Claude Wiseler (CSV)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Claude Wiseler
Joergang
1961
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
(...) Ech verweisen op dem Staatsminister Juncker seng Aentwert, deen erklärt dat et sech hei em ural Schutzmechanismen fir den Eenzelnen handelt, fir sech der Strofjustiz an enger meiglecher penaler Strof ze entzeien, wann en am heigeren Intérêt handelt (état de nécessité, état de légitime défense). (...)
 
weider Profiler
Froen un Claude Wiseler
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
26.05.2009
Vum:

Gudde Moien Här Wiseler
Är Partei plädéiert jo fervent fir e Schouldirekter (m/w?) am Primär. Ech hunn och d’Argumenter vun der CSV an der ADR nogelauschtert a verstan.
Dir wësst, dass de Posten vum Präsident vun deem neie Schoulcomité net z’ënnerschätzen ass. De Comité iwregens och net. Ech fannen et och méi demokratesch a produktiv. Et gi jo schliisslech och nach Schoulinspekteren (m/w?) an e Minister (m/w), déi hoffentlech eng Hand mat upaken!
Bei engem Direkter (m/w?) denken reflexaarteg un eng déck Pai, Näischtschaffen, eng oder méi SekretärInnen, u Seilschaften a Protektionismus. Sou à la "ech hu mäin zu E. als Schouldirekter ënnerkritt". Entschëllegt meng bësse verduerwe Phantasie.

Sollte mer net fir dat Geld (net méi sou fëlleg an Zukunft) gutt qualifizéiert Pädagogen astellen – mat Diplom? Ech stellen Eech nämlech och d’Fro, op wéi enger Schoul een dann Direkter léiert.
Dat alles am Intérêt vun eise wäertvolle Kanner natierlech, vun deenen nach d’Majoritéit hei am Land an d’Primärschoul geet.
Merci eventuell am viraus.
PP
Äntwert vum Claude Wiseler
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2009
Claude Wiseler
Här ,
Fir d´eischt well ech d´Positioun vun der CSV zur Reform vum "enseignement
fondamental" nach eng keier kloerstellen: Mier delen d´Zielsetzungen vun der
Reform esouwuel waat hir pädagogesch Finaliteiten ugeet wei wat d´Moien dei
agesaat gin fir des Zieler ze errechen. Absolut viirrangeg fir eis sin
d´Zesummenaarbecht vun pädagogeschen Equippen, d´Afeierung vun Cyclen a
Socles de compétences, Disponibiliteit fir d´Kanner an Elteren, eng besser
Coordinatioun an Elterencollaboratioun asw.. D´Afeierung vun Direkteren ass
nemmen eng Fro ennert fillen aaneren gewiescht obwuel ganz fill just iwert
des Fro dikuteiert gin ass. Dat zum Kontext.
D´CSV ass fir d´Afeieren vun engem Direkter well mer mengen dat dei
Leadershipfunktioun dei en Direkter an enger Schoul kann hun, geing hellefen
dei wichteg Zielsetzungen vun dém neie Gesetz besser emzesetzen. Dat ass fir
eis dat wichtegst, an ech mengen dat är Reflexer an är Phantasie iech
eweineg weit matrappen :-) . Eng entspriechend Formatioun continue fannen
mer awer wichteg fir jidferen den e leedenden Posten am Edukatiounsbereich
huet.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
26.05.2009
Vum:

Bonjour Här Wiseler,

Ech haat meng Fro un den Här Lux gestaalt (weider enen am Text), awer leider ass déi Fro un Iech weider gin. Kent Dir dess Fro dann beäntwerten, ouni datt ech mech elo un Bauteverwaltung wende muss.
Merci fir är Äntwert.


Bonjour Här Lux,

Baal all Dag fueren ech op der Diddelenger Autobunn a froe mech, wiesou eis klengt Land et net férdech brengt den Traffic Message Channel (TMC) freizeschalten. Mettlerweil si ganz vill Autofuerer genervt vun dem Cita-System, deen am Stau néischt brengt, ze stoen. Trafficreporteren oder Traficscouts si gutt, awer net schnell genuch. Do léid et jo op der Hand , datt een esou e schnellen Staumeldersystem wéi TMC et ass, an a ganz Europa get (ausser Letzebuerg), zreckgréife kann. Esou vill Autobunnen hun mir jo net, also wärt daat jo keen Problem sin.
Wourunner hängt et dann?? A wéini rechent dir domatt.
Merci fir är Äntwert.
26.05.2009
Äntwert vum
Lucien Lux




Här ,

D´Gestioun vum Traffik op eisen Autobunnen ass e wichtegt Thema an et sollt keng Méiglechkeet onbeuegt bleiwen fir dës an Zukunft ze verbesseren.

Et ass awer sou dat dëse Beraich ënner d´Kompetenz vum Bauteminister an der zoustänneger Stroossebauverwaltung fällt. Ech giff iech also roden är Fro direkt un den aktuell zoustännege Minister ze stellen.

