Fernand KARTHEISER (ADR)

Fernand KARTHEISER
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
-
Ausgeübte Professioun
* Trésorier de la Sensibilité politique
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
(...) Ech sinn mir awer bewosst, dat et bei der Datesëcherheet enorm Problemer gëtt, an dat et ganz vill an ganz geféierlechen Mëssbrauch vun Donnéeën an dem Beräich kann ginn. Déi nei Carte d´´identité huet an mengen An och grouss Defizienzen am Beräich vun der Datesëcherheet. (...)
 
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Fernand KARTHEISER
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Justiz
15.05.2013
Vum:
Fred Jacoby

Cher M. Kartheiser

Ech adresséiere mech un Iech weinst e puer Froen em di nei Carte d´identité:
Waart Dir schon zu Auschwitz?
Hutt Dir dat Buch IBM and the Holocaust gelies? www.amazon.de
E fuerchbart awer wichtegt Buch wat mat historesche Fakten oppeleed wei eng eenzeg Maschinn, su kleng dass si op e Kichendesch passt, d´Registréierung ermeiglecht huet, vun de Judden, politesche Géigner, Synti, Roma, Aalen an Handicapéierten a fin de compte d´Shoa ermeiglecht huet. D´Deportatiounen an d´Massemorden un iwer 6Millioune Judden saitens de Nazien hätt nimols kenne sou systematesch ausgefouert ginn ouni d´Registréierung vun där Maschinn a fin de Compte huet dës "ChipMaschinn" vun Hollerith/IBM d´Shoa an Europa meiglech gemaach. Hei eng Referenz vum United States Holocaust Memorial Museum an enger Foto vun dëser Doudesmaschinn vum Arnold Kramer. www.jewishvirtuallibrary.org Wei en historescht Wëssen an Verständniss huet e Politiker ärer Meenung no fir d´Shoa, wann dee Politiker dës RFIDChips an de Carte d´identitéën mat enger Jostëmm legitiméiert? Wei passt de Regret fir Auschwitz an d´Legitiméieren vun Masseregistratioun vu Fangerofdreck, Gesiichtserkennungscode asw an een Weltbild?

Wei wëllt Dir verhënneren dass d´Diktaturen vun haut dës Technologie net mëssbrauchen fir Staatsterror géint hier eege Leit ze bedreiwen? Well dei kennen sech jo dann d´Hänn an Onschold wäschen wann si sech op eng Demokratie wei Lëtzebuerg/Europa beruffe kennen, fir dëse "BigBrother" an hirem Land duerchzesetzen fir politesch Oppositioneller asw z´ermorden? Den Här Colombera huet mer iwregens hei scho geaentwert: www.politikercheck.lu
Äntwert vum Fernand KARTHEISER
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2013
Fernand KARTHEISER
Gudden Owend, Här Jacoby!

Dat Buch vun dem Dir schwätzt kennen ech net, dowéinst well ech dozou och keng weider Kommentaren maachen.

Ech sinn mir awer bewosst, dat et bei der Datesëcherheet enorm Problemer gëtt, an dat et ganz vill an ganz geféierlechen Mëssbrauch vun Donnéeën an dem Beräich kann ginn. Déi nei Carte d´´identité huet an mengen An och grouss Defizienzen am Beräich vun der Datesëcherheet.

Dat ass een vun dë Grënn, firwat ech géint dat Gesetz gestëmmt hunn.

Mat bechte Gréiss,

Fernand Kartheiser
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Fernand KARTHEISER
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.