Eugène Berger (DP)
Kandidat Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Eugène Berger
Geburtstag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
-
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
Et muss een feststellen, dat Sproch fir eng Reih Kanner net e Facteur vun Intégratioun mais vun Exklusioun as wat d´schoulesch Karrière ubelangt. Dat kann d´Franséich sin fir letzebuergesch Kanner, dat kann Daitsch sin fir z.B. (...)
 
weider Profiler
Froen un Eugène Berger
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Schoulen
29.05.2009
Vum:

Här Berger,
am smartvote.lu haalt Dir déi exklusiv Alphabetiséirung op däitsch fir eng schlecht Saach.
Wat ass Är Alternativ? Soll en Deel vun der Kanner op franséisch alphabetiséiert ginn? Fäert Dir an deem Fall net méi Segregatioun a manner Integratioun?
Äntwert vum Eugène Berger
bis elo kengRecommandatiounen
31.05.2009
Bonjour,

Et muss een feststellen, dat Sproch fir eng Reih Kanner net e Facteur vun Intégratioun mais vun Exklusioun as wat d´schoulesch Karrière ubelangt. Dat kann d´Franséich sin fir letzebuergesch Kanner, dat kann Daitsch sin fir z.B. Kanner mat portugiseschen Originen. Dodurch dat se net an 2-3 verschiddenen Sprochen en heichen Niveau erréchen kommen se zum Deel och net zu engem schouleschen Ofschloss. Domadd sin se och désavantagéiert par rapport zu den jonken Menschen an der Groussregioun, déi oft an enger eenzeger Sproch en Schoulofschloss gemach hun an domadd dann eng Aarbechtsplaz zu Letzebuerg fannen. Mir proposéieren dofir au choix en Alphabétiséierung op Daitsch oder Franséich, ausserdeem sollen dei Sprochen och als Friemsprochen enseignéiert gin. An der Suite huet een domadd och eng differenzéiert Gewichtung vun den Sprochen mat enger Haptsproch, enger 2. Sproch asw. wou dann och d´Exigencen ennerschiedlech sin, speziel am Technique. Et kéint een och vun Sprochenfilièren schwätzen.
Opgrond vun der néier Organisatioun vun der Grondschoul mat Teamteaching an méi différenzéiertem Unterricht misst déi Alphabétiséierung au choix och kennen méi einfach organiséiert gin.
Merci fir ären Intérêt.
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Eugène Berger
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.