Mat beschte Gréiss

Lucien Lux
Äntwert vum Claude Wiseler
1Recommandatioun
27.05.2009
Claude Wiseler
Bonjour Här ,

Zum Cita System weilt ech soen dat deen haut haaptsechlech als
Secherheetssystem fir d´Autobunnsiwerwaachung benotzt get an erlabt schnell
an Geforensituatiounen ze reageieren.
Momentan ass de Bauteministär amgang mam Automobilesclub (ACL) eng
Conventioun auszeschaffen viir en elektroneschen Verkeiersmeldesystem ze
bedreiwen. Ech gin dovun aus dat esou e System dest Joer nach kann a Betrieb
goen. Et ass och weiderhin e Gesetzesprojet iwert d´Reorganisatioun vun de
Ponts et Chaussées an der Chamber déposeiert, den de gesetzlechen Kader fir
d´Schaafung vun enger Divisioun "de l´exploitation de la grande voirie et de
la gestion du trafic" innerhalb vun de Ponts et Chaussées firgeseit.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
28.05.2009
Vum:

Guten Tag Herr Wiseler,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Herr Wiseler, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Claude Wiseler
bis elo kengRecommandatiounen
30.05.2009
Claude Wiseler
Herr ,

Sie haben diese Frage an mehrere Kollegen gerichtet. Bitte finden sie untenstehend eine gemeinsame Antwort.

Mit Ihnen zusammen freue ich mich über die unbestreitbaren Fortschritte, die in den letzten Jahren im Bereich der medizinischen und psychosozialen Betreuung von psychisch kranken Menschen erreicht wurden: Einrichtung von psychiatrischen Einheiten in allen regionalen Krankenhäusern, fachgerechte Anamnese und multidisziplinäre Diagnose, Erstellung und regelmä?ige Evaluierung von Therapie- und Betreuungsplänen, adäquatere Betreuung von demenzkranken Senioren in den Altenpflegeheimen und Pflegetagesstätten, Schaffung von spezifischen kinder- und jugendpsychiatrischen Einheiten, Gründung therapeutischer Werkstätten, Einrichtung dezentraler Einheiten für betreutes Wohnen, gezielte Unterstützung pflegender Angehöriger… Bei dieser sehr vielfältigen und durch international anerkannte Experten gestützten Entwicklung hat das "Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique", auf das Sie spezifisch hinweisen, eine wichtige Leaderfunktion übernommen.

Ich weiss, mit welch hohem Engagement Sie sich für die Menschenrechte der betroffenen Mitbürgerinnen und Mitbürger einsetzen. Dabei müssen gleichzeitig der Anspruch auf Schutz und Bewahrung so wie das Recht auf Selbstbestimmung und soziale Partizipation beachtet werden. Das Eingreifen gegen den Willen der unmittelbar Betroffenen ist an entsprechende gesetzliche Auflagen gekoppelt.

Medizinische und psychosoziale Betreuung ist vorerst ein Angebot, das Betroffenen zur Verfügung steht. Es ist selbstverständlich die Pflicht der medizinischen und psychosozialen Einrichtungen, psychisch Kranke und ihre Angehörigen über dieses Setting zu informieren und sie, falls dies fachlich wünschenswert ist, womöglich dafür zu gewinnen. In den meisten Fällen liegt die Entscheidung aber bei dem Kranken, und dies ist für unsere Partei so auch stimmig.

Auch und besonders in wirtschaftlich schwierigen Zeiten setzt die CSV sich dafür ein, dass die entsprechenden Angebote ausgebaut, diversifiziert und vernetzt werden: Betreuung zu Hause, Unterstützung der Familien, Begegnungsstätten, geschützte Werkstätten, gezielte soziale und berufliche Eingliederungsma?nahmen…

Mit Ihnen teile ich die Überzeugung, dass eine menschenfreundliche Gesellschaft es sich nicht leisten darf, ihre "schwachen" Mitglieder zu vernachlässigen oder auszusondern.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
29.05.2009
Vum:

Leiwen Här Wiseler,

ech wollt Iech froen virwat an der Fonction Publique den Diplôme de fin d´études secondaires nach emmer grad esouvill "wert" as wei en BAC+3?

bescht Gréiss
Äntwert vum Claude Wiseler
1Recommandatioun
30.05.2009
Claude Wiseler
Här ,

Den aalen System deen d´Studien an Studiendaueren opgedeelt huet (Bac+2+3+4) wärt an nächster Zeit duerch den Bologna System (Bachelor, Master) an der Fonction publique ersaat gin. Am Ufank vun der nächster Legislaturperiod mussen d´Schlussfolgerungen aus enger Gehälterstudie gezun gin dei des Regierung an Auftrag gin huet. Dat muss gescheien fir der verännerter Diplomlandschaft (ennert anerëm mee nët nëmmen dem Bologna-Prozess) Rechnung ze droen. Dës Reform därf awer nët eng allgemeng Gehältererheigung gin, mee se soll duerch eng nei ugepasst Gestaltung vun den Verantwortlechkeeten an de Gehälter zu engem méi effizienten an kompétitiven öffentlechen Dengscht feieren.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Verkéier an Infrastruktur
31.05.2009
Vum:
Guy

D´Tram-Léisung ass wahrscheinléch nët ze réaliséiren (zumindest nët zu engem raisonnablen Preis-Leeschtungsverhältnis).

