Claudia DALL´AGNOL (LSAP)

Claudia DALL´AGNOL
Joergang
1973
Berufflech Qualifikatioun
Conseillère communale, Commune de Dudelange depuis 10/1999
Ausgeübte Professioun
* Membre du Bureau définitf depuis le 08/07/2009 * Membre du groupe politique socialiste * Membre du Parti ouvrier socialiste luxembourgeois depuis 1996
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) D´LSAP-Fraktioun huet sech intensiv mam Dossier befaasst (den Nord-Députeierten Claude Haagen) a suivéiert en och nach ëmmer, ass och mat der Directioun a mat der Personaldelegatioun zesumme komm a steet och weider a Kontakt mat hinnen. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Claudia DALL´AGNOL
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Aarbecht
15.01.2010
Vum:
A.P. Stoffel

Madame la Députée

Waert Dir net der Meenung dat d Gesetz iwwert de licenciement fir "raisons économiques" koennt amendeiert gin, fir Faell vum Typ Delokalisation à la Diekirch ze beruecksichtegen?

Merci et mes respects
Äntwert vum Claudia DALL´AGNOL
bis elo kengRecommandatiounen
22.01.2010
Claudia DALL´AGNOL
Juristesch as et immens schwéier de « licenciement pour raisons économiques » sou wéi den Code du travail et virgesäit, ze amendéieren. Fir datt dëst just an Sitatiounen geschitt wou den Betriib wierklech an groussen finanziellen Schwieregkeeten stecht, muss den Betriib d’Grënn fir dës Moosnahmen kloer justifizéieren an motivéieren kënnen. Een "Plan de maintien dans l’emploi" muss ausgeschafft gin, fir sou duerch Zreckgräifen op Kuerzaarbecht, weider Formatiounen asw sou vill wéi méiglech Léit am Betriib ze haalen oder si an een aaneren Betriib ze integréieren.  

mfG DALL´AGNOL Claudia 
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Aarbecht
15.03.2010
Vum:
albert stoffel

Madame la Députée,

Merci fir Aer Aentwort
Ech erlaben mër ze preziséieren:
an desem engen Fall, Dikrech, waer et schons bluddnoutwendeg wann d Chamber, an enger Untersuchngskommissioun noutfalls sugur eng descente sur les lieux kënnt machen, fir klorzestellen, wat genee viirgeet an hiren Bicher, Dat kann d Regierung jo nu wiirklech nët
Schliesslech ass ët nët onméiglech dat se e bëssen hin an hir gespillt hun mat Filialen , Konzessiounen, Bénéficeverlaagerungen fir dat deen Deel den iwwrechbleiwt, deen Deel den d Personal beschaeftegt, nët vill méi huet oder nët?
d Staieren giichen dat nennen "Gestaltungsmoeglichkeiten des oeffentlichen Rechts ..."
An iwwregens wat ass "motifs économiques"? Wann d Lait entlooss gin, muss dann all Eenzelnen de Riichter fron wat déi Expressioun heescht? "motifs économiques" ass dat wann e Betrieb a schlechten Dicher ass, oder wann een am Ausland méi bëlleg kann produzéieren?
den Begrëff kënnt naemlech aus enger anerer Zait , deemools wor d Bedaitung "difficultés économiques" !

D Arbechtsrecht brauch do schons eng Klarifikatioun vun engem Wuert, dat ass nët zevill verlaangt, well dat ass schons soss de Geck gemaat mat de Lait.

Onse ganzen Sozialsystem sprëngt an, hëlleft , ass ausgeriicht op d Interpration "difficultés économiques", vun "motifs économiques"

daerf en dat eigentlech och am Fall vun Bénéficeverlagerungen? Et waer mol interessant d Travauxx Parlementaires unzekuken déi zu onsen villen sozialen Gesetzer gefouert hunn;
Ët waer de Kombel wann ons sozial Institutiounen theoretësch mol nët am Fall vun Delokalisatioun pour motifs "bénéficiaires" dierften hëllefen !!!



Mes respects
Äntwert vum Claudia DALL´AGNOL
bis elo kengRecommandatiounen
17.03.2010
Claudia DALL´AGNOL
D´Châmber kann net higoen an eng Commission d´enquête asetzen fir an engem spezielle Betrieb de Bilan, d´Standuertpolitik oder d´Personalpolitik ze kontrolléieren oder ze décidéieren. An enger parlamentarescher Democratie ass d´Parlament do fir allgemeng gülteg Gesetzer ze maachen a fir d´Regierung ze kontrolléieren, net fir e Betrieb ze managen, och net an enger sozialer Maartwirtschaft.

