Gudde Moien,
Kéint dir wegl dem Här


vu Warken folgend Informatiounen vum Här Minister

Wiseler zoukommen loossen ? :
De Projet vum Réaménagement vun dem Pôle d´échange vun der Ettelbrécker Gare begräift ënnert Aanerem och eng Mise en souterrain vun der Stroos N7, déi op ronn 350 Meter wäert duerch en Tunnel (am Stil vun enger Tranchée couverte) verlaafen. D´Héichwaasserproblematik an deem Beräich gëtt duerch zwee Gewässer bestëmmt: engersäits d´Waark an op där aanerer Säit d´Uelzecht. D´Sauer ass am Fall vum Tunnel nët contraignant.
Déi ganz Problematik vum Héichwaasserschutz läit an de Kompetenzen vun der Waasserverwaltung, déi och schons Initiative geholl huet, fir de Problem besser an de Grëff ze kréien: et ass z.B. beim Neibau vun der Eisebunnsbréck iwwert d´Uelzecht dofir gesuergt ginn, datt de Querschnëtt vun der Uelzecht verbessert ginn as, an datt d´Uelzecht manner Réckstau ob biergsäit verursaacht. De Siden, also den lokalen Ofwaassersyndikat, huet och Planungen, déi demnächst wärte realiséiert ginn, bei deenen z.B. e Reebassin niewt der Waark gebaut gëtt, mat enger méi direkter Ofleedung vum Reewasser an d´Uelzecht, asw. Doduerch gëtt d´Offlosssituatioun vun der Wark an och vun der Uelzecht verbessert, an d´Iwwerflutungssituatioun vum Stroossereseau misst manner kritesch sinn, wéi virun deene Moossnahmen.
Wat den Tunnel u sech ugeet, ass ët natierlech esou, datt och eng Héichwaasserproblematik bei der Conceptioun ee Facteur ass, dee muss analyséiert ginn. Vu datt den Ouvrage souwisou an den Alluviounen vun der Uelzecht läit, muss ob seng Ofdichtung géint Grondwaasser Wäert geluecht ginn. Wat d´Héichwaasser ubelaangt, ass den Tunnel manner gefärdt, wéi z.B. d´ Rue du Canal, déi jo mol heiansdo ënner Waasser stung, wann aaner Stroossen nach befuerbar waren.
Fir elo op di gestallte Fro ze äntweren, kann een zréckbehaalen, datt den Tunnel manner dem Héichwaasser ausgesaat ass, wéi déi ugrenzend Stroossen, an datt natierlech konstruktiv an organisationnell Moossnahmen ugeduecht ginn, fir een Iwwerfluten vum Ouvrage esou gutt wéi méiglech ze verhënneren. Falls dat awer sollt de Fall sin - well op d´Fro ob den Tunnel sécher nët kann iwwerschwemmt ginn, ass ët nët méiglech, mat Neen ze äntwerten - si mir an enger Katastrophesituatioun, fir déi natierlech mussen entspriechend Pläng ausgeschafft ginn, datt keng Leit zu Schued kommen. An deem Fall wär awer nët nëmmen den Tunnel iwwerschwemmt, mé wahrscheinlech de ganze Garer Quartier.
Merci am viraus a bescht Gréiss vum Kierchbierg
Marianne DIDIER
Secrétariat ministériel
Ministère du Développement durable et des Infrastructures