Wann en alles mat arechent (a nët nëmmen 2 oder 3 ausgewielte Posten) an och d’Erspuernisser am Mobil 2020 déi de Bus-Bunn Konzept erméiglecht, ass de Bus-Bunn (och nach RER genannt) vill méi bëlleg wéi d´Tram Léisung. Detailer fannt dir um Site www.rer.lu.

Doriwer eraus ass d´Bus-Bunn Léisung vill méi leeschtungsfähig wéi d´Tram-Léisung.

Den Tram bréngt e besschen méi Kapazitéit, wéi déi Bussen, déi den Tram ersetzt.
Am Tram-Konzept muss e méigléchst daks emsteigen (vum Zuch op den Tram, dann op de Bus, ...).
Déi vill Haltestellen a Kräizungen op der Tramslinn kaschte vill Zäit.
E wichtege Problem ass och de Risiko vu Stauen (duerch ze vill Verkéier oder duerch Akzidenter).

De Bus-Bunn bréngt eng grouss zousätzléch Kapazitéit (komplett Zich mat 2 Stäck).
Duerch déi +- 12 Garen op de wichtegste Punkten vun der Stadt kënne ganz vill Leit direkt mam Zuch bis (bal) dohin fueren, wou si hi wëllen.
D´Buslinnen kënnen duerch e leeschtungsfähegen Zuchréseau an der Stadt verbonne gin. Doduerch kann de Knuet (Stau an der Avenue de la Liberté, um Aldringer, op de Bréken, ... ) aus ville Bus-linnen eliminéiert gin.

Wann e manner Autoen an der Stadt wëll, muss e keen Tram bauen, den déi puer grouss Stroossen a Bréken blokéiert.
Et ass besser
  • engerseits eng leeschtungsfäheg Alternativ unzebidden (Bus-Bunn Konzept)
  • an anrerseits méi Foussgängerzonen, Busspuren, Velosweeër, breet Trottoiren, Géngstreifen, ... unzeleeën.
Dat ass och politesch vill méi liicht duerchzesetzen.

De Bus-Bunn Konzept ass vill méi ausgereift, wéi den Tram-Projet.
Iwerzeecht iech selwer a vergleicht d´Dokumentatioun vum Transportministère (vill irrelevant Detailer, wichteg Punkten ignoréiert, kéng Léisung fir déi vill Problemer)
mat der viirbildlécher Dokumentatioun um www.rer.lu.

Kennt dir den Dossier ?
Fannt dir och, dat de Bus-Bunn Konzept déi besser Léisung ass ?
Äntwert vum Claude Wiseler
1Recommandatioun
02.06.2009
Claude Wiseler
Här ,

Fir d’CSV ass den Tram an Dél vun engem gesamten Mobiliteitskonzept dat eng Prioritéit op den öffentlechen Transport setzt.

Mir wëllen eist Eisenbunnsnetz verbesseren.

Mir wëllen 3 nei Garen an der Peripherie vun der Stad fir ënnert aanerëm déi Leit déi aus de Géigenden vun Thionville, Arel, Saarbrëcken an Tréier kommen.

Mir wëllen den Tram op dem Territoire vun der Stad ënnert anerem fir d’Feinverdeelung vun den Gares périphériquen aus ze garanteieren.

Den Tram mëcht nëmmen Sënn mam Zuchausbau, an den Zuchausbau an d’Périphériegaren machen nëmmen Sënn mam Tram.Well dat ganzt och positiv fir den innerstätteschen Transport ass, soll en Dél vun de Keschten vun der Stad Lëtzebuerg iwerholl gin. Mat dém Prinzip huet d’Stad Lëtzebuerg sech och d’accord erklärt.

D’Planificatioun vun desem Projet ass momentan schons esou weit dat fir den eischten Deel den APS (avant-projet sommaire) faerdeg ass an den APD (avant-projet définitiv) am gaangen ass ausgeschaft ze gin. Wéi bei all Projet vun dëser Gréisstenuerdnung bleiwen nach Froen ze klären, mee den Dossier ass an dénen leschten Méint gutt weider komm.

Selbstverständlech kenne mier den Dossier vun Bus-Bunn, esou wéi den Här Schummer en ausgeschaft huet. Mee fir eis ass den Tram esou wei en elo geplangt ass déi effizienst Léisung. Waat d’Finanzéierung ugét esou ass ët ganz kloër dat den Tram sëcherlech wésentlech méi bëlleg get wei en Zuch dén ganz duerch en Tunnel ënnert der Stad Lëtzebuerg géif fueren.

Fir d’CSV ass d’Mobilitéit an den öffentlechen Transport eng Prioritéit an d’Investitiounspolitik vun dénen nächsten Joëren muss dém Rechnung droen. Fir eis sin dës Investitiounen an d’Mobilitéit wichteg, well se nët nëmmen zur Kompétitivtéit vun eisem Land beidroen, mee och well se en wésentlëchen Beitrag fir de Klimaschutz sin.
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Claude Wiseler
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.