Här

,
Dir stellt eng intressant a komplizéiert Fro. Nordkorea ass kee Stat wéi en aneren. Ech kennen e gutt, well ech war schon e puer Mol do. Et ass e Stat, an deem et net virstellbar ass, datt d´Populatioun sech géint d´Herrschaft vun der Kim-Dynastie an der Arméi opleent, aus zwee Grënn: déi Leit gi vun all Informatioun aus dem Rescht vun der Welt ewech gehalen, si kréien se ganz einfach net, an de Stat a seng Propaganda sinn iwerall an ëmmer präsent. An anere Wieder: d´Nordkoreaner wëssen zum gudden Deel net, wéi schlecht et e geet, well se soss näischt kennen a soss näischt kënne gewuer ginn. D´Arméi ass 1,2 Millioune Mann staark, duerchdréngt all Famill an all Stot, an hält d´Uerdnung oprecht. Eng Revolutioun an Nordkorea ass ausgeschloss - op jidde Fall esou laang, wéi d´Kim´en sech onkontestéiert als Cheffen halen. Sollt dat eng Kéier net méi esou sinn, gëtt et méi kriddlech, well Hardliner aus Arméi a Partei deenen do entgéint stinn, déi eng méi "liberal" Approche hunn. E Konflikt tëschent dësen zwou Gruppe gëtt bis elo just duerch d´Präsenz vum Kim Jong-Il a senger Famill verhënnert.
Lëtzebuerg huet keng Kooperatiouns-Relatioune mat Nordkorea. Eis Positioun zur aktueller Atom-Problematik an deem ganze Rescht ass déi, datt ee Nordkorea muss derzou bréngen, sech un international Rechtsnormen ze halen. Dat wäerten se awer net maachen, well d´Kategorie vun international rechtlech encadréiertem Behuelen einfach egal sinn. Dat muss een zur Kenntnis huelen.
Menger Meenung no géif et just eppes, wat op Dauer géif hëllefen, an dat wir, se duerch massiv international Implikatioun, mat alle méigleche Besich a Géigebesich, derzou ze kréien, sech e bëssen ze änneren. Dat ass zwar schwiereg a laangwiereg, mee eppes anescht gesinn ech net wierklech hëllefen. Bis elo bleiwt jo bal all Mënsch aus Prinzip do ewech, wat derzou féiert, datt se alleng sinn a quasi keen Auslänner sech am Land ophält. Wann dat géif änneren, kéint sech och Nordkorea änneren. Natierlech stellt sech déi éiweg Fro, op ee mat allzeville Kontakter net de Régime suguer ënnerstëtzt, an et ass och méiglech, datt sie elo kaum nach een an d´Land eraloossen- mee dat ännert nees, fréier oder spéider. Ausserdeem ass et kruzial, datt hir zwee grouss Noperen, China a Russland, se beknéien a beaarbechten, fir irgend eng Kéier eng Zort normale Stat ze ginn - enfin, méi normal wéi elo, op jidde Fall. Et besteet och d´Aussiicht, datt dee jéngste Fils vum Kim Jong-Il, deen am Ausland ausgebild gouf, de Régime dréit, wann en un d´Muecht kënnt - mee op en dat wäert kënne maachen, ass nach laang net sécher.
Voilà. Méi ass schwéier soen, an ech hoffen, ech hunn op d´mannst usazweis op Äer Fro kënnen äntwerten.
Bescht Gréiss,
Frank Engel