Vum:
Guy

Froen zum Thema Gemeinsam Kommunikatiounssprooch fir Europa a Lëtzebuerg.
Hutt Dir schon am Internet zum Thema Esperanto recherchéiert fir ze kuken, wéi lieweg Esperanto (d’Sprooch an d’Bewegung) ass?
Kennt Dir déi dramatesch Geschicht vun Esperanto a vun der Esperanto-Bewegung ?
Gleewt Dir wierkléch, dat en d’Kommunikatiounsproblemer an Europa (Europäesch Institutiounen, Internationalt Recht, Wirtschaft, Fuerschung, Kultur, Integratioun) léise kann, ouni séch op 1 gemeinsam Sprooch ze eenegen?
Wëllt Dir ofwarden, dat Englesch séch lues a lues als international Kommunikatiounssprooch duerchsetzt ouni öffentléch a rationell Diskussioun, op dat déi bescht Léisung ass ?
Gleewt Dir wierkléch, dat mir zu Lëtzebuerg alle Schüler gudd Kenntnisser an 4 Sproochen (Lëtzebuergesch, Deitsch, Franséisch an Englesch) vermëttle kënnen ouni aner wichteg Fächer a Kompetenzen ze vernooléissigen?
Oder sollte mir eis esou séier wéi méiglech op eis Mammesprooch an Englesch konzentréiren (an Deitsch a Franséisch nach als Optioun ubidden)?
Wesst Dir, dat et wahrscheinléch manner Opwand ass, eis Kanner an Esperanto ze alphabétiséiren an duerno réischt déi aner Friemsproochen ze léiren ?
Esperanto ass ganz liicht ze léiren an ass eng gudd Basis op déi en opbaue kann.
Esperanto ass fir Lëtzebuerger an Auslänner ähnléch liicht ze léiren an vereinfacht doduerch en homogenen Unterricht.
Mat de natiirléche Sproochen zerstéire mir de Kanner hirt Gefill fir d’Logik vun de Sproochen. D’Wierder gin anescht gelies wéi geschriwen. Déi komplizéiert Grammatik mat villen Ausnahmen bleiwt fir vill Kanner e Rätsel.
Kennt Dir d’Viirdeeler vun Esperanto am Verglach zum Engleschen als Kandidat fir d’international Kommunikatiounssprooch ze gin ? (Einfach ze léiren a Neutral)
Wësst Dir, dat et zirka 8x méi kascht, all Europäer gudd Englesch ze léieren, wéi all Europäer gudd Esperanto ze léieren ?
Bescht Gréiss