Datenschutz
politikercheck.lu hellt den Schutz vun ären perséinlechen Donnéeën ganz serieux an hält sech strikt un d'Regelen vun den Dateschutzgesetzer.
An kengem Fall wäerten déi recuperéiert Daten verkaf oder aus aneren Grënn un 3. weiderginn.

D' Notzen vun politikercheck.lu ass grondsätzlech fräi, eng Regiestreierung as net erfuerderlech.Bei der Visite vun poltikercheck.lu wäerten keng Beweegungsprotokoler respektiv Analysen vum Notzungsverhalen erstallt gin. Di folgend Explicatioun gëtt Iech en Iwwerbléck doriwwer, wei den Dateschutz assuréiert gëtt an wei eng Daten zu wei engem Zweck recevéiert ginn.

1. Receveierung vun persounenbezunnenen Daten


En zentralen Bestanddeel vum genannten Portal ass d'Befroen vun Politikerinnen an Politiker duerch Biergerinnen an Bierger.
Fier vun der Froenfunktioun Gebrauch ze maachen ginn déi folgend Daten ofgefroot:Familljennumm, Fiernumm,Uertschaft (gëtt net verëffentlecht)
E-Mail Adress (gëtt net verëffentlecht)
Nëmmen bei vollstänneger Introduktioun vun dësen Donnéeën kennen d'Froen op politikercheck.lu fraigeschalt ginn.
D'Telefonsnummer ass net obligatoresch , dengt awer eventuellen Reckfroen.

2. Zweckbestemmung der d'Receveierung vun persounenbezunnenen Daten


Politikercheck.lu as keen Meenungsforum. Duerch den Online-Dialog zwëschen Biergerinnen an Bierger an hiren Deputéierten respektiv Kandidaten soll Politik méi transparent an biergerno ginn.Dozou gehéiert och géigesäiteg Transparenz vun de matwierkenden Acteuren:
Den Froensteller sinn duerch d'Donnéeën vun den politikercheck Prolen wesentlech Fakten vum befrooten Politiker bekannt.
Dëst muss och ëmgekéiert gëllen. Dofier leeden mir Fiernumm, Familljennumm an Uertschaft vum Froensteller un d'Deputéiert respektiv d'Kandidaten weider.
D'Email Adress souwéi Telefonsnummer ginn a kengem Fall un 3. weiderginn.Si ass dozou do mat dem Froensteller Kontakt ophuelen ze kennen.
Enplus wäerten Froensteller (wei och Deputéierten respektiv. Kandidaten)an dem Fall per E-Mail benoorichtegt gin, an dem eng Fro géint den Moderatiounscodex versteisst an net ob politikercheck.lu fraigeschalt gëtt.
E-Mail Adress, Telefonsnummer an Uertschaft ginn net ob politikercheck.lu publizéiert.

3.Spaicherung vun der IP


Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt d'IP vum Visiteur an Kombinatioun mat dem Datum dann gespäichert, wann hien sech op politikercheck.lu inhaltlech bedeelegt, beispillsweis andeems hien en Deputéierten respektiv Kandidat befreet.

4.Server-Logles


Bei all Saitenopruf vun politikercheck.lu wäerten Browserinformatioun vum Visiteur un eis weider geleet ginn.
Dozou gehéieren Donnéeën zu Browser-Typ, Betribssystem, IP, Auerzäit an virdrun besichten Säiten (referrers).
Dës Daten sinn fir den Bedreiwer vun politikercheck.lu net bestëmmten Persounen zou ze uerdnen.
Dës Daten ginn net mat aneren Datenquellen zesummen gefouert, d'Logles ginn zudem no enger statistescher Auswäertung geläscht.

5.Cookies


Ob politikercheck.lu wäerten mer ob verschiddenen Platzen sougenannten Cookies gebrauchen.
Si hunn den Zweck eisen Portal nach méi benotzerfrendlech an méi effektiv ze maachen.
Duerch Astellungen vun den Internetbrowseren kennen Visiteuren vun poltikercheck.lu selwer decidéieren,ob se Cookies acceptéieren, beim Setzen vun engem Cookie jeeweils informéiert wëllen ginn oder ob se all Cookies refuséieren.
Politikercheck.lu as och bei deactiveierten Cookies vollkommen funktiounsfäeg.

6. Newsletter


Wann Dier deen ob der Websäit annoncéierten Newsletter empfänke wëllt, brauchen mer vun Iech eng valide Email-Adress.
Weider Daten ginn net gefrot.Ären Accord zuer Spaicherung vun der E-Mail Adress, souwéi dere Notzung zum Versand vum Newsletter, kennen all Moment widderruff ginn.

7. Iwwerweisungen fir den Opbau vun Förderkreeser


Mat der Ënnerstëtzung vun Biergerinnen an Bierger soll politikercheck.lu och ob Gemengen also kommunalem Niveau opgebaut gin. Dozou kennen sech Interesséierter an engem Förderkrees zum Opbau vun politikercheck.lu an hirer Gemeng zesummen doen, andeems si mat engem fräi iwwerloossenen Montant zum Opbau, Betreiung an Weiderentwécklung vum Portal bäidroen.
Zur Iwwerweisung vum Fördermontant un d´Politikercheck ASBL mussen folgend persounenbezunnen Donnéeën onbedéngt virleien:
Familljennumm, Fiernumm, Strooss, Uertschaft, Kontosnummer, Kreditinsitut, E-Mail Adress.
D´Iwwermettelung vun dësen Donnéeën geschitt iwwert eng sécher an verschlësselt HTTPS Verbindung.

8. Weiderfeierend Linken


No engem Urteel vum Landesgericht Hamburg vum 12.Mee 1998 huet den Bedreiwer vun enger Websäit bei der Afficheierung vun Linkverweisungen zu friemen Internetsäiten den Contenu vun der gelinktener Säit mat ze verantworten.
Dëst kann, sou d´Landesgeriicht Hamburg nëmmen doduerch verhënnert ginn, andeems een sech ausdrécklech vum Contenu vun all de gelinkten Säiten distanzéiert.

Heimat distanzéiert sech politikercheck.lu ASBL ausdrécklech vum ganzen Contenu an vun all gelinkten Säiten op eisem Portal. Dës Explicatiounn gëllt och fier all op politikercheck.lu affichéiert Linken respektiv Banner.