Frank Engel (CSV)
Kandidat EU-Walen 2009
Dieses Profil dient zu Archivzwecken, eine Befragung ist nicht mehr möglich. Besuchen Sie das aktuelle Profil.

Frank Engel
Joergang
1975
Berufflech Qualifikatioun
Jurist
Ausgeübte Professioun
CSV-Fraktiounssekretär
Uertschaft
-
Walkrees
Europa
Landeslëschteplaatz
-
(...) Här Posing,

Dir stellt eng intressant a komplizéiert Fro. Nordkorea ass kee Stat wéi en aneren. Ech kennen e gutt, well ech war schon e puer Mol do. Et ass e Stat, an deem et net virstellbar ass, datt d´Populatioun sech géint d´Herrschaft vun der Kim-Dynastie an der Arméi opleent, aus zwee Grënn: déi Leit gi vun all Informatioun aus dem Rescht vun der Welt ewech gehalen, si kréien se ganz einfach net, an de Stat a seng Propaganda sinn iwerall an ëmmer präsent. An anere Wieder: d´Nordkoreaner wëssen zum gudden Deel net, wéi schlecht et e geet, well se soss näischt kennen a soss näischt kënne gewuer ginn. D´Arméi ass 1,2 Millioune Mann staark, duerchdréngt all Famill an all Stot, an hält d´Uerdnung oprecht. Eng Revolutioun an Nordkorea ass ausgeschloss - op jidde Fall esou laang, wéi d´Kim´en sech onkontestéiert als Cheffen halen. (...)
 
weider Profiler
Froen un Frank Engel
Choix vun de Froen an Äntwerten
Noriicht u folgend Adress schécken soubal eng Äntwert antrëfft


Bitte loggen Sie sich hier ein.
Fro zum Thema Demokratie an Biergerechter
04.06.2009
Vum:

Léiwen Här Engel,

Wéi stidd dir zur Idee vun enger Kulturflatrate, also enger Taxe, déi ee pro Mount/Semester/Joer op säin (Breetband)-Internet-Access bezilt an déi engem dofir erlaabt, legal File-Sharing ze bedreiwen?

Ech denken daat et sech géif ubidden esou eppes op europäeschem Niveau anzeféieren, evtl. och mat engem Portal fir europäesch Museker/Filmer gezielt ze förderen, andeems een hier Musek do liicht kéint fannen an eroflueden.

Wann der méi wëllt gewuer ginn iwwert Kulturflatrate kann ech iech nëmmen dëse Podcast vun Netzpolitik.org, iwwregens eng ganz gutt Säit iwwert alles wat Internet an Politik ungeht, un d´Häerz lee: netzpolitik.org
Do ged och op eventuell Modalitéiten(Wéi ginn d´Downloads gezielt, ween kritt wéi vill Suen, etc.) vun esou enger Kulturflatrate a gaangen.

Elo gëtt et eng reell Chance dat déi schwedesch Piratepartei ee Setz am Europaparlament wäert kréien. Wéi gesitt dir déi Entwécklung? Hunn aner Parteien d´Entwécklungen am Internet verschlof?

Merci am Virraus fir är Äntwert!
Äntwert vum Frank Engel
bis elo kengRecommandatiounen
05.06.2009
Frank Engel
Léiw Madame ,

un däer Iddi ass wuel vill Positives, och wann ech kee ganz groussen Expert an deene Saache sinn. Prinzipiell ass dat wahrscheinlech och net problematesch - et siew dann, déi Files, déi matgedeelt ginn, hu méi komplizéiert Autorerechter, déi musse respektéiert an honoréiert ginn. Och do gëtt et jo wuel awer Léisungen.

Ech hu gewësse Sympathie fir déi "schwedesch Piraten". Et ass kloer, datt eisen Ëmgank mat intellektuelle Rechter een ass, dee sech fir eng Welt ouni Internet vill besser eegent, wéi fir eng mat. Esou oder esou stelle sie Froen a formuléiere Fuerderungen, déi wäerte musse behandelt ginn. Ech gesinn deem alles ganz opgeschloss entgéint - ëmmer virausgesat, mir fannen en Ëmgank mat Autorerechter, deen et de "Créateure" vun eppes erlaabt, vun hirer Kreatioun och ze profitéieren, ier dat, wat si geschaaft hunn, onentgeltlech an den ëffentleche Raum ka gestallt ginn.

Mat beschte Gréiss,

Frank Engel
X
Äntwert recommandéieren
Är Fro un Frank Engel
D'Froenfunktioun gouf entre-temps zou gemaach.