François Biltgen (CSV)

Donnéeën zur Persoun
Joergang
1958
Berufflech Qualifikatioun
maîtrise de droit, un DEA de droit communautaire ainsi que le diplôme de sciences politiques
Ausgeübte Professioun
Ministre de la Justice Ministre de la Fonction publique et de la Réforme administrative Ministre de l'Enseignement supérieur et de la Recherche Ministre des Communications et des Médias Ministre des Cultes
Uertschaft
-
Walkrees
Süden
Landeslëschteplaatz
-
weider Profiler
Parlamentaresch Aarbecht
15.10.2009
Projet de loi 5846
net partizipéiert
Ëffentlech Aussoen
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Justiz
28.04.2010
Vum:

Bonjour Herr Minister Biltgen:

Voila ech schreiwen Iech hun well ech mer keen Rod mei wees an ech wier frou vun Iech esou seier wei meiglech eppes weg ze heieren.

Ech hun eng kleng Invalidenrente vun 1346€ netto mat engem Loyer vun 950€ ouni chargen dei kommen och nach dobei an et as esou dass ech den 31 januar 2009 een accident hat wou ech mer secher war , oh du bas eischtens net schold drun an zweetens du hues daach eng assurance conducteur ofgeschloss bei der LALUX dei iwwerhelt jiddferfall den Kierperschued .... Pustekuchen..... Et as mettlerweil esou weit dass ech mer een affekot hun missen siichen an dass ech LALUX hun missen ukloen, cependant sen ech dovunner ausgaangen vue que dass meng frendin an ech genee vun eisen 3000€ zesummen 200€ zeliewen hun an ech net mat him bestued sen dass ech assistance juridque krit well ech mer eierlech gesoet den affekot net leeschten kann ech awer een brauch virun Geriicht...kontrovers nee??? An ech krut och den refus vum bâtonnier an den stipuleiert do eng loi vun 1999 mat engem rmg garanti de 1077€ dei net iwwerschratt direften gin fir eng assistance juridique, meng eischt froe un iech as wei eng loi vun 1999 an waat fir een joer hun mer elo???? An zweetens een rmg vun 1077€ an den rmg as elo 1485€?????An drettens waat proposeiert dir mir well wann ech keen affekot hun fir den 6 mai get saach annuleiert an LALUX dei am Onrecht as gewennt an laacht sech an Fauscht an ech sen den dommen an gin een cas sociale waat ech virum accident net wr well duerch den accident hun ech meng arbiichtsplaatz verluer an jo dei saach leit um geriicht seit iwwert engem Joer an der Staat ouni dass et virun geet ...Och do froen ech iech wei as et meiglech???? Dierfen dei grouss alles an dei kleng sen dei domm oder wei muss ech daat verstoen????

Ech wier frou Herr Justizminsiter vun Iech eng Aentwert an vleit eng Hellef ugebueden zekreien virum 6 Mai weg well dann as Verhandlung an hoffentlech net ouni Affekot soss hun ech well verluer

Bis elo as nach keng Äntwert agetraff. Fir eng Noriicht ze kréien, wann eng Äntwert antrëfft, gitt Är e-Mails Adress iwwert d\ Benoriichtegungsfunktioun hei ënnen un.

Op dës Äntwert waarde bis elo 2 Interesséiert
X
Beim Antreffe vun enger Noriicht Bescheed soen
Fro zum Thema Konsumenteschutz
14.06.2010
Vum:

Bonjour Här Biltgen,

Meng Fro betrëfft d´ELTRONA di jo zënter e puer Woche Bouquete vu SKY-Däitschland ubidd.

Di Bouquete sin variabel a kann ee säi Choix machen ob een elo beispillsweis nach Sport oder Filmer nieft SKY-WELT, dat ass d´Basis, well hunn. Et huet een och weider d´Méiglechkeet als Optioun HD-Qualitéit ze kréien. Tariffer si di nämmlecht wéi an Däitschland.

Ech hu mir de Bouqet SKY WELT + FILM an HD-Qualitéit erausgesicht. Dat mécht e Montant vun 42,90€ de Mount. Leider gëtt awer bei SKY CINEMA geleeëntlech e Film nett diffuséiert an ett erschéngt en Avis datt aus Lizensrechtleche Grënn de Film nett gewise ka ginn.

Op Nofro bei der ELTRONA gouf ech gewuer datt di Filmer nett hei zu Lëtzebuerg gewise kënne gin wëll SKY-Däitschland dofir keng Lizenz hätt. Dat Ganzt wier awer Verhandlungssaach zwëschen der Regierung an SKY-Däitschland. An eng eventuell Regelung kéint viraussiichtlech fir September erwaart ginn. Wat den Tarif géif ugoen, do wär der ELTRONA d´Hänn gebonne wëll SKY hinnen dës Tariffer opzwéngt. Wëll Tatsaach ass jo datt mir hei zu Lëtzebuerg de vollen Tarif bezuele genau wéi an Däitschland ouni awer an de volle Genoss vun de Leeschtungen ze kommen.

