Françoise Hetto-Gaasch (CSV)
Kandidatin Chamber 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Françoise Hetto-Gaasch
Joergang
1960
Berufflech Qualifikatioun
éducatrice graduée
Ausgeübte Professioun
députée-maire
Uertschaft
-
Walkrees
Osten
Landeslëschteplaatz
-
(...) Dee vun den Spideeler ass besser wi deen aaneren, well de Gesondheetsecteur schon mi laang gewerkschaftlech organiséiert ass,a well en och nach vun den Krankekkeesen ofhängt, ( den Sozio-edukativen hänkt vum Familienministère of). Et sin u sech grondverschidden KOnventiounen.Et ass deemno net den Diplom deen massgebend ass fir d´Entlounung , mee den Kollektivvertrag am jeweilegen Secteur.Et ass geplangt di 2 Verträg ze verschmelzen.
Et ass awer net di eenzeg Situatioun wou et Ennerscheeder get am Verdengscht. (...)
 
weider Profiler
Froen un Françoise Hetto-Gaasch
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Aarbecht
23.05.2009
Vum:

Mme.Hetto

Ech stellen meng Fro bewosst un Iech daat als Fra an als Member vun der CSV.

Et geet em d´Gehälter vun den Educateuren/tricen am conventionéierten Secteur spriech SAS.
Als Educatrice/teur am Secteur SAS verdingt een eng ganz Partie % manner ewéi zb: am Kollectivvertrag vun den Spideeler oder eben beim Staat.
Wann ech dann kucken wéivill % Fraen am Secteur SAS schaffen an do werten mer bei bal 90% landen, stellen ech mier d´Fro virwaat dass daat esou ass.
Virwaat verdëngen Leit mat deem selweschten Diplom an drai verschiddenen Secteuren (déi iwregens jo alleguer vum Staat finanzéiert gin) esou enorm verschidden.
Ass et nët esou dass wann mir vum Prinzip ausgin (glaich Gehalt fier glaich Aarbecht) een an desem Fall vun enger Discriminatioun vis-a-vis vun den Fraen (ëmmerhin bal 90% vun den Salariéen am secteur socio-éducativ) kënnen schwätzen.
Elo meng Fro un Iech: Waat sin är Ideen an Propositiounen no den Wahlen fir esou massiven Ongerechtegkeeten entgéint ze wierken?

Villmol Merci
Äntwert vum Françoise Hetto-Gaasch
1Recommandatioun
31.05.2009
Françoise Hetto-Gaasch
Gudde moien

Et ass keng Fro vun Fraendiscriminatioun, mee eng Fro vun kollektivvertraglecher Entlounung op verschiddenen Plaatzen.
Et muss ee wessen, dass dass de Staat e Gehälteraccord huet, an dass e Kollektivvertrag fir d´ Spideeler, an een fir de Secteur socio-éducatif get.
Dee vun den Spideeler ass besser wi deen aaneren, well de Gesondheetsecteur schon mi laang gewerkschaftlech organiséiert ass,a well en och nach vun den Krankekkeesen ofhängt, ( den Sozio-edukativen hänkt vum Familienministère of). Et sin u sech grondverschidden KOnventiounen.Et ass deemno net den Diplom deen massgebend ass fir d´Entlounung , mee den Kollektivvertrag am jeweilegen Secteur.Et ass geplangt di 2 Verträg ze verschmelzen.
Et ass awer net di eenzeg Situatioun wou et Ennerscheeder get am Verdengscht.
E Primaner verdengt och aanescht beim Staat wi am Privatsecteur oder bei enger Bank.
Mir brauchen onbedengt TRansparenz am ganzen öffentlechen an am conventionnéierten Secteur( ofgesin dervunner dass den Bolognaprozess och muss am Gehälteraccord emgesaat gin).Mir sin jo och am gaangen eng global Revisioun vun den Gehälter am öffentlechen Dengscht (och de conventionnéierten Secteur)unzestriewen.
Matt beschte Gréiss
Françoise Hetto
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Soziales
25.05.2009
Vum:

Mech géif interesséieren waat dir an deenen läschten Joeren wou Dir an der Chamber ward konkret gemaach hutt vir d´Revalorisatioun vun den Educateur/trices gradué(e)s?
Fann der dass des Beruffsgrupp vun staatlecher, kommunaler an ONG-Sait korrekt bezuelt gin?
Waat gedenkt der, wann der dann eremgewielt gidd, ze maachen vir Iech fir desen Berufstand anzesetzen?

