Bonjour Här

,
Den Problem vun den Urheberrechter wat deen Sky-Däitschland ugeet, an deen erklärt firwat net all Filmer, déi am Sky Filmbouquet enthalen sinn, zu Lëtzebuerg frei zougänglech gemaach kënne ginn, ass der lëtzebuerger Regierung schon laang bekannt. An der Zäit wou Sky Däitschland nach Premiere geheescht huet a vun engem Lëtzebuerger gefouert ginn ass, war dee Problem schon undiscutéiert ginn. Well d´Verträg fir d´Urheberrechter eng Lafzäit vun e puer Joren hunn, konnt deemools net direkt eng Léisung fonnt ginn an et huet geheescht, dass an der Zukunft Premiere d´Rechter fir den lëtzebuergeschen Territoire kafen géing. Dat schéngt dann elo endlech erfollegt ze sinn, an ech begréissen, dass een elo zu Lëtzebuerg d´Offer vun Sky Däitschland abonnéiere kann, zu deem Präis, wei se och an Däitschland ugebueden gëtt.
Et ass natierlech bedauernswäert, dass eben aus deene Grënn, déi mer kennen, net all Filmer zougänglech gemaach kënne ginn, mä souwäit ech verséchert kritt hunn, sinn d´Vertragspartner derbäi eng Léisung ze sichen. D´Regierung ass net un deenen Verhandlungen bedeelegt an steet och net a Kontakt mat Sky Däitschland.
Souwuel Eltrona/Imagin wie och d´Poste, déi an hirer IP-TV Offer och den Sky Däitschland Bouquet ubitt, verstoppen dës Tatsaach net a weisen ausdrécklech op hiren jeeweilegen Internetsiten op dës Situatioun an hir Konsequenzen hin.
Mat beschten Gréiss.
François Biltgen