Frank Engel (CSV)

Frank Engel
Joergang
1975
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
Député Européen
Uertschaft
Lëtzebuerg
Walkrees
Lëtzebuerg
Landeslëschteplaatz
-
Parlamentaresch Aarbecht
Froen un Frank Engel
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Die Datenschutzbestimmungen zur Behandlung meiner Daten habe ich gelesen.
Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Ëmwelt
22.06.2010
Vum:
Paul Jacoby

Moien.

Hei ass d´ Solutioun fir d´ Uelegkatastrophe fir Mënsch, Deier an Ëmwelt ze besäitegen innerhalb kierzester Zäit. Et ass immens Ëmweltfrendlech et kann een et souguer iessen also guer net belaaschtend fir d´Natur, Deier a Mënschen abënnt den Ueleg zu 100%. Well Dir jo als Politiker Är Relatiounen hutt, bieden ech Iech am Numm vun de Lëtzebuerger elo Amerikaner ze sinn, an hëllefen dës Solutioun z´ applizéieren. www.youtube.com

Hei sinn d´Hürden di ze iwwerwanne sinn: Direkt no dem Accident huet BP bei der Firma Nalco sämtlech Lagerbestänn vun dem heichtoxesche Gëft Corexit9500 opkaf. Dorop hin ass laut ARD Tagesschau www.tagesschau.de de Nalco Aktiecour ëm ganzer 10% an d´Luucht geschoss. Duerch dës Katastroph huet Nalco elo schon 40milliounen US-Dollar Ëmsaz gemaach. Dëst freet alt erëm BP, well déi setzen am Conseil de Surveillance vun dëser Firma. Den Ordre vun der Emwëltagence EPA, op dëst Mëttel ze verzichten huet BP just kommentéiert dass et keng effizient Alternativen ginn, sou d´Handelsblatt Website. www.handelsblatt.com Dëst ass net wouer, just ginn et keng wou si am Conseil setzen a mat Geld dru verdéngen!!! www.nalco.com Dës si vun der schwäizer Firma "Oil Treatment International" oti.ag besonnesch de Produit SOT11 a LOT11 sin Alternativen zu dem neien Tschernobyl ënner Waasser, wei d´Handelsblatt tituléiert www.handelsblatt.com Ueleg kann mat dëse Produkter a groussem Ausmooss ënner Asaz vu komplett onschiedleche Produkter ofgebaut ginn! Hei den Interview mat dem Patron vun Oil Treatment International www.2shared.com

Ech zielen op Iech fir dëse Mëssstand zur Thematik ze bréngen.
Merci a mes respects

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Fro zum Thema Wirtschaft
25.04.2013
Vum:
Sylvie Feyder

Cher M. Engel

Hei ass en Aktiounsplang vun der EU-Commissioun, ec.europa.eu

Eng Neiausriichtung vum Europaësche Saatgutverkehrsrecht ass absolut dringend erfuerderlech. Well die aktuell Regelungen hunn zu engem massive Verloscht u landwirtschaftlecher Vielfalt an de leschte Jorzengte gefouert. Spezifesch Ufuerderungen vu landwirtschaftleche Betrieber, die iwert d’Produktivitéit vun Zorten eraus ginn wie z.B. Resistenzen geint verschidde Saachen wie Buedemverhältnisser, Temperaturen, Schädlingen(Mischkultur) goufen trotz Nofro duerch d’KonsumentInnen staark ageschränkt, well eben d’BigPlayer an deem Saatgutbuisseness di namlecht sinn die d’Pestiziden an d’Petro/Chemodüngeren produzéieren, Dow, Monsanto, BASF, BAYER, Pioneer asw.

Elo well d’EU-Kommissioun dëse Firmen nach mei Korporatismus géint de fräie Marché ermeiglechen mat dësem Gesetzesprojet ec.europa.eu

Weini stëmmt Dir als Souverän fir d’Rechter fir eis 400Milliounen Europaer ze stärken, iwert dëst Gesetz am EU-Parlament of, an waert Dir Iech fir oder géint dëst Gesetz entscheeden a kennt Dir äre Vote rational begrënnen?

Wann dir Iech fir e Jo décidéiert, déidéiert Dir da net fin de compte géint eng grondlegend neideg Kehrtwende am Saatgutrecht an an der Praxis vun der Ziichtung an den Eegentumsverhältnisser am Saatzucht-Beräich an verhënnert Dir da net aktiv:

  • d’Vielfalt vun de landwirtschaftleche Planzenzorten

  • d’Qualitéit vun der Erntesteigerung

  • d’Landwirtschaft méi emwelt- an mënschefrëndlech ze gestallten?

Wann Dir fannt dass dës Argumenter keng Validitéit hunn, bieden ech Iech dann dës och objektiv, rational ze widerlëen.

Hei nach e Léisungsusaaz: www.saatgutkampagne.org

mes respects

Bisher ist noch keine Antwort eingetroffen.
X
Är Fro un Frank Engel
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.