François Bausch (Déi Gréng)

François Bausch
Gebuertsdaag
-
Berufflech Qualifikatioun
* Premier Echevin, Ville de Luxembourg depuis le 10/11/2005 * Conseiller communal, Ville de Luxembourg du 01/01/1994 au 09/11/2005 * Agent (retraité), CFL
Ausgeübte Professioun
* Membre de la Conférence des Présidents (sortante) depuis le 08/06/2009 * Président du groupe politique
Uertschaft
-
Walkrees
Zentrum
Landeslëschteplaatz
-
Déi gréng stehen für die Entkriminalisierung von Drogenkonsumenten, besonders im Fall von Cannabis. (...) Der Verkauf und Konsum von Cannabis bei Erwachsenen muss dagegen gesetzlich reglementiert werden. (...)
 
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un François Bausch
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Internationales
17.11.2009
Vum:

Firun e puer Deeg gouf de Fall der Mauer zu Berlin gefeiert. D´ nächst Joer gett d´Ënn vun der Apartheid a Südafrika zelebréiert. Hun des 2 Evenementer eis net gewissen, wann des Barrièren ewechfaalen , entweder physesch Barrièren, rechtlech Barrièrren, oder di Barrièren die d´ Menschen an hieren Härzer opgebaut hun, dass dann de Wee fir de Fortschrëtt, Fridden an Entwecklung op beide Säite meiglech wier? D´Palästinenser sehnen sech no Gerechtegkeet, Fridden an Réconciliatioun. Mei wi 60Joer voller Leed si menger Meenung no genuch.

Dofir, wat as mat där aanerer Mauer? Weini gëtt dei endlech ofgerappt?

Merci fir Är Äntwert

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Aarbecht
15.01.2010
Vum:

Bonjour Haer Deputeierten

Waert Dir net der Meenung dat d Gesetz iwwert de licenciement fir "raisons économiques" koennt amendeiert gin, fir Faell vum Typ Delokalisation à la Diekirch ze beruecksichtegen?

Merci et mes respects

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Ëmwelt
26.02.2010
Vum:

Bonjour Mr Bausch

Meng Fro:

Wat geschitt mam Amalgam, den bekanntlecher Weis jo gefteg as, an aus Queckselwer besteht? Ech hun bei engem Zahndokter geschaft, an mir dei Froen irgendwann gestallt, well den einfach duerch den Lavabo weggespullt get. ( an irgend wann an eisem Drenkwasser as)

An Frankreich gin et speziell Firmaen dei den Dreck entsuergen, firwat get et dat net hei zu Letzebuerg ??

mfg

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Finanzen
26.07.2010
Vum:

Gudden moien Här Hoffmann,
zënter dem 1. Januar 2008 bezéien, no bestëmmten Konditiounen, d´politesch Parteien hei zu Lëtzebuerg Stéiergelder. www.legilux.public.lu

  • Wéivill Stéiergelder huet DG zënter dem 1.1.2008 am Kader vum Parteienfinanzéierungsgesetz kritt?
  • Ass Déi Gréng bereet, am Kader vun den Spuermossnahmen, op Parteienfinanzéierung ze verzichten an déi Stéiergelder anzespueren?

Mat béschte Gréiss

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Justiz
15.05.2013
Vum:

Bonjour M.Bausch

De Verfassungsgerichtspräsident Andreas Voßkuhle huet refuséiert eng Laudatio op den Här Cohn-Bandit ze haalen weinst sengem Buch LeGrandBazar . goo.gl

Wei legitiméiert Dir als Déi Gréng, dass Dir Iech vehement géint d’kathoulesch Kierch ausgeschwat hutt wou bei hir Fäll vu sexuellem Mëssbrauch entdeckt goufen, an awer net a gläichem Engagement d’Geleeënheet notzt fir an ären eegene Reihen exakt di selwecht Enquete duerchfeieren ze loossen, wei se elo är Kollegen an Daitschland maachen? Di Greng an Däitschland hun e Krees vu Pädophilen finanzeiert mat Steiergelder an den 80erJoeren wei de Spiegel hei schreift an di greng Partei an Däitschland léist dat elo opklaeren: goo.gl goo.gl

Gëtt elo an all EU-Land esou eng Enquetekommissioun gegrënnt, schlisslech hun di Leit bestemmt och international "kooperéiert"?

Ären Daniel Cohn-Bendit huet e Buch geschriwwen, le grand Bazar wou hien Saache schreift, di su schlëmm sinn, dass ech se hei net ziteiere well et muss een awer just iwer google le grand Bazar Cohn-Bendit extrait aginn fir dës Behaaptung ze verifizéieren. Dën "Dany" ass Co-President vun der grénger Fraktioun am Europaparlament. : m.faz.net

Firwat fuerdert Dir net dem M.Cohn-Bendit seng Demissioun? Wei eng aaner Partei ausser Déi Gréng hun e bekenndenden pädophilen Fraktiounspresident?! goo.gl

Wëllen déi lëtzebuergesch Gréng en bekennenden, pädophilen EU-Fraktiounspresident? Den Här Bandit huet sech zwar (wat soll hien och soss maachen) entretemps vun sengem Buch a sengen Aussoen distanzéiert, mä dat ass esou schlëmm dovunner kann een sech net distanzéieren no mengem Avis.
PS: Froot den Daniel soll iech eng Copy vu sengem Buch gin, da liest der selwer, merci
Äntwert vum François Bausch
bis elo kengRecommandatiounen
15.05.2013
François Bausch
Bonjour
Hei meng Aentwert:

Mir brauchen net an allen EU Länner esou eng Enquêtenkommissioun ze machen, well z.B. zu Letzebuerg ass et niemols esou en Arbechtsgrupp oder esou eng Tendenz bei denen Gréngen gin. Ech fannen et ganz wichteg, dass di deitsch Gréng dest net rühmlecht Kapitel vun hirer Ufanksgeschicht opschaffen. Allerdengs ass awer och ze soen, dass desen Arbechtskrees bei den deitschen Gréngen eng extrem Minoritéit war, an dass d´Partei zu kengem Moment Positiounen vun dem Krees iwerholl huet. Bei aller Wichtegkeet fir dest transparent an offen ze thematiséieren, dierf en awer och net vergiessen, dass an Deitschland am Moment versicht get mat dem Thema Politik ze machen géint déi deitsch Gréng am Kontext vun den Bundestagswahlen am September.

François Bausch
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un François Bausch
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.