D´LSAP-Fraktioun huet sech intensiv mam Dossier befaasst (den Nord-Députeierten Claude Haagen) a suivéiert en och nach ëmmer, ass och mat der Directioun a mat der Personaldelegatioun zesumme komm a steet och weider a Kontakt mat hinnen. De Claude Haagen huet och eng ganz Rëtsch questions parlementaires un déi zoustänneg Ministeren geschriwwen. Op Regierungsniveau hun d´Ministeren Jeannot Krecké an Nico Schmit formell an informell alles ënnerholl fir no enger anerer Léisung ze sichen, à voir wat doraus gëtt.

Dass den Terme "motifs économiques" flou ass a misst clarifiéiert gin ech och als Message un de Minister Nico Schmit weider.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Sécherheet
27.04.2010
Vum:
Paul Jacoby

Am folgende Video www.youtube.com gesäit een, wei eng Dozen Zivilisten mat Maschinnegewierfeier dout gemeet ginn, 2Reuters Journalisten inclus . Dëst ass zu Bagdad den 12 Juli 2007 geschitt. Et gesäit een d´ Opnahmen vun de Schützen aus engem US-Apache Helikopter. D´US-Militär behaapt d´Affer wiere bei engem Gefecht zwëschen US-Arméi a Freischärler entstanen. D´Opnahmen di elo duerch Wikileaks publizéiert goufen, weisen awer ganz eppes anescht!!! wikileaks.org Souguer Leit mat engem Minivan, wou probéiert hunn di Verletzen ze biergen, ginn hei aus der Loft mat Maschinnegewiersalven nidder geschoss. Dobäi gesäit ee wéi 2 kleng Kanner di an dësem Minivan setzen a genau sou nidder geschoss ginn. Vu Bedrohung oder Waffen bei kengem vun de Leit eng Spuer! Spéider rullt da nach e Panzer iwwert di verstreete Läichen an d´Besatzung laacht souguer...Meng Fro ass : Hu mir net alleguerte Blutt un den Hänn, well mir dëse Krich einfach esou geschléckt hunn deen just op Ligen a Profit opgebaut ass? Wat huet är Partei konkret säit 10Joer géint dës Massevernichtung vun enger Millioun Zivilisten laut dem eemolege President vun der UNO-Atom Energiebehörde Mohammad El Baraidain gemaach? www.wsws.org A wien ass an der Chamber konkret responsabel, fir eis Pensiounsreserven an 9 vun 10 Waffekonzernen investeiert ze hunn, di am Irak 1Millioun Zivilisten ermord hunn. www.fdc.lu BAE, Honeywell, Lockheed Martin asw, asw, asw...Wei eng Persounen si responsabel an der Chamber fir eis national Sécherheet därmossen op d Spill ze setzen, wou kann ech dat nokucken? Iwregens wier d Solutioun genau wei a Norwegen e Philosoph anzestellen deen sech drëms këmmert dass eise Staat seng Rendit NET MEI regelrecht aus Mënschebludd-Dividende gewënnt... Ech hoffen op Är Äntwert mat konkreten a präzise Fakten. Lost Iech roueg genuch Zäit.
Äntwert vum Claudia DALL´AGNOL
bis elo kengRecommandatiounen
06.05.2010
Claudia DALL´AGNOL
Den Ausseminister Jean Asselborn huet sech schonns viru senger Amtszäit als Ausseminister an aller Däitlechkeet géint de Krich am Irak ausgeschwat. Och d’Lëtzebuerger Regierung vun deemools war géint e militärescht Agräifen am Irak. Am Kader vu senger Aussepolitik setzt sech Lëtzebuerg an fir eng multilateral Approche, fir de Virrang vun diplomatesche Mëttele par rapport zu anere Mëttelen a fir d’Stäerkung vun de betreffenden internationalen Organisatiounen an dem internationale Recht. D’Europäesch Unioun, déi e wesentlecht Element an der Lëtzebuerger Aussepolitik ass, war an der Fro vum Irak-Krich gespléckt, an dofir handlungsonfäeg. Als klengen Acteur op der internationaler Bühn konnt Lëtzebuerg net méi maachen wéi säin Desaccord auszedrécken; esouguer méi grouss Staaten konnten hei net méi erreechen.

D’Politik an de leschte Jore geschitt am Kader vun den Aktivitéiten vun der Europäescher Unioun, déi versicht Stabilitéit an den Irak ze bréngen an d’Liewensbedingunge vun de Mënschen ze verbesseren. D’EU ass drop an drun fir en Accord de Partenariat et de Coopération mam Irak ofzeschléissen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’EU-Politiken an deem Beräich a participéiert aktiv do wou ët nëmme kann. Als rezent Beispiller kann een d’Participatioun un der Rechtsstaat-Missioun EUJUST LEX (Formatioun vun irakesche Riichtere) zitéieren, oder d’Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung, irakesch Flüchtlingen opzehuelen.

