Wei stellen ech meng Fro ob www.politikercheck.lu?
All Politiker huet bei PolitikerCheck.lu eng Profilsait, ënnen ob der Säit befënnt sech en Froenformular.
Doriwwer kennen d‘Bierger hir Froen aginn.

Fir ob dës Profilsaiten ze kommen ginn et 2 Méiglechkeeten:

1.Méiglechkeet: Nierwt dem Bild vun Lëtzebuerg ob eiser Startsäit, selectionéiert Dir Chamber oder Europaparlament.

2.Méiglechkeet: Dier gitt uewen lenks an eisem Sichfeld den Numm vum Politiker an, a kommt esou direkt ob seng Profilsait.
Fierwaat mussen Froensteller hiren Vollstännegen Numm uginn?
Duerch dës Regelung wëllen mer den Dialog zwëschen Froensteller an Bierger ob enger Aenheicht assuréieren an enger duerch den Medium Internet bedengten Anonymitéit virbeugen.
Dofir fanne mir et wichteg dass den Froensteller säin vollstännegen Fir- an Familljennumm
ungett.
Fierwaat gett meng Fro net direkt affichéiert?
Mier liesen all Fro an Äntwert duerch, daat heescht d‘Fro gett mat zaitlecher Verzögerung op der Sait veröffentlecht.
Domat wellen mier assureieren dass d‘Froen z.B keng Insultatiounen oder derarteges enthalen.
Welch Kriterien fier d‘Fraischaltung angehalen mussen gin, kennt Dier an eisem Moderatiounscodex noliesen.
Vun Zait zu Zait keint et sin, dass mier souvill Ufroen verschaffen mussen, dass eng Verzögerung vun e puer Stonnen entsteht.
Wei wait ass PolitikerCheck politesch neutral?
PolitikerCheck.lu asbl as iwwerparteilech. Des Iwwerparteilechkeet get vun engem Kuratorium iwwerwacht.

Bei Politikercheck.lu treffen sech politesch Interesséiert aus allen Spektren, déi di nämlecht Zieler hunn:
Méiglechkeeten fir Biergerbedeelegung an Transparenz an der Politik ze förderen.

All Fördermember bleift et selwer iwwerlooss, sech nierwt dëser Tätegkeet och anerweiteg politesch z‘engageieren.
Mier passen awer streng drop, dass PolitikerCheck.lu keng parteipolitesch Fierwung unhelt- an wei enger Richtung och ëmmer.
Wei gëtt den Projet finanzéiert?
Finanzéiert gett PolitikerCheck.lu fir den Moment iwert Donnatiounen an aus der Privattäsch vun den Grënnungsmemberen.
Dës Käschten belaafen sech ob minimum vun 12035 €uro pro Joer.
Bedeelegung un den Fraien vum CMS System fir Maintenance an Weiderentweckelung, dem techneschen Support and der Participatioun vun den techneschen Infrastructuren ewei Serveren vun abgeordnetenwatch.de belaafen sech am Moment op 1000€uro pro Mount an den Domain kascht 2.91€uro pro Mount

Laang an Mëttelfristegt Ziel ass et awer déi laafend Projetskäschten duerch den Opbau vun engem Förderkrees, den Verkaf vun Profilererweiderungen, Memberskaarten, online Smsspenden, Membre d‘honneur Memberskaarten, Reklamm op der Säit déi eis User op Wonsch hin ausblenden kennen, ze finanzéieren.

Den Budget vun politikercheck.lu gett vun der PolitikerCheck.asbl gereiert.