Léif Gréiss,

Äntwert vum Françoise Hetto-Gaasch
1Recommandatioun
31.05.2009
Françoise Hetto-Gaasch
Gudde metten

ech hun z.b. eng question parlementaire gestallt,( déi ech Iech och unhänken un desen MAil) , nodeems mir di betraffen Leit vum Secteur an eiser Fractioun empfaangen hun.
Dir musst wessen, dass een dat Ganzt muss gesin am Kontext vun Bologna- a Bachelorproblematik.
Mir brauchen onbedengt Transparenz am ganzen öffentlechen an am conventionnéierten Secteur , a mir sin jo och am gaangen eng global Revisioun vun den Gehälter am öffentlechen Dengscht (och de conventionnéierten Secteur)unzestriewen.
Matt beschte Gréiss
Françoise Hetto
X
Äntwert recommandéieren
Fro zum Thema Gesondheet
27.05.2009
Vum:

Guten Tag Frau Hetto,
am 18.11.2006 sagte Herr Professor Wulf Rössler im Luxemburger Wort: "Es gibt noch eine Reihe Langzeitpatienten im CHNP, aber wir haben Probleme sie in angemessenen Wohnungen ausserhalb unterzubringen. Familienpensionen im Norden des Landes sind keine Alternative." Ich kenne Betroffene, die in solchen unbetreuten Pensionen oder auf Campingplätzen oder in anderen prekären Wohnsituationen leben müssen. Die Betreiber dieser Einrichtungen sind mit der ihnen zwangsweise auferlegten Betreuung vollkommen überfordert. Schlimmer noch: sie sind in Gefahr! Diese unbetreuten Patienten sind in ihrer Hilflosigkeit und ihrer Verbitterung eine Gefahr für sich und ihre Umwelt.
Aus internationalen Studien weiss die psychiatrische Fachwelt, dass die Gefahr eines Impulskontrollverlustes bei Patienten in solchen unbetreuten Situationen sehr gross ist. Sie werden durch diese Umstände zu lebenden Zeitbomben. Wenn diesen Menschen dann auch noch die Aufnahme in den dafür vorgesehenen Kliniken des Landes verwehrt wird, potenziert sich ihre Verzweiflung, ihre Panik und ihre Amokbereitschaft noch um ein Vielfaches! Hierbei handelt es sich meiner Meinung nach um Gewalt und Folter.
Was gedenken Sie, Frau Hetto, in der nächsten Legislaturperiode zu tun um diese Gefahr für die Bevölkerung zu beseitigen?
Werden Sie sich für die Einsetzung einer Untersuchungskommission einsetzen, die die vermeintlichen Patientenmisshandlungen im luxemburgischen Psychiatriewesen untersucht?
Herr Professor Werner hat im Saarland die psychiatrische Anstalt aus menschenrechtsrelevanten Gründen abgeschafft. Werden Sie sich ebenfalls für diese Lösung einsetzen?
"Wer vor der Vergangenheit die Augen verschliesst wird nicht nur blind für die Gegenwart: er wird schlichtweg unfähig zur Zukunftsgestaltung. Nur so sind Versöhnung, Vergebung, Heilung, Fortschritt möglich." (Luxemburger Wort, 8.10.07)
Hochachtungsvoll
, Psychologe, Gründer der LGSP (Letzebuerger Gesellschaft fier Sozialpsychiatrie)
Äntwert vum Françoise Hetto-Gaasch
bis elo kengRecommandatiounen
31.05.2009
Françoise Hetto-Gaasch
Gudde metten

An eisem Wahlprogramm steht, dass mer eis derfir asetzen fir am Cader vun der Dezentraliséierung vun der Psychiatrie, d´Zuel vun den ambulanten Therapieplaatzen laafend un d´Besoins´en unzepassen, an fir genügend Posttherpaieplaatzen ze schaafen, speziell an der Jugendpsychiatrie.
Secher ass dass mir hei zu Letzebuerg an dem Beraich vun der Psychiatrie/ Therapieplaatzen nach ganz villes mussen ennerhuelen, fir deenen Betraffenen eng adequat Behandlung kennen unzebidden.Ech perséinlech maache mir vill Suergen em eis jonk Leit, speziell em d´ Kanner, , fir déi mer dax hei am Land net di richteg Entwert op hir Problematik hun.
Françoise Hetto
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Françoise Hetto-Gaasch
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.