Fir d’Gestioun vun de Pensiounsreserven ass de Fonds de Compensation, en Etablissement public, zoustänneg. De Fonds de Compensation gëtt geréiert vun engem Verwaltungsrot, an deem de President vun der Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) sëtzt, dräi Vertrieder vun der Regierung, a jeeweils véier Vertrieder vun de Versécherten an vum Patronat. De Verwaltungsrot gëtt ënnerstëtzt vun engem Comité d’investissement, deen d’Decisiounen iwwer d’Investissementer virbereet. Am Gesetz vum 13. Mee 2008 iwwert d’Aféierung vum Statut unique steet och eppes iwwer d’Investitiounspolitik vum Fong: deemno sollen d’Placementer diversifizéiert sinn, dat heescht verschidden Instrumenter sollen zum Asaz kommen, an d’Placementer solle geographesch a sektoriell gestreet ginn.

Ech fannen et perséinlech net gutt, wa Gelder vum Kompensatiounsfong a Rüstungsfirmen investéiert ginn, och wann et nëmmen e ganz klengen Deel vun de Gelder ass. Et misst een awer d’Investitiounspolitik vum Fong och ënner anere Gesichtspunkten ënner d’Lupp huelen, zum Beispill wat d’sozial Verantwortung vun den Entreprisen ubelaangt, oder d’Auswierkung vun der Tätegkeet vun den Entreprisen op d’Ëmwelt.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Finanzen
19.05.2010
Vum:
Alex Hornung

Léiw Madam Dall´Agnol,

Mir, d´Steierzueler, léinen jo elo den Griechen Geld datt si hiir Scholden kënne zereckbezuelen.

Ech fannen mir als Vollek an Steierzueler hun d´Recht ze wëssen un wien onst Geld am Endeffekt iwerwissen gët.

Weiderhin froen ech mech wien huet den Griechen d´Geld mat héichen Zënsen, also mat guddem Benefice geléint OUNI ze froen wat si, d´Griechen domat machen an wéi si et gedenken zerëckzebezuelen. Also mir huet nach keng Bank Geld geléint ouni genee dat doten nozefroen.

Dofir fuerderen ech am Numm vun der Gerechtegkeet fir ons an fir ons Kanner, déi dat schliesslech bezuelen waerten, voll Transparenz zou den Kreditgeber vun Griechenland, an dat am beschten iwert déi lescht puer Joer. An wann mir schons dobäi sin, dann fannen ech sollten mir och gewuer gin wien géint Griechenland spekuléiert huet.

Wat ass Är Meenung dozou?

Mat beschten Gréiss

Alex Hornung
Äntwert vum Claudia DALL´AGNOL
bis elo kengRecommandatiounen
27.05.2010
Claudia DALL´AGNOL
Léiwen Här Hornung,

Griichenland ass um Rand vum Staatsbankrott. Aus enger extremer Noutsituatioun eraus huet den Eurogrupp zesummen mam Internationalen Währungsfong (IWF) e Rettungspak fir Griichenland geschnürt. An deenen nächsten 3 Joer kritt Griichenland 110 Milliarden Euro (80 Milliarden vun den Eurogrupp-Länner an 30 Milliarden vum IWF) geléint.

Wéi Dir zu Recht bemierkt léinen mir den Griichen dat Geld ënner anerem fir dass si hir Scholden kënnen zréckbezuelen. Mee nëmmen esou ass e Staatsbankrott ze éviteiren. D’Kreditwürdegkeet ass mëttlerweil esou schlecht dass Griichenland op de Finanzmäert kee - oder just zu horrenden Zënsen - Geld geléint kritt. Fir d’Stabilitéit vun der ganzer Eurozone ze garantéieren gouf et keng wierklech Alternativ zu dësem Rettungspak.

Mëttel- an laangfristeg mussen awer déifgräifend Reformen kommen fir dass esou Situatiounen sech net widderhuelen.

