Här

,
Fir t´éischt mol e grousse Pardon fir des spéit Äntwert.
D´Elektrizitéits- a Gaswierker mussen an engem liberaliséierte Marché fonktionéieren an iwwerliewe. Dese Kader hu mir net gewielt, weder national nach europawäit. En imposéiert sech der Stad Lëtzebuerg leider momentan a mir mussen dat bescht draus machen fir doranner kennen ze iwwerliewen. D.h. mir wëlle kucken, datt 1) mir d´Arbechstplaazen behalen, 2) d´Gemeng nach eppes ze soen behällt, an 3) och e Maximum u Recette behällt.
An deem Sënn huet d´Stad verschidde Méigelechkeeten analyséiert:
a) Alleng / Eeegstänneg bleiwen – am aktuelle Emfeld hätte mir mëttel- bis langfristeg keng Iwwerliewenschance;
b) Kooperatioun mat engem oder méi Partner am Ausland – huet leider keen zefriddestellend Resultat erginn
c) An der nationaler Netzgesellschaft matmachen – do kann d´Stad e starke Partner ginn an e reellen Afloss behalen.
Eis d´Proposition de Loi zesumme mat der DP hat iwwregens näischt anneschteres zum Ziel, wéi de Gemengen et endlech ze erlaben bësse méi flexibel kënnen ze fonktionnéieren an iwwerapt mol kennen ze probéieren fir nei Leisungen ze fannen fir am liberaliséierte Kontext kennen als Gemeng ze iwwerliewen. D´Ministeren (Energie & Interieur haten d´Gemengen naemlech bis do komplett alleng geloss an just ze verstoë ginn, datt se besser hätten einfach ze verkafen. Genee dat wollte mir gréng. ewer an der Stad an och zu Esch net matmachen.
D´Konsequenzen vun deser Konzeptlosegkeet vu der Regierungspolitik vun de läschte Joeren sinn, datt et momentan keng wierklech eegestänneg Gemenge méi am Energieberäich gett, ausser eben Esch/Uelzecht an d´Stad Lëtzebuerg. Dat sinn dei eenzeg Gemengen dei weiderhin versicht hun néi Léisungen ze fannen fir net mussen ze verkafen !
Bei den Debatten zur Liberaliséierung vum Energiemarché hun déi gréng vun Ufank u gefuerdert datt d´Energienetzer hei am Land integral an eng national Netzgesellschaft sollte kommen, déi zu 100% an öffentlecher Hand wär. Dest hätt e starke Géigepol zu de groussen kommerziellen auslännesche Konzerner geschaf, dei de Verkaf an d’Produktioun dominéieren. Leider gouf des Optioun vu Regierungssaït net zeréckbehal an elo sëtzen des Grousskonzerner och mat am Kapital vun der nationaler Netzgesellschaft.
Wann dei verbleiwend Stadwierker hier Netzer elo zu faire Konditiounen an déi national Netzgesellschaft kennen erabrengen, dann ass dat net nemmen eng gudd Léisung fir d´Gemeng, mais och eng gudd fir eis Idii vun enger maximal an öffentlecher Hang gehale Netzgesellschaft. Aktuell huet de Staat do 39%. D’Gemenge vergréisseren dann dësen öffentleche Prozentsatz. Dat ass fir eis e wichtege Punkt fir d´Zukunft, fir datt d´Politik langfristeg e Maximum u Matsproocherecht am lëtzebuerger Energiemarché behällt.
Zu Schluss nach en Extrait aus enger Äntwert op meng Parlamentaresch Ufroo n°1770 vum 26.07.2002 un den deemolegen Inneminister Michel Wolter. Ech mengen dann ass et méi wéi kloer wat déi gréng zanter Joren fir d’Stadwierker wëllen a waat di läscht Regierungen als Strategie virgeschlo hun, nämlech de Verkaf vun den Netzer oder à la limite eng Joint Venture mat enger Privatfirma.
« Comme le patrimoine communal investi dans des affaires commerciales de distribution d´énergie produit un rendement bien supérieur à celui d´un simple placement financier en banque, il n´a été que logique de proposer non pas une vente pure et simple des Infrastructures, mais de suggérer aux communes de rester engagées dans l´affaire commerciale «dans l´intérêt de la commune» en s´associant à l´acquéreur des infrastructures.
(…) le Ministre de l´Intérieur a finalement accepté sur demande expresse de la Ville de Luxembourg, que dans un premier temps la commune reste propriétaire de ses réseaux en les mettant à la disposition des fournisseurs d´énergie contre rémunération du transport. »
Mat beschte Gréiss,
François Bausch