëssen ze erwechen schëngt an wënschen eis datt konkret Viirschlei aus den Diskussiounen eraus entwëckelt gin, déi dei neideg Verbesserungen brëngen - an nët datt et sech rëm jhust ëm Sonndesrieden handelt vun deenen nämlechten dei selwer un der Déréguleierung mattgeschrauwt hun an sech elo bedeckt haale wëllen.

D´EU muss do och een aktiven Akteur sin, souwie Lëtzebuerg, an secherstellen, daat eise Finanzsekteur weiderhin fonktionneiren kann an een Haapt-acteur zum Wiessel an eng meih noohalteg Gesellschaft gëtt.

Mir hun eng Reih konkret Proposen an eisem Wahlprogramm zu där Froo, dei der hei rënner ëremfannen kënnt.

Mat léiwe Greiss,

Claude Turmes
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Turmes
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.