Vum:


Cher M. Kartheiser
Ech adresséiere mech un Iech weinst e puer Froen em di nei Carte d´identité:
Waart Dir schon zu Auschwitz?
Hutt Dir dat Buch IBM and the Holocaust gelies?
www.amazon.de
E fuerchbart awer wichtegt Buch wat mat historesche Fakten oppeleed wei eng eenzeg Maschinn, su kleng dass si op e Kichendesch passt, d´Registréierung ermeiglecht huet, vun de Judden, politesche Géigner, Synti, Roma, Aalen an Handicapéierten a fin de compte d´Shoa ermeiglecht huet. D´Deportatiounen an d´Massemorden un iwer 6Millioune Judden saitens de Nazien hätt nimols kenne sou systematesch ausgefouert ginn ouni d´Registréierung vun där Maschinn a fin de Compte huet dës "ChipMaschinn" vun Hollerith/IBM d´Shoa an Europa meiglech gemaach. Hei eng Referenz vum United States Holocaust Memorial Museum an enger Foto vun dëser Doudesmaschinn vum Arnold Kramer.
www.jewishvirtuallibrary.org Wei en historescht Wëssen an Verständniss huet e Politiker ärer Meenung no fir d´Shoa, wann dee Politiker dës RFIDChips an de Carte d´identitéën mat enger Jostëmm legitiméiert? Wei passt de Regret fir Auschwitz an d´Legitiméieren vun Masseregistratioun vu Fangerofdreck, Gesiichtserkennungscode asw an een Weltbild?
Wei wëllt Dir verhënneren dass d´Diktaturen vun haut dës Technologie net mëssbrauchen fir Staatsterror géint hier eege Leit ze bedreiwen? Well dei kennen sech jo dann d´Hänn an Onschold wäschen wann si sech op eng Demokratie wei Lëtzebuerg/Europa beruffe kennen, fir dëse "BigBrother" an hirem Land duerchzesetzen fir politesch Oppositioneller asw z´ermorden? Den Här Colombera huet mer iwregens hei scho geaentwert:
www.politikercheck.lu