Vill Staaten hun joerzéngtelaang iwwert hir Moyen’en gelieft, an sech ëmmer méi verschold. Dat ass zum gudden Deel d’Schold vun den nationalen Regierungen, déi vill ze oft de bequemste Wee ageschloen hun andeems strukturell Problemer entweder op d’laang Bänk geschiebt gi sin oder kuerzfristeg mam Scheckheft geleist goufen. Mee d’Banken hun awer och fläisseg matgehollef d’Defiziter ze maskéieren an dobäi och nach vill Geld verdéngt. Sou huet zum Beispill d’Investmentbank Goldman Sachs Griichenland vill Geld geléint andeems si de Griichen komplex Finanzprodukter ugebueden hun déi net an den Defitzitstatistiken opzetauchen brauchen.

An deenen nächsten Joeren mussen all déi Länner déi héich Budgetsdefiziter opzeweisen hun, e konsequenten Spuerplang duerchzéien fir mëttelfristeg erëm an den Equiliber ze kommen. Iwwerwaachungs- an Sanktiounsméiglechkeeten, déi och elo schons am europäeschen Stabilitéitspakt virgesi sin, mussen reforméiert gin fir dass de Stabilitéitspakt keen "zahnlosen Tiger” bleift. Momentan lafen um europäesche Plang Reformintitiativen op Héichtouren.

Donieft muss den EUROSTAT och méi Pouvoiren kréien vir makroekonomesch Zuelen, déi d’Memberstaaten a regelméissegen Ofstänn op Breissel mussen schecken, méi schnell an besser kënnen op hir Richtegkeet hin ze iwwerpréiwen. Et kann net sin, dass friséiert Zuelen (sou wéi et Griichenland gemaach huet) während Joeren net richteg iwwerpréift goufen!

Fir konkret op Är Fro ze äntweren:

  • een Deel vun deenen 110 Milliarden wäert Griichenland un hir Gläubigerbanken iwwerweisen bei deenen si sech verschold hun, dorënner sinn och vill däitsch Banken;

  • déi 110 Milliarden ginn an Tranchen un Griichenland bezuelt. Déi ukënnegt budgetär Sanéierungsmoossnahmen gin all 3 Méint vun den EU-Finanzministeren an vum IWF op de Leescht geholl. Ziel ass et, dass Griichenland 2014 erëm d’Maastricht-Critèren respektéiert. Kommen d’EU-Finanzministeren an den IWF zur Konklusioun, dass Griichenland sengem Sanéierungsplang net nokënnt, sou kann d’Ausbezuelen vun Tranchen verzögert respektiv ausgesat ginn. Griichenland huet sech verpflicht den Spuerprogramm strikt anzehalen. Eng Garantie dovir gëtt et net, mee wéi gesot, deen ageschloene Wee war an mengen Aen alternativlos.
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Justiz
15.05.2013
Vum:
Fred Jacoby

Madame Dall´Agnol

Ech hätt eng Rei Froen a punkto di nei Carte d´identité:
Waart Dir schon zu Auschwitz?
Hutt Dir dat Buch IBM and the Holocaust gelies? www.amazon.de
E fuerchbart awer wichtegt Buch wat mat historesche Fakten oppeleed wei eng eenzeg Maschinn, su kleng dass si op e Kichendesch passt, d´Registréierung ermeiglecht huet, vun de Judden, politesche Géigner, Synti, Roma, Aalen an Handicapéierten a fin de compte d´Shoa ermeiglecht huet. D´Deportatiounen an d´Massemorden un iwer 6Millioune Judden saitens de Nazien hätt nimols kenne sou systematesch ausgefouert ginn ouni d´Registréierung vun där Maschinn a fin de Compte huet dës "ChipMaschinn" vun Hollerith/IBM d´Shoa an Europa meiglech gemaach. an hei eng Referenz vum United States Holocaust Memorial Museum an enger Foto vun dëser Doudesmaschinn vum Arnold Kramer. www.jewishvirtuallibrary.org Wei en historescht Wëssen an Verständniss huet e Politiker ärer Meenung no fir d´Shoa, wann dee Politiker dës RFIDChips an de Carte d´identitéën mat enger Jostëmm legitiméiert? Wei passt de Regret fir Auschwitz an d´Legitiméieren vun Masseregistratioun vu Fangerofdreck, Gesiichtserkennungscode asw an een Weltbild?

Wei wëllt Dir verhënneren dass d´Diktaturen vun haut dës Technologie net mëssbrauchen fir Staatsterror géint hier eege Leit ze bedreiwen? Well dei kennen sech jo dann d´Hänn an Onschold wäschen wann si sech op eng Demokratie wei Lëtzebuerg/Europa beruffe kennen, fir dëse "BigBrother" an hirem Land duerchzesetzen fir politesch Oppositioneller asw z´ermorden? Den Här Colombera huet mer iwregens hei scho geaentwert: www.politikercheck.lu

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Är Fro un Claudia DALL´AGNOL
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.