Bonjour,
Et muss een feststellen, dat Sproch fir eng Reih Kanner net e Facteur vun Intégratioun mais vun Exklusioun as wat d´schoulesch Karrière ubelangt. Dat kann d´Franséich sin fir letzebuergesch Kanner, dat kann Daitsch sin fir z.B. Kanner mat portugiseschen Originen. Dodurch dat se net an 2-3 verschiddenen Sprochen en heichen Niveau erréchen kommen se zum Deel och net zu engem schouleschen Ofschloss. Domadd sin se och désavantagéiert par rapport zu den jonken Menschen an der Groussregioun, déi oft an enger eenzeger Sproch en Schoulofschloss gemach hun an domadd dann eng Aarbechtsplaz zu Letzebuerg fannen. Mir proposéieren dofir au choix en Alphabétiséierung op Daitsch oder Franséich, ausserdeem sollen dei Sprochen och als Friemsprochen enseignéiert gin. An der Suite huet een domadd och eng differenzéiert Gewichtung vun den Sprochen mat enger Haptsproch, enger 2. Sproch asw. wou dann och d´Exigencen ennerschiedlech sin, speziel am Technique. Et kéint een och vun Sprochenfilièren schwätzen.
Opgrond vun der néier Organisatioun vun der Grondschoul mat Teamteaching an méi différenzéiertem Unterricht misst déi Alphabétiséierung au choix och kennen méi einfach organiséiert gin.
Merci fir ären Intérêt.