Vum:
Guy

Ech verstinn nët wisou eis Regierung seit e puer Joerzëngten en Tramsprojet nom anere präsentéirt. Déi Etuden kaschte vill Geld. Soubal de Projet konkret gët, stellt séch eraus, dat de Projet schlecht ass. Da gët séier en aneren Trams-Projet ausgeschafft.
Well an eiser Stad nët déi néideg Platz ass fir en Tram (kaum breet Stoossen, Bréken déi haut schon iwerlaascht sinn) wärt ni en Tram-Projet realiséiert gin. Et wor bis elo onméiglech 2 Bunnen (1 an all Richtung) op den Haaptverkéiersaxen vun eiser Stadt fir d’Bussen frei ze machen. Da wärt et och nët méiglech sinn 2 Bunnen fir en Tram frei ze machen. Souwisou huet den Tram kaum méi Kapazitéit wéi d´Bussen déi en ersetzt. An 1 Tram passe méi Leit wéi an e Bus. Mee et fuere vill méi Bussen pro Stonn ewéi Tramem. Et gët och grouss Gelenk-Bussen, déi vill Leit mat engem Chauffeur transportéire kënnen. Bussen si vill méi flexibel.
Déi Tram-Projekter kaschte vill Geld a verzögeren nëmmen de Bau vum Bus-Bunn Konzept. De Bus-Bunn Konzept ass gratis vum Georges Schummer ausgeschafft gin a bid eng leeschtungsfäheg a realistesch Léisung fir de riesegen Bedarf vun de Pendler déi all Dag an d’Stad kommen. Dat Konzept ass viirbildlech op www.rer.lu dokumentéiert an erklärt. Wann de Bus-Bunn richteg an de globale Mobilitéits-Konzept integréiert gët, erlabt en rieseg Erspuernisser (Nordkapp vun der Stadter Gare muss nët ausgebaut gin, Polfermillebrék muss nët verduebelt gin, kéng grouss Umsteigegaren mee einfach Haltestellen, Foireshallen musse nët geplennert gin, …) sou dat en, wann en alles berücksichtegt, vill méi belleg gët wéi den Tramsprojet.
Wéi ass et méiglech, dat Dir den Tramsprojet weider féiert an de Bus-Bunn Konzept ignoréiert ?
Ass dat eng reng politesch Affair ?
Oder gëtt et do sachlech Argumenter, déi nët längst op www.rer.lu widerluecht goufen ?
Bescht Gréiss
Guy