Elo meng Fro:

kënnt Dir mir, als zoustännege Resortminister, di uewe beschriwwe Situatioun bestätegen an ass wierklech mat engem positiven Enn ze rechnen oder gin mir Lëtzebuerger Verbraucher do vun enger auslännescher Firma iwwert den Dësch gezunn?

Ech soen Iech am Viraus Merci fir Är Opmierksamkeet an Äntwert.
Äntwert vum François Biltgen
bis elo kengRecommandatiounen
25.06.2010
François Biltgen
Bonjour Här ,

Den Problem vun den Urheberrechter wat deen Sky-Däitschland ugeet, an deen erklärt firwat net all Filmer, déi am Sky Filmbouquet enthalen sinn, zu Lëtzebuerg frei zougänglech gemaach kënne ginn, ass der lëtzebuerger Regierung schon laang bekannt. An der Zäit wou Sky Däitschland nach Premiere geheescht huet a vun engem Lëtzebuerger gefouert ginn ass, war dee Problem schon undiscutéiert ginn. Well d´Verträg fir d´Urheberrechter eng Lafzäit vun e puer Joren hunn, konnt deemools net direkt eng Léisung fonnt ginn an et huet geheescht, dass an der Zukunft Premiere d´Rechter fir den lëtzebuergeschen Territoire kafen géing. Dat schéngt dann elo endlech erfollegt ze sinn, an ech begréissen, dass een elo zu Lëtzebuerg d´Offer vun Sky Däitschland abonnéiere kann, zu deem Präis, wei se och an Däitschland ugebueden gëtt.

Et ass natierlech bedauernswäert, dass eben aus deene Grënn, déi mer kennen, net all Filmer zougänglech gemaach kënne ginn, mä souwäit ech verséchert kritt hunn, sinn d´Vertragspartner derbäi eng Léisung ze sichen. D´Regierung ass net un deenen Verhandlungen bedeelegt an steet och net a Kontakt mat Sky Däitschland.

Souwuel Eltrona/Imagin wie och d´Poste, déi an hirer IP-TV Offer och den Sky Däitschland Bouquet ubitt, verstoppen dës Tatsaach net a weisen ausdrécklech op hiren jeeweilegen Internetsiten op dës Situatioun an hir Konsequenzen hin.

Mat beschten Gréiss.

François Biltgen
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un François Biltgen
  • Gouf Är Fro schon gestalt?
    Duerchsicht all Froen an Äntwerten an dësem Profil no engem Stéchwuert
  • Är Fro gouf bis elo net gestallt ?
    Gitt hei wann ech gelift Är Kontaktdaten an Är Fro an:
  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun Ärem komplette Numm as obligatoresch
    De Numm gëtt verschlësselt an as net iwwer Google & co repérabel

  •  

    D' Uginn vun enger valabeler E-Mails Adress as obligatoresch
    Dëst as noutwenneg , vir Iech iwwert eng Äntwert vum Deputéierten z'informéieren oder bei Réckfroen kontaktéieren ze kënnen. Är E-Mail Adress gëtt weder un de Politiker nach un Drëtter weiderginn.

  •  

    Dës Donnéeën sinn obligatoresch
    Se gett net verëffentlecht, mee un den Deputéierten weiderginn.

  •  

    Des Donnéeën sin optional.
    Se gëtt net verëffentlecht an nëmmen zu interne Verwendungen respektiv vir eventuell Reckfroen benéidegt

  • noch 2000 Zeichen

    Ech erkläre mech matt der Verëffentlechung vu menger Fro op politikercheck.lu anverstaanen.
    D' Fräischaltung ka jee no Benotzeropkommen e.Ë. e puer Stonnen daueren, vue que dass all angoend Fro vun engem Moderatiounsteam gepréift muss ginn.
    Ech hunn de Moderatiouns-Codex gelies a sëchergestallt, dass meng Froen net géint dësen verstéisst Moderatiouns-Codex opruffen
    Falls meng Fro net fräigeschalt ka ginn, wäert ech doriwwer vun engem Modérateur informéiert ginn.
    Aus Grënn vun der Rechtssécherheet gëtt Är IP-Adress gespäichert, awer net verëffentlecht oder un Drëtter weiderginn. Weider Informatiounen erhaalt Dir an eiser Dateschutzerklärung
  • Folgend Felder goufe net ausgefëllt oder weise Fehler op.
    Virnumm, Familljennumm, E-Mail Adress und Uertschaft